Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Benni)
Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois
vu(n) Dikrech
op Veianen
opgaangen 9. Abrëll 1889
zougemaach 2. Mee 1948
Technesch Donnéeën
Längt 14 km
Gréisst Steigung 32,5 ‰
Spuerbreet Meterspuer
Streck
Garen, Brécken, Tunnellen PK
Uschloss Ettelbréck-Waasserbëlleg
Gare Dikrech 0,00
Dikrech Stad 1,570
Gilsdrëffer Bréck 2,870
Blees 3,499
Bleesbréck 3,630
Baastenduerf 4,689
Tandel 6,543
Tandeler Baach 7,057
Waalsdref 8,030
Furen 9,504
Bëttel 11,487
Our 13,007
Rueter Strooss 13,606
Veianen 14,186

D'Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen, Benni oder Benny genannt[1], war eng Lëtzebuerger Schmuelspuer- a Kantonalbunn déi vun Dikrech iwwer Tandel, Furen a Bëttel op Veianen gefouert huet.

D'Streck déi mat enger Längt vu 14,11 km mam Gesetz vum 28. Abrëll 1896[2] gegrënnt gouf, ass den 9. Abrëll 1889[1] opgaangen a gouf vun der Société anonyme des chemins de fer cantonaux luxembourgeois bedriwwen. Wéi 1934 déi dräi Schmuelspuer-Eisebunnsgesellschafte fusionéiert hunn, gouf se vun der Chemins de fer à voie étroite de l'État exploitéiert. Wärend der Zäit vum Zweete Weltkrich huet d'Deutsche Reichsbahn d'Exploitatioun iwwerholl, ier se 1946 an d'Hänn vun der CFL goung.

Den 2. Mee 1948 gouf d'Streck zougemaach[1][3], well se net méi rentabel war. Mam groussherzoglechen Arrêté vum 3. Mee 1948 ass de Benni mat Autobussen a Camionen ersat ginn[4].

Uganks gouf – wéi fir déi aner Schmuelspuerbunnen – och fir d'Streck Dikrech-Veianen vum Jangli geschwat. Wéi awer 1925 Motricen agesat goufen déi mat Benzol ugedriwwe goufen, koum de Spëtznumm Benni net vu wäit hier[5]

Fir un de Benni ze erënneren[änneren | Quelltext änneren]

  • Haut erënnert zu Veianen e Sightseeing-Zichelchen, mam Numm Benni, un dee fréieren Zuch.
  • D'Vëlospist PC23 heescht offiziell itinéraire cyclable Benni.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Dikrech-Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Linn Dikrech - Veianen op rail.lu, gekuckt den 19. Mäerz 2023
  2. (fr)Loi du 28 avril 1886 concernant la concession de trois lignes de chemins de fer secondaires. legilux.public.lu (28.04.1886). Gekuckt de(n) 18.03.2023.
  3. (de)Ern Breuskin, Zwischen Diekirch und Vianden, Vor 75 Jahren stellte die Schmalspurbahn Benni ihren Dienst ein.. wort.lu (2.5.2023). Gekuckt de(n) 2.5.2023. // Das Aus für den "Benni", Luxemburger Wort, 2. 5. 2023, S. 12-13
  4. (fr)Arrêté grand-ducal du 3 mars 1948 portant suppression du service ferroviaire sur les lignes de Grundhof à Beaufort, de Cruchten à Larochette et de Diekirch à Vianden et son remplacement par un service d'autobus et de camions. legilux.public.lu (03.03.1948). Gekuckt de(n) 19.03.2023.
  5. Federmeyer, Ed. Schmalspurbahnen in Luxemburg. Bd 1, S. 5 - Luxemburg: G.A.R., 1992. Print. ISBN : 3-921980-46-1
  6. Inauguration der Cantonalbahn Diekirch Vianden. Luxemburger Wort (10.4.1889, S. 3). Gekuckt de(n) 2.5.2023.