Benotzer:L7ckyC4t
Mäi Spëtznumm ass Lucky a Kaze si meng Liiblingsdéieren. c:
Sozial Phobien zielen zu den Angststéierungen an doriwwer eraus zu de Phobien. Déi zentral Eegenaart ass d'Angscht, sech a Situatiounen opzehalen, an deenen een am Zentrum vun der Opmierksamkeet steet a sech peinlech verhält.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Mënschen, déi vu der sozialer Phobie betraff sinn, meide sozial Situatiounen, an deenen si am Zentrum vun der Opmierksamkeet stinn, beobacht oder jugéiert kënne ginn. Wann déi concernéiert Persounen esou eng Situatioun net vermeide kënnen, halen se et nëmmen ënner staarker Angscht duerch. Hier grouss Angscht ass et als komesch, peinlech oder esouguer lächerlech ofgestempelt ze ginn. Hiert eege Verhalen ass hinne selwer peinlech. Si wëllen net, dass hir Angscht fir déi aner siichtbar ass. Kierperlech Symptomer wéi Schweess, Zidderen, Schwieregkeeten an der Kommunikatioun, Duerchfall oder Iwwelzegkeet trieden oft op a verschlëmmeren d'Angscht. Symptomer kënnen zou enger Panikattack féieren.
Et kann een eng Persoun mat enger sozialer Phobie net pauschal als eng Persoun, déi schei ass, bezeechnen. Eng Persoun, déi schei ass, kann nach een normaalt Liewe féieren, wat fir eng Persoun mat enger sozialer Phobie wierklech schwiereg ass. Persoune mat enger sozialer Phobie hu Schwieregkeeten um gesellschaftlechen Alldag deelzehuelen. Hiert berufflech an privat Liewen verschlëmmert sech, wat bis zu der sozialer Isolatioun féieren kann.
Eng concernéiert Persoun gesäit seng soziale Phobie net als een Bestanddeel vu der Perséinlechkeet un; si betruechten se als eng Stéierung.
Sozial Phobie fänke meeschtens am jugendlechen Alter un an entwéckele sech ouni Traitement weider.
Komorbidität
[änneren | Quelltext änneren]Oft hu Persounen mat enger sozialer Phobie aner psychesch Erkrankungen wéi z. B. Depressiounen oder Ofhängegkeet zou Drogen (Alkohol asw.).
Heefegkeet
[änneren | Quelltext änneren]Die soziale Phobie gehéiert zou den heefegsten Angschtstéierungen niewend Héichtenangscht oder Fluchangscht. Laut Schätzungen si zweschen siwen bis zwielef Prozent der Populatioun vu der sozialen Phobie betraff. Fraen si méi betraff als Männer.
Ursaachen
[änneren | Quelltext änneren]D'Ursaachen fir eng Entwécklung zou enger sozialer Phobie sinn nach net ganz kloer. Man huet erausfonnt, datt Genetik an Ëmweltfacteuren eng signifikant Roll bei der Bildung vu enger sozialer Phobie spillen.
Et huet sech erausgestallt, datt et eng héijer Chance gëtt ënner enger sozialer Phobie ze leiden, wann een vu den Geschwëster och betraff ass. Dëse Fait kann duerch Genetik oder duerch aner Faktoren wéi z. B. familiär Ëmfeld erkläert ginn. Zwillingsstudien (Studien mat eeneeëg Zwillingen, déi separat vu sech opwuessen) loossen unhuelen, datt eng geneetesch Veranlagung eng Ursaach fir eng sozialer Phobie ass. Falls een Zwilling betraff ass, ass den aneren mat enger 30 bis 50% Warscheinlechkeet och betraff. Kanner hu generell eng héijer Chance, eng soziale Angststéierung zu entwéckelen, falls een vu den Elteren vu enger sozialer Angststéierung betraff ass. Erzéiungsmethod vu den Elteren huet och een Afloss am méiglechen Developpement vu enger sozialen Phobie. Kanner, där Elteren een iwwervirsiichtegen an net vill emotionalen Erzéiungsmethod praktizéieren, entwéckelen ëfters eng soziale Angststéierung.
Persounen mat bestëmmte Perséinleckeetseegenaarten wéi z. B. Scheiheet, Angscht virum d'Onbekannten, Perfektionismus hunn eng héijer Chance eng soziale Phobie ze entwéckelen. Verstäerkt Opmierksamkeet op sech selwer verschlëmmert d'Phobie. Een negativen, verzerrt Opfaassung vu sech selwer, Angscht viru den Reaktiounen vun den aneren vum eegenen Verhalen oder Vermeidung sozialer Situatiounen maachen Phobie schlëmmer.
Eng schlecht soziale Erfarung wéi z. B. Mobbing kann den Ufank vu enger sozialer Phobie sinn. Erfarungen vu aner Persounen hu och en Afloss op den Developpement vu enger sozialer Phobie. Concernéiert Persounen leeën groussen Wäert op déi schlecht soziale Erfarung. Kanner mat schei Tendenzen kréien manner positiv Reaktiounen vu den aneren, wat zou engem Ufank vu enger Isolatioun féieren kann.
Traitement
[änneren | Quelltext änneren]Zwee Méiglechkeeten fir e Traitement existéieren: kognitiv Verhalenstherapie oder Medikamenter.
An der kognitiven Verhalenstherapie kann concernéiert Persoun léieren, seng Angscht ze hannerfroen an sech hir stellen. Seng Angscht viru dem Geschéien vu der Situatioun esou wéi di Veraarbechtung der Situatioun ginn geännert. Gläichzäiteg léiert Persoun, sech ze akzeptéieren an Feeler ze erdroen. Kierperlech Aktivitéiten wéi z. B. Entspanungstechniken lindern Angscht.
Heefeg ginn Antidepressiva an der Therapie benotzt. Besonnesch eng Niewewierkung vu der sozialen Phobie, Depressioun, gëtt bekämpft.
Puermol ginn och Benzodiazepine (Berouegungsmëttel) benotzt. Angscht gëtt schnell gelindert, dach se kënnen schnell ofhängeg maachen. Sie sollen nëmmen bei extrem Situatiounen benotzt ginn an nëmmen fir kuerz Zäit.
Weblinks
[änneren | Quelltext änneren]https://en.wikipedia.org/wiki/Social_anxiety_disorder
https://de.wikipedia.org/wiki/Soziale_Phobie
https://www.psychenet.de/de/psychische-gesundheit/informationen/soziale-phobie.html
https://adaa.org/understanding-anxiety/social-anxiety-disorder