Ben Heyart

Vu Wikipedia
Ben Heyart
Gebuer 18. November 1927
Lëtzebuerg
Gestuerwen 26. Februar 2009
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Kräiz vum Ben Heyart an der Kierch zu Walfer

De Ben Heyart, gebuer den 18. November 1927 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 26. Februar 2009[1], war e lëtzebuergesche Moler.

Hien huet e Studium op der École nationale supérieure des beaux-arts de Paris an op der Académie Julian gemaach. Duerno huet hien nach op der Académie royale des beaux-arts de Bruxelles studéiert.

Vun 1957 un war hien Zeecheprofesser an der Lycée de garçons de Luxembourg an am Kolléisch an der Stad.

De Ben Heyart war als kreative Kënschtler a ville Gebidder doheem. Hien huet net nëmme Biller gemoolt, mä och Mosaicker a Glasfënsteren entworf, wéi an der Kierch zu Steesel oder de Kräizwee an der Kierch um Belair

Seng Wierker goufen zu Lëtzebuerg an och am Ausland, wéi zu Tokyo, Paräis, Berlin an Amsterdam, an Ausstellunge gewisen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. tageblatt.lu