Ben Scheuer

Vu Wikipedia
Ben Scheuer
Gebuer 7. Mee 1980
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei LSAP


De Ben Scheuer, gebuer de 7. Mee 1980 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker.

Hien ass zanter 2006 Bankbeamten.

An der Folleg vun de Chamberwale vum 7. Juni 2009, wou hien op der LSAP-Lëscht fir de Walbezierk Oste kandidéiert huet, ass hien an d'Chamber 'nogeréckelt', nodeem den Nicolas Schmit Minister gouf. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien den 3. op der Lëscht vun der LSAP am Walbezierk Osten a koum mat deem Resultat net an d'Chamber.[1]

De Ben Scheuer ass de Jong vum Jos Scheuer.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Resultat vun de Chamberwalen den 20. Oktober 2013 am Walbezierk Osten
  2. « Compte-rendu des séances publiques n°7 - Séance extraordinaire 2013-2014 », op https://www.chd.lu/