Op den Inhalt sprangen

Belval-Héichiewen

Vu Wikipedia
D'Héichiewen A a B, speziell beliicht

Tëscht 1965 an 1979 goufen d'Héichiewen op Arbed-Belval duerch méi moderner a méi grousser ersat. Déi nei waren d'Héichiewen A, B an C. Si hu gläichzäiteg déi vun Terres Rouges ersat, déi manner rentabel waren, an zougemaach goufen.

Dat war awer net fir laang, well dee gréissten, den Héichuewen C, gouf 1996 un d'Volleksrepublik China verkaaft, an ënner der Opsiicht vu chineeseschen Ingenieuren demontéiert, a Këschte verpaakt an a China bruecht.

De Betrib vum Héichuewe B, deem leschten Héichuewen, deen zu Lëtzebuerg aktiv war, gouf den 28. August 1997 gestoppt.

Déi lescht Héichiewen A a B mat hirem Ëmgeréits stinn zanter 2001 am Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter[1].

Se hunn eng Héicht vun 82, respektiv 90 m.

Den 29. Juni 2010 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, dat et der Regierung erlaabt, fir 27 Milliounen Euro déi zwéin Héichiewen um Belval z'entraschten an ze sanéieren. Den Héichuewen A gouf komplett sanéiert, iwwerdeems de B aus Käschtegrënn just als Silhouette stoe bliwwen ass. D'Iddi, donieft e Centre national de la culture industrielle ze bauen, gouf, och aus Käschtegrënn, an deem Gesetz net berücksichtegt[2].

De 4. Juli 2014 gouf de renovéierte Site ageweit. Et kann een ewell den Héichuewen A besichen, wou ee bis an d'Hallschecht eropklamme kann[3].

Den Héichuewen C zu Anning

[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems en zu Belval ofmontéiert gi war, gouf den Héichuewen C zu Anning, an der chineesescher Provënz Yunnan, vun der Kunming Iron & Steel Company als Héichuewen #6 nees opgebaut an am Dezember 1998 a Betrib geholl. Et war dunn de fënnefgréissten Héichuewen a China. An de Joren dono huet en do weider 26 Milliounen Tonne Goss produzéiert. 2011 gouf e moderniséiert, sou dass an de Jore bis 2020 bis zu 1,84 Milliounen Tonnen d'Joer produzéiert konnte ginn.

2021 gouf en endgülteg ausser Betrib geholl, an dee ganze Site vu Kungang, wou e stoung, gouf zougemaach, iwwerdeems zu Caopu, eng 20 km vun do ewech, eng nei Schmelz opgemaach huet. Den Héichuewen #6 gouf, mat 11 aneren Installatiounen zu Anning, als Industrieierfschaft deklaréiert a gëtt erhalen.[4]

 Commons: Blast furnaces A and B in Belval, Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
  2. "Verjüngungskur für Hochöfen. Parlament beschließt, mit dem Zentrum für Industriekultur zu warten." wort.lu, 29.06.2010 18:00; "Belvaler Hochöfen werden (teil-)renoviert. " tageblatt.lu 30.06.2010 07:42.
  3. Fête des Hauts Fournaux op belval.lu.
  4. Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH): "Industrial History in Action." uni.lu, 23.07.2025.