Benotzer:Black Metall

Vu Wikipedia

Lo geet et duer mat deem Gesabbels iwwer mech duerfir stellen ech mech emol vir:

Familljenumm: Metal

Virnumm: Black

Meng Eltere ware vill an Norwegen an a Schweden, si wëssen durfir och nit méi sou richteg wou ech op d'Welt komm sinn.

Meng Mamm déi huet vill komesch op enger Bün gejaut a méi Papp huet wéi geckeg op den Double Bass geschlou.

Wann et hinnen ze kal war hun se zum Zäitverdreif alt mol eng Kierch a Brand gestach. Durfir souzen se dann och alt emol am Dokeli.

Méi Pätter de Venom huet mär awer ëmmer gehollef a meng Tata Bathory huet sech vill vun him beaflosse geloss. Mee si huet mär och dachs gehollef.

Méi Papp aas ëmmer schwäiwëll ginn wann ee gesoot huet hien hätt nationalsozialistesch Iddien, dobäi war hie just ee ganz zame Rassist deen et mol nët färdeg bruecht huet fir Black niewt engem Schwarzen ze soen aus Angscht e kriet der e puer op d'Mailer.

Fir dass eis Dynasty nët soll ausstierwen huet meng Tata dun eng nei Linn gegrënnt mat irgend sou engem Komiker de Viking gehescht huet. Si hate mech och wëllen adoptéeiren, awer de Numm viking-Metal ass mär nët gaang du sinn ech einfach Black bliww.

Am héiche Norden hun ech et dun och nit méi ausgehaal a sinn no Süde gezunn. Gott sei Dank war ech nët méi do wéi d'Kiech zu Bergen gebrannt huet, soss wier ech nach vläicht mat op de Paanesch gaang.

Et waren der och epuer derbai obschon se sech als Grof ausginn hunn ëmmer vun sou Adolfen a Josefen a Pot-Polien geschwäremt hun. Daat war echt fir d'Flemm ze kréien.

A waat nach méi schlëmm war: Si hu mat Steng op Verluere Paradäiser gehäit an een deen haat d'Schroutflënnt de verkéierte Wee am Grapp. Dee konnte se mam Staubsauger zesummekieren.

Fir haut geet et elo duer. De Rescht verzielen ech iech wann ech déi nächste Kéier an Stad kommen fir meng Gitarr ze flécken. Black Metall 14:45, 9 Oktober 2006 (UTC)