Benotzer:Catherinedd

Vu Wikipedia
Logo vum Lëtzebuergesche Roude Kräiz
Siège vum Roude Kräiz am Stater Park

D'Croix-Rouge luxembourgeoise, déi National Rout-Kräiz-Gesellschaft vu Lëtzebuerg, ass en Deel vum Mouvement international de la Croix-Rouge et du Croissant-Rouge.

Sou wéi all déi aner Croix-Rougen a Rouden-Hallefmount op der ganzer Welt, hält sech och déi Lëtzebuerger Croix-Rouge un déi siwe Grondprinzipien[1]:

  • Mënschlechkeet (engl. Humanity)
  • Onparteilechkeit (engl. Impartiality)
  • Neutralitéit (engl. Neutrality)
  • Unofhängigkeet (engl. Independence)
  • Fräiwëllegkeet (engl. Voluntary Service)
  • Eenheet (engl. Unity)
  • Universalitéit (engl. Universality).

D’Zil vum Roude Kräiz ass de Mënschen a Gefor ze hëllefen. Jidderee soll d’Méiglechkeet hunn an enger gewësser Autonomie a Würd ze liewen. D'Roud Kräiz versicht Mënschen an Noutsituatiounen ze retten

a probéiert Situatioune vu gesondheetlecher, kierperlecher oder sozialer Hierkonft ze verhënneren. (Wat heescht dat??)

Mat dëser Mobiliséierung fir d’mënschlech Solidaritéit versichen si virbildlech, effizient a verantwortungsbewosst ze handelen.

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

D'Devise vum Roude Kräiz ass d’Liewensbedingunge vun de Schwaache vun onseree Gesellschaft ze verbesseren.  

D'Lëtzebuerger Roud Kräiz breet sech an insgesamt zwee grouss Beräicher aus mathëllefs vun humanitären Asätz. D’Organisatioun setzt sech vir d’Entwécklungshëllef an Nouthëllef an:

?? ënner no activité gëtt et 4 Beräicher!!
  1. D'Lëtzebuerger Roud Kräiz bedeelegt sech u Projete fir den Erëmopbau (vu wat???) a bitt seng Ënnerstëtzung an aarmen an ënnerentwéckelte Länner un. D'Roud Kräiz setzt sech als Zil de Gesondheetssystem ze verbesseren, wéi zum Beispill d’Behandlung vun de Kranken an d'Vermeidung vun der Ausbreedung vu Krankheeten. Dozou wëll d’Organisatioun déi Gesellschaft, déi vun Naturkatastrophe betraff ass, mat der Ausrëschtung (vu wat???) a Sensibiliséierung (?????) ënnerstëtzen.
  2. Zousätzlech kënnt d'Roud Kräiz direkt zum Asaz wann eng Bevëlkerung enger Natur- oder enger anerer Katastroph ausgesat ass. D’éierenamtlech Rettungshelikopter (en Helikopter kann net éierenamtlech sinn, héchstens d'Leit) kënnt zum Asaz fir déi verletzt Persounen no enger Katastroph ze fannen. D'Roud Kräiz hëlleft och andeems si Hëllefstransporter finanziell ënnerstëtzen. Fir d’Verdeelung vu Giddertransport hëlleft och d’Nouthëllef ERU Relief Benelux[2]. D'Roud Kräiz organiséiert och Projetë fir den Erëmopbau vu Regiounen, déi zerstéiert goufen.

D'Roud Kräiz kann op Ufro vum Lëtzebuerger Staat zum Asaz kommen. D’Konditioun ass datt eng Nout fir humanitär Hëllef besteet. Da gëtt d’Nouthëllef ERU fir d’Verdeelung vun Hëllefszenter oder Rettungstafeln fir d’Sich vu Vermëssten oder Verletzten oder fir d’Bereetstellung vun Noutestänneren (????) zur Verfügung gestallt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Croix-Rouge luxembourgeoise gouf 1914 an d'Liewe geruff[3] a gouf dat selwecht Joer vum Comité international de la Croix-Rouge unerkannt.

Den Ufank vum Lëtzebuerger Roude Kräiz geet zeréck bis zum Éischte Weltkrich[4]. D'Groussherzogin Marie-Adelheid huet Appell un d'Lëtzebuerger Generositéit gemaach an huet sech bereet erkläert de Patronage iwwer eng humanitär Organisatioun z'iwwerhuelen. D'Grande-Duchesse huet sech un den Artikel 11 vun der Genfer Konventioun iwwer d'Besserung vum Schicksal vu Verletzten a Kranken am Asaz um bezunn. Den 8. August 1914 (wat war den 8.8.???), haten den Emile an d'Aline Mayrisch vill Aufgaben ze erleedegen, ënner anerem war den Emile Mayrisch President vum Staatsrot, Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.

Am Oktober 1914, gouf d'Grënnung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz vun Internationale Kommitee vum Roude Kräiz unerkannt. Aline an Emile Mayrisch hu Mathëllef vun der Organisatioun de Kampf géint d'Leiden, den Doud an d'Verzweiwlung opgeholl.

Dowéinst hunn si hiren eegene Setzwo an Diddeleng an ee Krichs-Klinick. (wat heescht dat????)

D'Roud Kräiz huet de Verletzten a Krichsgefaangenen, déi Lëtzebuerg passéiert hunn, tëschent 1914-1918 Hëllef ugebueden. Nom Krich wollt d'Roud Kräiz d'Friddensmissioun ausdeenen an déi sanitär Hygiène a Versuergung verbesseren.

1921 ass d'Roud Kräiz der Liga vun den Organisatioun vum Roude Kräiz bäigetrueden, zanter 1991 Mouvement international de la Croix-Rouge et du Croissant-Rouge genannt. D'Gesetz vum 16. August 1923 ass d'Basis fir de Roud Kräiz zu Lëtzebuerg[5]. Dëst war och d'Grondlag fir d'Vervéierfachung vun den Aktivitéite wéi zum Beispill d'Nout an d'Ängschte vun der Mënschheet.

Vun 1928 bis 1940 huet d'Roud Kräiz zwou Devisen opgestallt, nämlech de Schutz vu Mam a Kand an d’Ausbildung vu Krankeschwëster am Déngscht. Et entwéckelten sech grouss Erfolleg awer och verschidde Réckschléi. Gläich huet och den Zweete Weltkrich ugefaangen. D’Bevëlkerung vum Süde gouf a Frankräich evakuéiert. D'Lëtzebuerger Roud Kräiz huet sech ëm Flüchtlingen a Studenten zu Montpellier gekëmmert. D'Lëtzebuerger Roud Kräiz gouf nom Krich duerch eng grouss Spend vum Amerikanesche Roude Kräiz ënnerstëtz. D'Roud Kräiz misst een Erëmopbau no den Erschütterunge virhuelen. Dräi Haaptiddie stoungen am Virdergrond: Éischtens déi fréier Aktivitéiten an Déngschtleeschtungen opriichtegen. Zweetens, Grënnung vun engem performante System fir Spenden ze sammelen. An drëttens, eng Verwaltung, déi déi sozial a sanitär Déngschtleeschtung sécherstellt. Zënterhier goufen eng ganz Rei vun Déngschtleeschtungen ageféiert.

Finanzéierung[änneren | Quelltext änneren]

D'Roud Kräiz gëtt engersäits duerch privat Leit mat Spenden an Ierfschafte finanzéiert. Anerersäits huet d’Organisatioun Konventioune mam Lëtzebuerger Staat ënnerschriwwen, fir seng finanziell Ënnerstëtzung z'assuréieren. Een Deel vun den Déngschte vum Roude Kräiz sinn ze bezuelen an en aneren Deel gëtt ouni zousätzlech Käschte ugebueden. Dobäi kënnt, dat vill éierenamtlech Mataarbechter an der Organisatioun schaffen.

D’Lëtzebuerger Bevëlkerung ka sech och un humanitäre Projetë bedeelegen andeems se reegelméisseg d'Roud Kräiz duerch éierenamtlech Hëllef oder duerch Spenden ënnerstëtzt. Duerch eng Ënnerzeechnung vun engem Verhalenskodex[6] fir Organisatiounen, déi un d'Bevëlkerung appelléiere Spenden ze maachen, kann d'Roud Kräiz seng Spender reegelméisseg iwwer seng Programmer informéieren.

Verwaltung[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Roud Kräiz gëtt duerch e Verwaltungsrot an en Direktiounscomité geleet.

D'Presidentin vum Verwaltungsrot[7] ass d'Groussherzogin Maria Theresa.

D'Direktere[8] [9] waren:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Déi 7 Grondprinzipien
  2. Virstellung vun der Emergency Response Unit
  3. Gesetz vun 1914 "concernant la protection des emblèmes de la Croix Rouge"
  4. d'Ufäng vum Lëtzebuerger Roude Kräiz
  5. Loi du 16 août 1923 conférant la personnalité civile à la Société de la Croix Rouge Luxembourgeoise
  6. Verhalenkodex vum Roude Kräiz
  7. De Verwaltungsrot
  8. Tageblatt Nr 65 vum 18. Mäerz 2015 Säit 22
  9. Direktiounscomité