Benotzer:Joriss45
Sportethik ëmfasst moralesch Prinzipen a Wäerter, déi de Sport soll vermëttelen. Zwee wichteg Wäerter si Respekt fir sech selwer awer och vis-à-vis anerer. Wichteg Konzepter sinn Sportsmännegkeet, Verantwortung Gesondheet awer och de Kampf géint Belästung a Mëssbrauch. Ee sportler an all Persounen déi sport maachen sollt déi Notiounen am Kaap behaalen.
Gesondheet
[änneren | Quelltext änneren]Et muss een sech selwer respekteiren, dat heescht sech ëm säi Kierper këmmeren. Dat wichstegt fir ee Sportler ass säi Kierper, well et ass wat him erlaabt Sport ze maachen. Dofir soll een keng drogen an aner illegal Substanzen ophuelen. Des Substanzen hunn vill Leit am Sportberaisch awer och am der normaler Welt geschuet.
Gesellschaft
[änneren | Quelltext änneren]Sport gëtt an der Kultur vu bal all Land op der Welt agebonnen. An de meeschten europäesche Länner soen méi wéi d'Halschent vun der Bevëlkerung datt si op d'mannst eemol d'Woch sport machen. Déi grouss Majoritéit vun de Kanner a Jugendlechen huelen u Sport an der Schoul an oder an de Veräiner mat, mat deenen se fräiwëlleg matmaachen.Et gi vill verschidde Sportarten, an all Regioun huet e Sport, deem säi Event bekannt ass. An Europa ass et Fussball mat der Champions League wat e grousst kulturellt Event ass, an an den USA ass et méi wéi amerikanesche Fussball mat der Super Bowl oder Basketball mat der NBA. Sport huet also op der ganzer Welt ee grousse sozialen impact. D'Olypesch Spiller ass och ee Sportevent den d'ganz Welt betreffet an Leit vun der ganzer Welt zesummenbrengt. Sportler hunn e groussen Afloss op d’Gesellschaft a musse e gutt Beispill stellen. Sport representéiert fair Spill a géigensäiteg Respekt déi gutt Wäerter fir am Alldag unzehuelen.
Fairplay ass e wichtegt Konzept am Sport. Dëst Konzept befaasst souwuel de Respekt fir de Géigner, d'Regelen, d'Entscheedunge vum Arbitter, d'Publikum an de Geescht vum Spill, awer och Loyalitéit, Selbstkontrolle an Dignitéit an der Victoire wéi an der Néierlag.