Belval-Gebléishal

Vu Wikipedia
Belval-Gebléishal
(Okt. 2007)
Land Lëtzebuerg
Plaz Belvak
Koordinaten 49° 30’ 8.8’’ N 5° 56’ 58.72’’ E
Baustil Industriearchitektur
Datum vum Bau 1910, 1917 vergréissert

D'Gebléishal ass eng Maschinnenhal vun der fréierer Arbed Belval, um Belval, déi 1910 opgeriicht gouf, an 1917 ëm zwou Achsen an nërdlecher Richtung vergréissert gouf. An hir gouf tëscht 1911 an 1997 ënner anerem de Wand produzéiert, deen, nodeems en erhëtzt gouf, an d'Héichiewe geblose gouf, fir d'Glous unzefachen.

D'Gebléishal ass 161 m laang, 74,25 m breet a se ass 30 m héich. Se huet Suedeldiech mat enger schwacher Pente, mat Daachliicht vun uewen.

1996 gouf de Betrib opgehalen an 2003 goufen d'Niewegebaier ofgerappt. D'Hal gouf am Kader vum Kulturjoer 2007 fir eng Ausstellung iwwer Nohaltegkeet mam Titel All we need benotzt. De grousse Schrëftzuch All we need ass bis haut der Nord- a Südsäit vum Gebai ze gesinn. En Deel vun der Hal gouf bis Summer 2020 als Fourrière benotzt[1].

Fir Esch 2022 war am sougenannte Bidbook (der Soumissioun fir de Projet), d'Gebléishal als en zentraalt Gebai, ënner anererm als Sëtz vun den Organisateuren, ma och fir kulturell Manifestatiounen, virgesinn. Nodeems awer Analyse gewisen hunn, datt opwänneg Reperaturaarbechte missten um Daach gemaach ginn, ier d'Gebai fir de Public opgemaach géif, gouf dës Iddi am Mee 2019 definitiv fale gelooss.[2]

D'Kulturministesch Sam Tanson sot 2019 an der schrëftlecher Äntwert op eng parlamentalesch Fro, d'Gebléishal sollt fir eng "sënnvoll an nohalteg Notzung" erhale ginn; wat genee dermat geschéie soll, stéing awer nach net fest.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Belval: Gebläsehalle hat als Polizeihof ausgedient." wort.lu, 22.09.2020.
  2. 2,0 2,1 "Gebläsehalle steht 2022 nicht zur Verfügung." wort.lu, 07.05.2019.