Belsche Kongo

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Belsche Kongo war den Numm vum Territoire vun der aktueller Demokratescher Republik Kongo tëscht dem 15. November 1908 bis zu senger Onofhängegkeet den 30. Juni 1960.

An deenen 52 Joer gouf de Kongo vu Bréissel aus geréiert, mä en hat seng eegen Arméi, d'Force publique ënner der Autoritéit vun engem Generalgouverneur.

Am Belsche Kongo huet sech dee gréissten Deel vun der Lëtzebuerger Kolonialgeschicht ofgespillt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Belsche Kongo ass aus dem Onofhängege Kongo evirgaangen, dee vun 1885 bis 1908 Privatbesëtz vum Kinnek vun de Belsch, dem Leopold II. war.