Ben Fayot

Vu Wikipedia
Ben Fayot
am Joer 2014
Gebuer 25. Juni 1937
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Historiker, Journalist
Partei LSAP
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Kanner Franz Fayot

De Ben Fayot, gebuer de 25. Juni 1937 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche pensionéierte Secondairesprofessser, Historiker an LSAP-Politiker.

De Ben Fayot huet zu Paräis op der Sorbonne an duerno um Institut d'Etudes politiques studéiert. Bis 1984 war hie Sproocheprofesser am Athénée de Luxembourg an um ISERP.

Politiker[änneren | Quelltext änneren]

Politesch huet hie sech an der LSAP engagéiert. Hie war Member vun hirem Comité-directeur 1978 bis 1997, a vun 1985 bis 1997 hire President.

1981 ass hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt ginn, a gouf duer all Kéier nees erëmgewielt. 1984 bis 1989 war de Ben Fayot Deputéierten an der Chamber. Vun 1999 bis 2013 (2004 an 2009 erëmgewielt) war hien nees Member vun der Chamber.

Hie war vum 25. Juli 1989 bis den 19. Juli 1999 Member vum Europäesche Parlament.[1],[2]

De Ben Fayot war ee vun de lëtzebuergesche Membere vun der Europäescher Konventioun déi vum fréiere President vun der franséischer Republik Valéry Giscard d'Estaing geféiert gouf.

Auteur[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass Coauteur vu Franséisch-Bicher fir d'Klasse VIIe bis Ve, mä virun allem den Auteur vum Standardwierk iwwer d'Geschicht vum Sozialismus zu Lëtzebuerg an 2 Bänn (1979 an 1989). Soss huet hien eng sëllegen historesch Studie publizéiert, an hien ass reegelméissege Mataarbechter vum Tageblatt a vun aneren Zeitungen an Zäitschrëften.

De Ben Fayot ass bestuet a Papp vun 3 Kanner, dorënner de Franz Fayot.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Sozialismus in Luxemburg; 1. Band (bis 1940), Lëtzebuerg, 1979 & 2. Band (bis am Ufank vun den 80er Joren), Lëtzebuerg, 1989.
  • (mat den Historikerkolleegen Serge Hoffmann, Jacques Maas a Raymond Steil), 100 Joër sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés; Lëtzebuerg (Édition La Mémoire Socialiste), 1997; 171 S. (ill.); ISBN 2-919908-00-6
  • 100 Joër sozialistesch Partei zu Lëtzebuerg; Lëtzebuerg, 2003.
  • Langues, nationalité et identité nationale au Luxembourg; in: 400 Joer Kolléisch, Band IV ("Hommage à l'Athénée"); Lëtzebuerg (Saint-Paul), 2003; Ss. 73-83.
  • (ënner dem Pseudonym Le Huron), Chroniques d'une élection annoncée; Lëtzebuerg (d'Lëtzebuerger Land), 2004.
  • (mam Alex Bodry), 120 Jor sozialistesch Députéiert an der Lëtzebuerger Chamber - Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés; ergänzt Neiausgab vum Buch 100 Joër sozialistesch Députéiert (...); Lëtzebuerg (LSAP-Fraktioun), 2016.
  • Toute la vie pour apprendre - Histoire de l'éducation des adultes au Luxembourg; Lëtzebuerg (Édition Chambre des Salariés), 2016; 349 S. (ill.); ISBN 978-2-919888-63-4
  • Andrée Mayrisch et l'éducation des jeunes ouvriers; in: Galerie - Revue culturelle et pédagogique 34 (2016), Nr. 3; Ss. 361-388 (ill.).
  • Des "Associations pour l'Éducation Populaire" aux "Centres Culturels et d'Éducation Populaire"; in: Galerie - Revue culturelle et pédagogique, 36 (2018), Nr. 1; Ss. 9-30.
  • Jeux de pouvoir autour de l'Institut d'histoire du temps présent; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 21. Mäerz 2015; S. 19 (Rubrik "Analyse und Meinung").
  • De l'ancien au nouvel Athénée (Erënnerungen); in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); 2 Bänn; Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), 2018; hei, Bd. I, Ss. 158-161.
  • Il y a cinquante ans: La fin de la collation des grades; in: Galerie 36 (2018), Nr. 2; Ss. 192-224.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Interviewen[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ben Fayot – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Les anciens Députés luxembourgeois op der Websäit vum Europaparlament
  2. Portrait vum Ben Fayot op der Websäit vum Europaparlament
  3. Kopie vun enger Säit vun der Chamber, am Webcache vu Google, mat der Lëscht vun de Gielercher vun der Chamber aus dem Joer 2004
  4. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/