Op den Inhalt sprangen

Benotzer:Anehn

Vu Wikipedia

Dr. Margot Antony – Scheffold

  • 31/07/65 Bad Neustadt/Saale

D’Margot Scheffold ass däitscher Nationalitéit. Si ass mat dem Lëtzebuerger Patrick Antony bestuet a wunnt mat hirem Mann zu Rëmëléng.

Hirt Abitur huet si zu Fürth am Heinrich – Schliemann Gymnasium gemaach. Op der Universitéit Erlangen huet si Neuere Deutsche Literaturwissenschaft, Iberoroman, Philologie an Islamwëssenschaft studéiert.

Duerno huet si zu Granada op der EUTI (Escuela Univ. de Traductores e Intérpretes) den « Diploma Estudios Hispánicos » gemaat.

Op der Universitéit Bamberg huet si Romanistik m SP. Hispanistik ; Germanistik m. SP Literaturwissenschaft an Arabistik beluegt an ofgeschloss mat dem Dr.phil. Universität Bamberg: Arabistik; Nebenfächer: Hispanistik; Germanistik.

Déi promowéiert Journalistin huet lange Joeren am spueneschen an am arabesche Sproochraum geliewt. ( Spuenien, Argentinien an Ägypthen ). Si schwätzt spuenesch, englesch, franséisch, arabesch, portugisesch a lëtzebuergesch.

Bis zu hirer Hochzäit woar si ënner anerem Leitend Redakteurin beim Bayresche Fernsehen. Sie huet wëssenschaftleche Bicher ewéi „Doppelte Heimat?“ an „Authentisch arabisch und dennoch modern?“ geschriwen, déi am Klaus Schwarz Verlag, Berlin erauskoumen.


An hirem éischte Joer hei zu Lëtzebuerg huet si als Chefredakteurin D'Zeitung vun der HORESCA gemaach. Haut schafft si als fräi Kanner – a Jugendbuchautorin. Sie ass Autorin vun enger Rei vu Kannerbicher ewéi d’Serie „Tierärztin Tilly Tierlieb“ am Baumhaus Verlag.( bis elo 9 Bänn, déi et och an italieenescher Sprooch gët) oder d’Lesepiraten Prinzessinnengeschichten an d’Lesepiraten Ostergeschichten am Löwe Verlag. Och am Schneider Verlag kommen 2008 nei Geschichten vun hir eraus: „Kims Feuerwerk der Gefühle“ an „Sommer“ Roman zum Film. Verschidden vun hire Bicher aus der Rei „Tilly Tierlieb gët et och als Hörbuch.