Op den Inhalt sprangen

Benotzer:Annaandervieso

Vu Wikipedia

Multikulturalissem zu Lëtzebuerg

Multikulturalissem zu Lëtzebuerg ass en immenst ausgepräägten Thema am Land. Zu Lëtzebuerg treffen all Dag onzieleg Nationalitéiten openee wéi zum Beispill Portugisen, Fransousen, Däitscher, Italieener an nach vill aner Nationalitéiten. All déi Nationalitéiten hunn iwwert d'Joren geléiert zesummen an enger Gesellschaft ze liewen.

Zum Multikulturalissem gehéiert och d'Beherrsche vun den 3 offizielle Sprooche vum Land: Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch. Laut engem Artikel aus dem Lëtzebuerger Journal vun 2016 gëtt et en Auslännerundeel vu 44% a stellt soumat eng vun den héchste Rate vun der Welt duer.

De Multikulturalissem zu Lëtzebuerg spillt och eng grouss Roll an de verschiddene Reliounen. Wéinst all den Nationalitéiten, si vill ënnerschiddlech Reliounen an d'Land bäikomm. Laut enger Statistik aus dem Joer 2008 vum Centre d' Etudes de Populations sinn 73% vun den Awunner Member vun der chrëschtlecher Kierch. Dovunner sinn 68,7% kathoulesch, 1,8% Protestant an 1,9% gehéieren zu enger anerer chrëschtlecher Relioun.

D'Zieler vum Multikulturalissem si villfälteg. Zum Beispill, dass d'Mënschen aus ënnerschiddleche Kulture mateneen an d'Gespréich kommen, sech kenneléieren an ze schätze leieren. Den oppenen Ëmgang mat multikulturelle Liewensstiler suergt fir méi Verständnis an Akzeptanz.