Benotzer:Giubove1708
Benotzer:Ninonvarin
[änneren | Quelltext änneren]Prostitutioun (vum Laténgeschen prostituere "exposéieren, präisginn" ) bezeechent d'Ausübung an d'Leeschtung vu sexuellen Aktivitéiten fir Suen. Prostitutioun steet ganz enk mat Ausbeutung an Verbindung. Et ginn zwee Weeër fir mat Prostituéierten an Kontakt ze kommen; d'Clienten kennen eng Prostituéiert entweder op Internetsiten fannen oder op der Strooss an oft schaffen si mat anerer zesummen déi hinnen reegelméisseg d'Clienten besuergen an si an Kontakt setzen.
D'Legalisatioun hänkt vun Land zu Land of. Wärenddeem et an verschidden Länner komplett legal ass, ass et an aneren Länner streng strofbar an et kann bis zur Doudesstrof feieren. D'Bewäertung an der Gesellschaft ass och vun Regioun zu Regioun ënnerschiddlech an se gëtt vun den politeschen an reliéis Konzeptiounen beaflosst.
Prostitution zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Prostitutioun zu Lëtzebuerg ass u sech legal[1], mä d'Clienten musse volljäreg sinn an en puer aner Reegele musse vun den Prostituéierte respektéiert ginn, wéi zum Beispill d'Plaz wou sech dat ganzt ofspillt. Et gëtt geschat, datt et zu Lëtzebuerg
Vun deenen sinn 3300 (80%-90%) Migranten, déi op Lëtzebuerg komm sinn, d'Sprooch net kennen an als eenzeg Optioun fir ze verdéngen d'Prostitutioun hunn. An der Géigend vum Garer Quartier halen sech déi meescht Prostituéiert op. De Prozentsaz vun den Transgender, déi Prostitutioun hei am Land bedreiwen läit bei 15% - 20%.
Prostitutioun op der Strooss
[änneren | Quelltext änneren]An der Stad Lëtzebuerg ass d'Prostitutioun nëmmen an zwou Stroossen legal, an der Elsässerstroos an an der [Rrue de Wenceslas I|Wenzelsstross]] an nach nëmmen tëschent 20:00 an 03:00 Auer[2]. D'Stroossen déi den "Ale Stréch" (rue du Fort Wedell, rue de Reims, rue du Commerce, a rue d’Epernay) an den "Neie Stréch" bilden, ewéi och d'Hollerecher Strooss ginn awer reegelméisseg vu Prostituéierten besicht. Een deen baussent dësen Ofgrenzunge uschaaft, kann eng Geldstrof vun 2500 Euro kréien.
Urspronk vun den Prostitueierten [3]
[änneren | Quelltext änneren]| 2006 | |
|---|---|
| Latäin Amerika | 55% |
| Zentral an östlech Europa * | 25% |
| Westlech Europa | 10% |
| Afrika | 10% |
*ënner anerem: Bulgarien, Rumänien, Russland, Ukrain
| 2008 | |
|---|---|
| Afrika | 25% |
| Latäin Amerika | 25% |
| Zentraleuropa (EU) | 20% |
| Westlech Europa | 18% |
| Balkanstaaten | 12% |
D'Unzuel vun den Awanderer am Prostitutiounsmilieu ass vun 70% (2005) op 92% (2008) eropgaange.
Sexhandel
[änneren | Quelltext änneren]All Joer gëtt eng grouss Unzuel un Handelsaffären op Lëtzebuerg geschéckt, fir als prostituéiert ze schaffen an Geld ze verdéngen. D'Prostituéierten ginn ausgenotzt fir an privaten Appartementer oder och an den lëtzebuerger Stroossen ze schaffen. Dësen Auslännerundeel bezitt och Kanner ouni legal Erzéiungsberechtegter an.
D'Artikelen 382-1 an 382-2 aus dem Code Penal verbidden allerdéngs all Form vun sexuellem Handel an dofir sinn d'Folgen fir d'Trafikanten Fräiheetsstrofen vun 3 bis 10 Joer wann d'Afferen erwuessen sinn an vun 10 bis 20 Joer wann mat Kanner verhandelt gëtt. Am Joer 2015 goufen 5 Sex Trafikanten verurteelt an am Joer 2016 duebel souvill.
Gesetz vum 28. Februar 2018
[änneren | Quelltext änneren]Den 6. Februar 2016 gouf am lëtzebuergeschen Parlament en Gesetz gestemmt dat Prostitutioun bei ass am Land méi staark regléieren wäert an der Police kloer definéiert Zougrëffsrechter wäert ginn.
Zouhälterei an Mënschenhandel soll bekämpft an reduzéiert ginn. Obwuel Prostitutioun dem neien Gesetz no legal bleiwen wäert, wäerten Polizisten d'Recht kréien, Hotel, Diskoen, Caféen an Cabarets wou Prostitutioun festgestallt gëtt, mat der Autorisatioun vun dem Parquet ze betrieden. Privatwunnengen dierfen och kontrolléiert ginn, allerdéngs brauchen si an sou Situatiounen genau Befeeler an Befeeler an Uweisungen, ouni deenen si net intervenéieren däerfen. An deenen zwee Fäll bleift d'Geneemegung vum Parquet obligatoresch.
Dozou kennt och dass dat nei Gesetz Clienten vun mannerjäreg Prostituéierten - ënner anerem Prostituéierten déi psychesch Krankheeten oder keen gültegen Ausweis hunn - an vun Handelsafferen kriminaliséieren wäert (Prisongsstrof an eng Geldstrof tëschent 250 an 50000).
D'Prisongsstrof variéiert dem Verbriechen no:
Wann d'Prostituéiert mannerjäreg ass, kann d'Prisongsstrof tëschent 1 an 5 Joer variéieren, an all aner Fall ass d'Prisongsstrof vun 6 méint.
Wann Mënschenhandel fir sexuell Exploitatioun bedreift, falsch Pabeieren versuergt oder enger Persoun seng richteg Dokumenter zréckhält ass d'Strof vun 3 bis 5 Joer an d'Geldstrof tëschent 10.000 an 50.000 schwanken.
An dem Fall wäerten d'Afferen vum Handel net strofrechtlech verantwortlech sinn.
Dei haapt Géigepartei, d'CSV, kritiséiert d'Steigerung vun der Muecht vun der Police an huet géint d'Gesetz gewielt.
D'Gesetz gouf den 28. Februar 2018 ënnerschriwwen, den 9/03/2018 publizéiert an den 13/03/2018 an Kraaft getrueden[4].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gesetz vum 28. Februar 2018 iwwer Prostitution a proxenitissem
- ↑ [https://www.vdl.lu/sites/default/files/media/document/R%C3%A8glement%20g%C3%A9n%C3%A9ral%20de%20police.pdf Stater Gemengerot, Règlement général de police du 26 mars 2001 tel que modifié le 23 novembre 2015, Artikel 48
- ↑ Tampep - European Mapping Report
- ↑ Gesetz vum 28. Feburar 2018
Referenzen
[Quelltext änneren]
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2018/02/28/a170/jo
https://tampep.eu/wp-content/uploads/2017/11/TAMPEP-2009-European-Mapping-Report.pdf
https://spellchecker.lu/online-checker/
https://prostitution.procon.org/view.resource.php?resourceID=000772#greece
https://www.state.gov/j/drl/rls/hrrpt/2007/100570.htm
http://www.europarl.europa.eu/hearings/20040119/femm/document1_en.pdf
https://www.state.gov/j/drl/rls/hrrpt/2006/78825.htm
http://people.exeter.ac.uk/watupman/undergrad/aac/scale.htm
http://delano.lu/d/detail/news/prostitution-law-reform-adopted/169027
https://www.neweurope.eu/article/luxembourg-passes-landmark-prostitution-bill-criminalising-clients/
http://www.services4sexworkers.eu/s4swi/articles/view/id/21
https://luxtimes.lu/archives/17137-residents-say-luxembourg-s-bronx-is-worsening
https://luxtimes.lu/archives/16462-prostitution-patrol-in-luxembourg-city-s-gare-district
http://www.statistiques.public.lu/en/news/social-conditions/social-life/2012/06/20120521/index.html
http://delano.lu/d/detail/news/luxembourg-model-prostitution-law/113206
https://www.state.gov/j/tip/rls/tiprpt/countries/2017/271230.htm