Benotzer:CrystaL

Vu Wikipedia

Ubau vun Cannabis[änneren | Quelltext änneren]

Firbereedung:[änneren | Quelltext änneren]

Befier een ufänke well mat ubauen, muss een als éischt dat ganz Material zesummekréie fir dass och herno eng Planz entsteet. Et ginn zwou Zorte vun Ubaumethoden: Indoor an Outdoor growing. Natierlech brauch ee fir déi zwee Methoden anert Material.

Indoor growing[änneren | Quelltext änneren]

Ënnert dem Begrëff Indoor growing versteet een den Ubau vu Cannabis an engem geschlosse Raum. Sou muss een och verschidde Faktore beuechte fir dass och dann eng Planz entsteet: Fiert éischt, muss een sech bewosst sinn wou een dat ganzt mëscht, well den Ubau vun Cannabis ass illegal. Dozou kennt dass dat ganz vill kascht a punkto Stroumrechnung, well ee Planze 24/7 muss beliichte fir dass se wuessen. Dono dierf een och net vergiessen dass Planzen en zimmlech staarke Geroch vun sech ginn an sou brauch en och nach eng gutt Filteranlag. Eng Cannabisplanz brauch och eng gewëssen Temperatur fir ze wuessen. Dofir gëtt Indoor growing a Growboxe gemaach fir Temperatur ëmmer selwecht ze behalen. Fir also Indoor growing ze bedreiwe gëtt also zimmlech deier wéinst dem ganze Material an de Stroumrechnung. Dofir gräifen der vill op Outdoor growing Method zeréck.

Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Dat wichtegst bei der Growbox ass de Lifter. Deen suergt dass Loft dauernd ausgetauscht gëtt. Do gëtt et eemol de Lëftungsanlag dee Loft eranzitt an den Entlëftungsventil dee Fiichtegkeet aus der Box erausgefuerdert. Un dem Lifter ass en Aktivkohlerfilter AKF unbrouegt deen dofir suergt dass kee Geroch aus dem Entlëftungsventil erauskënnt. En Ventilator dierf och net feelen, deen ass fir Zirkulatioun vun der Loft an der Box noutwenneg. Zum Schluss hun mer nach eng staark Luucht déi Sonn ersetzt a soumat de Wuesstem erméiglecht.

Fonctionnement gesäit sou aus dat frësch Loft duerch Lëftungsanlag a Box kennt. No enger Zäit vun der Luucht erhëtzt gëtt an duerch den AKF filtréiert gëtt an zum Schluss duerch den Entlëftungsventil erauskënnt.

 Outdoor growing[änneren | Quelltext änneren]

Ënnert dem Begrëff Outdoor growing versteet een den den Ubau vu Cannabis an der Natur ënnert der Sonn. Planz wiisst sou nom Joreszyklus: Se keimt am Frühlung a stierft am Hierscht. Bei der Keimung wiisst beim Som en klenge Sämling erun. An der Wuesstemsphase wiisst Planz an Héicht an ant Breet. Sou entstinn déi éischt Blieder an Zweigen. No der Wuesstemsphase kennt Blütephase wou et dann zou der Produktioun vun THC kennt.

Virdeeler an Nodeeler vum Outdoor growing:[änneren | Quelltext änneren]

Outdoorgrowing huet keng Platzproblemer a mat méi Platz kann ee méi uplanzen an sou eng méi héicht Ernte kréien. Dozou bitt Sonnenluucht eng optimal Liichtquell.An et muss ee Planze manner fleegen an et brauch ee manner Equipement.

Et dierf een awer net vergiessen dass den Ziichter vum Klima ofhängeg ass an en kann et net beaflossen. Sou kennen och Schädlingen sech op de Planzen nidderloossen an et kennt zou enger Schimmelgefor. Déi Grow Spots fale vill mei séier op wei wann een Indoor growing bedreift.  

Konditounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuesstemszait vun enger Cannabisplanz am Outdoorbereich ass zwëschen Abrëll bis Enn August. Dobäi muss Planz 14-18 Stonne Sonnenluucht kréien. Sou musse Wiederkonditiounen ëmmer matspille fir eng gutt Ernten ze kréien. Et dierf net ze dresche sinn, awer och net ze fiischt. Also braucht Planz ëmmer eng Temperatur vun +/- 27 Grad. Dobäi muss et och nach heiansdo Reene well soss dreschen se no enger Zäit aus.

Wou[änneren | Quelltext änneren]

Indoor growing kann een iwwerall op der Welt praktizéiere soulaang een dat néidegt Material huet. Outdoor growing kann een och bal iwwerall bedreiwen. Just net a Regioune wou immens kal Temperaturen herrsche wei um Nordpol oder an der Antarktis. Souguer an der Schwäiz ass Outdoor growing méiglech. Den Ubau vu Cannabis gëtt awer meeschtens a mei waarme Regioune gemaach well do Temperature fir de Wuesstem besser sinn.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

www.allofus.de

www.high-supplies.com

www.irierebel.com