Benotzer:Marki21
Geschicht an Hierkonft
[änneren | Quelltext änneren]Cannabis (Hanf) ass eng Planz dei extrem upassungsfäeg ass. D'Planz wiisst fum Äquator bis bei den Polarkrees. An wëller Form ass Cannabis an den Altai-Bierger ze fannen. An den alen Kulturen war d'Kultivéieren vun der Planz eng Fraesaach. Bei den Germanen zum Beispill war d'Göttin Freya fir den Cannabis zoustänneg. Duerch d'Völkerwanderungen gouf den Cannabis duerch dei ganz Welt verbreet. Bis an Europa huet Planz et mat der Hëllef fun den Skythen gepackt. Dei aal Seifuerer hunn des Planz op hieren eruerwerten Territoiren an groussen Quantitéiten ugeplanzt. Am 17. Joerhonnert huet Cannabis duerch d'Schëfffaart an Europa seng Héichzait erlieft. Bis an d'18. Joerhonnert war d'Planz en wichtegen Rohstoff vun der europäescher Textilindustrie. Aus dem Som gouff och Ueleg hiergestallt. Aus den Faseren hunn d'Léit Kleeder, Seeler oder och Seegelen produzeiert. Aus den Bléien gouff och oft Medezin hiergestallt.
Duerch d'Kolonialisation ass den Cannabis och an Amerika gelant an gouf do vun den Spuenier kultivéiert. Mais, och duerch Deieren sou wei Villecher gouf des Planz verbreet, dei den Som giess an dono rem ausgescheet hunn.
Obwuel d'Kultivéieren vun deser Planz verbueden ass, steigt d'Anzuel fun den Planzen seit 1992 erëm.