Op den Inhalt sprangen

Belvédère um Escher Gaalgebierg

Vu Wikipedia
Belvédère um Escher Gaalgebierg
De Belvédère (2015)
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch-Uelzecht, Gaalgebierg
Koordinaten 05° 59’ 08.7’’ E 49° 29’ 10.6’’ N
Baustil neo-klassizistesch
Architekt(en) Paul Flesch
Datum vum Bau 1936
Proprietär Gemeng Esch-Uelzecht

De Belvédère um Escher Gaalgebierg ass e Monopteros aus 10 Sailen, deen 1936 no engem Entworf vum Architekt Paul Flesch zu Esch-Uelzecht, um Gaalgebierg, iwwer dem Stadpark, opgeriicht gouf.

Bei de Bauaarbechte goufen d'stierflech Iwwerreschter vun dräi Persoune fonnt, déi do begruewe goufen, warscheinlech Leit, déi eng Kéier do um Gaalgen higeriicht gi waren.[1]

Sonndes, den 13. September 1936 gouf en, am Kader vum 35. Anniversaire vum Verschéinerungsveräin, an enger Zeremonie ënnert dem Titel "Fêtes de la Beauté" ageweit. Dobäi gouf et moies e Cortège vun Troubadouren a Mandolinisten duerch d'Stad, an nomëttes eng Zeremonie beim Belvédère, bei där dräi jonk Dammen, déi als Pallas Athene, Artemis an Aphrodite verkleet waren, mat dobäi waren. Owes hunn d'Turnerinne vun der Eschois, och a griichesche Kostümen, zu griichescher Musek rhythmesch Dänz opgefouert.[2],[3]

Virun dësen Zeremonie war e Kongress, op deem e kantonale Verschéinerungsveräi gegrënnt gouf. De Pavillon Belvédère war dann och konzipéiert, fir de Park um Gaalgebierg no uewen hin ofzeschléissen.

1937 koum e Kofferdaach op de Belvédère.[4]

E krut den Numm Belvédère well een deemools vun do eng gutt Vue no Norden an Nordwesten iwwer den Uelzechtdall an deelweis bis an d'Areler Land eran, hat. Mëttlerweil ass déi Vue scho laang duerch Beem verspaart.

  • J. Van Dooren: Les 'Fêtes de la Beauté' à Esch-sur-Alz. in: La Meuse; ofgedréckt am Escher Tageblatt vum 28.9.1936.
  • Artikel Le Belvédère Gaalgebierg, S. 294 am Buch: 100 Joer Esch - 1906-2006, Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.), 2005, Éd. G. Binsfeld, 480 S., ISBN 2-87954-149-2

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Chronique locale: Esch-Alz. Au Mont de la potence." In: Luxembourg, 2. Jg., nº 148 (27.05.1936), p. 3. (Digitised by the National Library of Luxembourg).
  2. Obermoselzeitung vum 09.09.1936.
  3. Obermoselzeitung vum 17.09.1936.
  4. Obermoselzeitung vum 15.05.1937.