Benotzer:Jean Kunsch
De JEAN KÜNSCH ass e Lëtzebuerger Künstler, deen 1943 an der Stad Lëtzebuerg gebuer gouf.
Hie stellt haaptsächlech Skulpturen aus Stol hier, déi hien aus Schrott zesummeschweesst.
Säin éischte Léiermeeschter war dee bekannte Lëtzebuerger Sculpteur Lucien Wercollier, deen him an de 60er Joren d'Grondbegrëffer vum Modeléiere bäibruecht huet. Spéider huet de Jean Künsch u Coursen iwwer Metallverformen op der Europäescher Konschtakedemie zu Tréier deelgeholl.
Zënter 10 Joer stellt hien a reegelméissegen Ofstänn am In- an Ausland aus:
2001 SALON D’ARTS DES FINANCES zu Antwerpen
2003 GALERIE SCHORTGEN an der Stad Lëtzebuerg
2004 SALON D’ARTS DES FINANCES zu Léck
2004 INTERNATIONALE AUSSTELLUNG “Künstler der Region” zu Losheim
2004 KOLLEKTIVAUSSTELLUNG an der Schauwebuerg zu Bartreng
2005 GALERIE SPIREN ZU Stroossen
2006 GALERIE MAGGY STEIN am Beetebuerger Schlass
2007 LUXPORT Mertert
2007 GEMENG Hesper
2008 INTERNATIONAL AUSSTELLUNG zu Schreckling
2010 SALON INTERNATIONAL DE PEINTURE ET SCULPTURE zu Audun-le-Tiche
2001 krut de Jean Künsch e Präis fir seng Skulptur “le moineau” zu Antwerpen
2004 krut en den 1. Präis an der Kategorie “Skulpturen” zu Losheim
2010 krut en den 2. Präis an der Kategorie “Skulpturen” zu Audun-le-Tiche
De Jean Künsch huet säin Atelier zu Leideleng, wou en och lieft.