Op den Inhalt sprangen

Benotzer:JangdeBlannen/JeffDieschburg

Vu Wikipedia

De Jeff Dieschburg (*1998 zu Lëtzebuerg) ass e lëtzebuergesche Moler. Hie gëllt als eenzege lëtzebuergesche Vertrieder vun engem neien zäitgenëssesche Klassizismus.[1]

Werdegang a Wierk

[änneren | Quelltext änneren]

De Jeff Dieschburg war op der „Section artistique E“ an dem Athenée de Luxembourg an huet duerno fënnef Joer „Arts plastiques“ zu Stroossbuerg studéiert. Wärend sengem Studium huet hie souwuel zu Lëtzebuerg wéi och a Frankräich un Ausstellungen deelgeholl a verschidde Präisser gewonnen.

Dem Dieschburg seng Biller sinn traditionell ausgefouert Uelegmolereien, déi ikonographesch a stilistesch staark u klassesch Wierker vun ale Meeschteren ugeleent sinn. D'Themen, déi hien opgräift, komme virun allem aus der Literatur a Poesie; dëst spigelt sech zum Beispill gutt a sengem Bild „Helena vun Troja“ erëm.

En, zu Lëtzebuerg, bekanntent Wierk vum Dieschburg ass „Kingdom Come“, e Portrait vun der Groussherzogin Marie Adélaïde.[2] Beim Wierk handelt et sech em eng Juxtapositioun vun der Monarchin mam literaresche Personnage vum Gretchen aus dem Goethe sengem Faust. Eng Villfalt vu Symboler sinn an enger kloer strukturéierter Kompositioun integréiert a bidden räich Interpretatiounsméiglechkeeten. D'Bild gouf an engem offizielle Kader der haiteger Ierfgroussherzogin, Stéphanie vu Lëtzebuerg, presentéiert.[3]

Rechtssträit a Prozess géint d’Jingna Zhang

[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 2022 koum et zu engem baal 2 Joer undauernde Rechtssträit mat der bekannter Fotografin Jingna Zhang. Iwwert dës Affär ass weltwäit bericht ginn.[4]

Am Kontext vun der Biennale fir zäitgenëssesch Konscht, zu Stroossen, gouf den Dieschburg fir säi Bäitrag, deen aus verschiddene Wierker bestan huet, mam Prix d’Encouragement ausgezeechent. Zou senger Contributioun huet en zweedeelegt Tafelwierk, e sougenannten Diptych, mam Titel „Turandot“, gezielt, dat fir 6.500 Euro zum Verkaf fräistoung.[5] Fir des Aarbecht, déi wärend der Pandemie an als Deel vu senge Studien geschaf gouf, huet den Dieschburg eng Moudefotografie als Virlach fir daat lénkst Bild benotzt: et sollt déi legendär chinesesch Prinzessin weisen; op der rietser Halschent vum Wierk ass en ofgeschloenen Kapp vun engem Veréierer ze gesinn (e Selbstportrait vum Moler), deen als Allusioun op Representatioune vum Johannes dem Täufer verstane ka ginn. Eng fréier Schoulfrëndin vum Dieschburg trëtt kuerz no der Präisverleihung op de Plang an verbreet falsch Behaptungen datt de Moler de Präis speziell fir de lénke Panel vum Diptych gewonnen hätt, doziu werft sie him Plagiat vir. Sie kontaktéiert d’Fotografin Jingna Zhang, déi d’Moudefoto 2017 am Kader vun engem Shooting fir d' Harper's Bazaar geschoss haat, an dës dréit de Fall direkt an d’sozial Medien. Zousätzlech fuerdert déi sino-amerikanesch Fotografin 15.000 Euro als Entschiedegung, well de Jeff Dieschburg ni eng Lizenz fir d'Foto beuntragt hat - Eng Fuerderung déi den Dieschburg, vertratt duerch de Gaston Vogel, zeréckweist.[6][7]

D’Jingna Zhang mécht dem Jeff Dieschburg am Juli 2022 de Prozess wéint Violatioun vun hiren Auteursrechter. De 14. Oktober 2022 gëtt en éischt Urteel prononcéiert vun dem Riichter an der „Chambre Des Référés“. De Verdikt ass zugonschte vum Dieschburg. An enger neier Assignatioun sicht d’ Jingna Zhang den Dieschburg erneit un, dës Kéier an de „Chambres Civiles“. De Prononcé vum Riichter fällt de 7. Dezember 2022 , erëm zugonschte vun Dieschburg.[8] D'Riichter konnte kee Plagiat noweisen.[9] D’ Jingna Zhang kritiséiert d'Uerteel op all hire soziale Kaneel a geet an Appel. Den Appelprozess start am Februar 2024 an en definitiivt Urteel gett den 8. Mee 2024 gesprach.[10] Dës Kéier hunn d'Riichter de lénkse Panel vum Jeff Dieschburg sengem Wierk „Turandot“ als Urheberrechtsverletzung zeréckbehalen, an d’Bild däerf net méi ausgestallt ginn. Zousätzlech muss de Moler fir d'Käschten aus béiden Instanzen opkommen, déi sech op insgesamt 3000 Euro belafen

E bemierkenswäerten Aspekt vun dësem Prozess war seng aussergewéinlech Verbreedung op soziale Netzwierker, wou et ëfters zu Ausschreidunge koum.[11] Wärend den Dieschburg sech ganz enthalen huet, wéineg Interviewen ginn huet a keng Präsenz op Facebook, X oder Instagram hat, huet d’Jingna Zhang dacks am Laaf vun deenen zwee Prozessjoeren iwwer de Fall geschriwwen an hir Onzefriddenheet mat der Situatioun zum Ausdrock bruecht. Déi, aus der ganzer Welt kommend, Reaktioune waren deels extrem hefteg a virun allem géint de Jeff Dieschburg geriicht, vu Fake Profilen mat diffamatoreschen Zwecker bis hin zu zuelräiche Gewalt- an esouguer Morddrohungen.[12]

Donieft gouf de Moler och kritiséiert weider Kopien ugefäerdegt ze hunn. RTL Lëtzebuerg huet him zum Beispill virgeworf, de Leonardo Da Vinci kopéiert ze hun. Als Stellungnam huet den Dieschburg ervirgehuewen dës Wierker wären wärend senger Jugend an wärend de Studien gemolt ginn - d'Kopie, obwuel anscheinend problematesch aus der haiteger Perspektiv, wär eng bewährt an gängeg Praxis vun traditionelle Moler, fir hiert Handwierk ze léieren an d’Kultur ze verbreeden.[13][14]

  1. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(lb)[1]. https://www.100komma7.lu (01.06.2022). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  2. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(en)[2]. Luxembourg Times (09.10.2024). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  3. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(lb)[3]. https://www.100komma7.lu (01.06.2022). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  4. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelenCréation··4 min de lecture, [4]. adada (14.05.2024). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  5. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelenGuy Kaiser, [5]. Guy Kaiser Online (07.06.2022). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  6. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelenHenri Sinner, [6] (25.06.2024). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  7. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelenHenri Sinner, [7] (25.06.2024). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  8. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(de)[8]. Luxemburger Wort (09.10.2024). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  9. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelenGuy Kaiser, [9]. Guy Kaiser Online (09.12.2022). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  10. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(lb)[10]. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  11. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelen(de)[11]. L'essentiel (14.12.2022). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  12. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelenGuy Kaiser, [12]. Guy Kaiser Online (11.06.2022). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  13. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelenGuy Kaiser, [13]. Guy Kaiser Online (21.06.2022). Gekuckt de(n) 09.10.2024.
  14. D'Schabloun:Citation kann net benotzt ginn, well d'Parameteren URL an/oder Titel feelenapart TV, [14] (07.06.2022). Gekuckt de(n) 09.10.2024.