Ben Streff
Ausgesinn
| Ben Streff | |
|---|---|
| Gebuer |
30. Januar 1995 Lëtzebuerg |
| Alter | 31 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | LSAP |
| Fonctioun | Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
|
| |
De Ben Streff, gebuer den 30. Januar 1995 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).
Hien ass, zanter e 14 Joer al ass, Member vun der LSAP. 2023 gouf hien an de Gemengerot vu Bäerdref gewielt. Am Oktober 2025 huet hien eng nei LSAP-Sektioun Mëllerdall gegrënnt.[2]
Bis Januar 2026 war hie Parteimanager a Bezierkspresident Oste vun der LSAP. Hie war du vun deene Posten zeréckgetrueden, well hien der Fraktioun virgeworf hat, si wier ze „passiv“ a „bleech“.[2]
Zanter dem 9. Juni 2026 ass hien Deputéierten an der Chamber, wuer en als Zweetgewielten am Bezierk Oste bei de Chamberwalen 2023 fir d'Paulette Lenert nogeréckelt ass.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Ben Streff | Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. www.chd.lu. Gekuckt den 10.06.2026.
- 1 2 Martina Folscheid: "Rebell-Rückkehrer Ben Streff: 'Es passt kein Blatt zwischen uns'." wort.lu,30.05.2026.
- ↑ "Ben Streff tritt die Nachfolge von Paulette Lenert an." wort.lu, 09.06.2026.
