Benelux-Mathematik-Olympiad

Vu Wikipedia

D'Benelux-Mathematik-Olympiad (ofgekierzt BxMO) ass eng interregional Kompetitioun, déi sech un déi bescht Mathematik-Schüler aus dem Enseignement secondaire vun den dräi Benelux-Länner riicht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Benelux-Mathematik-Olympiad war fir d'éischt vum 8. bis den 10. Mee 2009 an Holland, zu Bergen op Zoom. Haaptinitiateur war de lëtzebuergesche Mathematiks-Professer Charles Leytem aus dem Lycée classique de Diekirch.

D'Kompetitioun huet d'Zil, iwwer den Niveau vun der Olympiade mathématique belge erauszegoen an d'Schüler op eng eventuell Participatioun bei der Internationaler Mathematik-Olympiad virzebereeden.

An de Joren 2011, 2015 an 2018 gouf d'Kompetitioun vum Charles Leytem an dem Pascal Zeihen am Lycée classique de Diekirch zu Miersch organiséiert.

Oflaf[änneren | Quelltext änneren]

Jiddwer Benelux-Land kann eng Ekipp vu maximal 10 Schüler an d'Kompetitioun schécken. D'Epreuve besteet dran, bannent 4,5 Stonne véier schwéier Mathematiksproblemer, dorënner dräi Problemer vun IMO-Niveau ze léisen. Pro Léisung kann ee bis zu 7 Punkte kréien; den Total läit also tëscht 0 an 28 Punkten.

Déi bescht Schüler kréie Gold-, Sëlwer- oder Bronze-Medailen iwwerreecht, wéi op der Internationaler Mathematik-Olympiad.

Resultater[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun alle BxMO-Kompetitiounen, déi bis elo waren, a vun alle Lëtzebuerger, déi eng Medail kruten:

Datum Plaz Gold Sëlwer Bronze
8.-10. Mee 2009 Bergen op Zoom Pierre Haas
Jingran Lin
Marc Sinner
23.-25. Abrëll 2010 Amsterdam Grégoire Genest
Philippe Schram
Steve Muller
6.-8. Mee 2011 Miersch, am LCD Grégoire Genest
Jérôme Urhausen
20.-22. Abrëll 2012 Wépion Patrick Meurin
26.-28. Abrëll 2013 Dordrecht Christina Meyer
2.-4. Mee 2014 Bruges Gilles Englebert Christina Meyer
Charel Thull
8.-10. Mee 2015 Miersch, am LCD Gilles Englebert
29. Abrëll - 1. Mee 2016 Soest
5.-7. Mee 2017 Wépion Martin Rakovsky
27.-29. Abrëll 2018 Miersch, am LCD
26.-28. Abrëll 2019 Valkenswaard Angelina Kysil
2020 an 2021 goufe wéinst der COVID-19-Pandemie just virtuell Kompetitiounen am Mee ofgehalen. D'Schüler waren invitéiert, déi proposéiert Problemer bei sech doheem ze léisen.
29. Abrëll - 1. Mee 2022 Louvain Victor Guilbert
5.-7. Mee 2023 Esch, am LGE

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]