Op den Inhalt sprangen

Benotzer:PriestMelchizedek

Vu Wikipedia
Ech hat iech gesot, dir sollt sollt d'Virbereedunge vun ären Artikelen op ärer Benotzersäit uleeën an net direkt en Artikel uleeën! --Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:32, 1. Jul. 2020 (UTC)

Grënn vun der Ofdreiwung

[änneren | Quelltext änneren]

Eng grouss Zuel vun Fraan dei sech entscheed hunn hir Kand ofzedreiwen gëtt puer zesummentreffend Grenn un, dei se zu deser Décisioun bruecht hunn. D'Ennerbriechung vun der Schwangerschaaft hängt vun ennerschedlechen Facteuren of:

• medizinesch Hiweisungen - d'Gefor vum Liewen vun der Mamm oder eng Diagnos vun schweiren Krankheeten beim Kand bei prenatalen Kontrollen;

• Befruchtung als Resultat vun enger Vergewaltegung oder vun Inzest;

• perseinlech Grënn (keng Loscht oder ken Besoin Nofahren ze hunn, e Konflikt mat eegenen Pläng iwwert d'Zukunft vun der Famil, Famil als komplett ugesinn);

• ekonomesch Grënn - schweier materiel oder finanziel Situatioun, Fraa dei alleng eng Hauswirtschaft bedreiwt;

• familiär Problemer, komplizeiert Relatioun mam Partner/inn;

• Erfahrung vun psychischer oder physescher Gewalt.

D'perseinlech Grënn (52,35% an 2009) an dei familiär bzw. zweschen Partneren (25,16% an 2009) geheieren zu den heifsten an der Belge. 15,05% vun den Ofdreiwungen goufen 2009 weinst ekonomeschen Grënn ausgefouert. Ofdreiwungen weinst Medizinesch Grënn dei d'Gesondhet vun der Mamm oder vum Kand gefuedert hunn woren ennert 4% an dei weinst Vergewaltegung oder Inzest luuchen bei 0,24% vun den bekannten Fäll (statistiken aus der Belge vun 2009).

Methoden vun der Ofdreiwung

[änneren | Quelltext änneren]

Mir ennerscheeden zweschen pharmakologeschen an chirurgeschen Ofdreiwungen. Beid Methoden sinn effektiv, se hunn awer och bedeitend Niewewierkungen - d'schlussendlech Décisioun hängt vum Alter wei vun der perseinlecher Meenung vun der Fraa of. Virun der eigentlecher Operatioun (och an Länner, wou d'Ofdreiwung op Wonsch ausgefouert gëtt) ennerhällt sech den Dokter eichtmols mat senger Patientin iwwert eventuel postabortiv Problemer wei och iwwert meigleg Kontraceptiounsmethoden fir eng nächst Schwangerschaft an der Zukunft ze verhënneren. D'Fraa gëtt och iwwert d'Meiglegkeet informéiert, d'Kand gesond op d'Welt ze bréngen an et dann un en Waisenhaus oder eng adoptiv Famil weiderzereechen. Während der Discussioun muss den Dokter feststellen dat d'Fraa net vun enger drëtter Persoun zu der Ofdreiwung gezwongen gouf. Duerno kritt si e puer Deeg fir eege Reflektiounen. Eicht no enger kuerzer Zait kann eng Ofdreiwung ausgefouert ginn, woubei d'Patientin kuerz virun der Operatioun sein eege Wëlle op Pabeier festhaale muss. An Holland mussen beispillsweis Meedecher ennert 16 Joer eng schreftlech Berechtegung vun hieren Elteren opweisen, fir legal ofdreiwen ze kennen. Et gëtt do och Organisatiounen, di hinnen mat guddem Rot an Hellef déngen.

• pharmakologesch (och medizinesch genannt) Ofdreiwung - Ennerbriechung vun enger fréier Schwangerschaft (virun der 9. Woch) mat hellef vun pharmakologeschen Mëttelen (Mitepriston, Metatreksat)

• chirurgesch Ofdreiwung:

° Ausdehnung vum Gebärmutterhals an Aspiratioun (aussaugen enner Drock), (méigleg an der 7.-12. Woch vun der Schwangerschaft)

° Aushobelung vum Fötus (méigleg an der 10.-22. Woch vun der Schwangerschaft)

• Opruf vun Kontraktiounen mat hellef vun Prostaglandin (heiansto no enger Injectioun vun Mifepriston) pder Oxytocytinnen (2.Trimester: 12.-22. Woch vun der Schwangerschaft)

• Entfernung vun eventuellen aneren Fötusen (2. Trimerster) duerch eng Herzspretz mat Kaliumchlorid, enner Ultraschalliwwerwaachung

• fréi lapatotomie (Bauchöffnung), woubei am héifsten geféierlech Zousätz entfernt ginn am Fall vun enger schlemmer Krankheet (z.B. Krebs)

physesch Konsequenzen vun der Ofdreiwung

[änneren | Quelltext änneren]

Secherheet an Légaliseierung vun der Ofdreiwung

[änneren | Quelltext änneren]

Den Afloss op d'Secherheet während der Operatioun esou wei op d'psychesch Konsequenzen vun der Fraa huet gréisstendeels d'Rechtstellung, me och d'Verfügbarkeit oder d'sozial Zoustemmung. Bei der Studie vun geféierlechen Niewewierkungen vun der Ofdreiwung muss en den Ennerscheed zweschen enger "secherer Ofdreiwung" (an Länner, wou dei légaliseiert ginnass, an wou d'Prozeduren dem normalen Standard entspriechen) an enger "geféierlecher Ofdreiwung" (illegal, op eege Hans ausgefouert). Den Manque vun enger fachlesch medizinescher Hellef hällt d'Zuelen vun den potentiellen Doudesfäll relativ heig: virun allem weinst ennerlech Blutungen, Infektiounen oder Vergëftungen un pharmakologeschen Mëttelen. Et existéieren net genuch staark Beweiser fir ze behaapten dat d'Legaliséierung vun der Ofdreiwung den Niveau vun der Stierwlegkeet ernidregt. Als Beispill kann en RPA huelen, wou no der Légaliseierung vun der Ofdreiwung d'Doudesraten vun den Fraen eropgestiigen sinn. An 1995 (virun der Légaliseierung an 1996) sinn vun 100 000 liewend Gebuerten 260 Mammen gestuewen, an 2000 - 330, an 2005 - 360, an 2010 - 360. Eng ähnlech Situatioun huet an Guayana stattfond, wou d'Ofdreiwung zënter 2000 legal ass. An 1995 sinn 170 Mammen vun

100 000 liewend Gebuerten em d'Liewen kumm, an 2000 - 220, an 2005 - 280, an 2010 - 280. D'Ofdreiwung an den entwéckelten Länner gëllt als verhältnessmeesseg sècher. Den Doudesrisiko bei der Ofdreiwung ass an den USA 12,5 Mol mi kléng wei den vun enger normaler Gebuert.

An 2006 wor d'Ofdreiwung op der 4. Plaatz vun den Doudesgrënn bei enger Schwangerschaft (duerchschnëttlech 3,9% vun de Fäll an Afrika, 5,7% an Asien, 12,0% an Lateinamerika vis-à-vis vun den 8,2% an den entwlckelten Länner). Et ginn 20 Milliounen illegal geféierlech Ofdreiwungen pro Joer ausgefouert, vun denen 97% an Entwécklungslänner stattfannen. Doweinst stiewen all Joer ongefeier 70 Dausend Fraan, an 5 Milliounen kennt mat gesondlechen Problemer dofunn. D'Ennerbriechung vun der eichter Schwangerschaft féiert an der Régel net zu enger Unfruchtbarkeit, obwuel et den Risiko vun enger ze fréier nächster Gebuert an engem ze klengen Gewiicht vum Kand ophiewt.

D'Bestrofung vun der Ofdreiwung résulteiert an enger schlechter medizinescher Pfleg vun den schwangere Fraan (d'Dokteren zécken firun der Operatioun weinst méiglegen Accusatiounen, eng Ofdreiwung ausgefouert ze hunn). Dësst gouf virun allem vum Komité fir d'Eliminatioun vun der Fraendiskriminierung an vum Komité dir d'Menschenrechter (bei vun der ONZ) festgestallt.

Direkt Komplikatiounen no der Ofdreiwung

[änneren | Quelltext änneren]

Zu den direkten Komplikatiounen no der Ofdreiwung gehéieren: ënnerlech Blutungen, Bescheedegung vun der Gebärmutter bzw. vum Gebärmutterhals, Infektiounen vun den Fortpflanzungsgeräter. Dësst Komplikatiounen trieden bei e puer Prozent vun den Fäll op.

En sérieuen Problen kann eng inkompetent Ofdreiwung sinn, dei zu enger doropfolgender chirurgescher Interventioun féiert. Aus enger Ëmfro an 2007-2008 aus Neiseeland stelle mir fest, dat eng Entfernung vun den rechtlechen Geweber an der Gebärmutter an 10% vun den Fäll no enger pharmakologescher an 1% no enger chirurgescher Ofrdreiwung noutwènneg wor. Bei 16% vun den Fraan déi sech fir eng pharmakologesch Ofdreiwung entscheed hunn misst en den Plazenta erausoperéieren.

Eng pharmakologesch Ofdreiwung mat Asaatz vun Mifepriston erhéigt de Risiko vun enger déidlecher Infektioun vun der Bactérie Clostridium sordelli. An den USA gouffen ennert 10 Doudesfäll weist desser Infektioun notéiert. Dofir ginn lo op ville Plaatzen den Patientinnen Antibiotiker virun der eigentlechr Operatioun virgeschlo.

Afloss op d'nächst Schwangerschaften

[änneren | Quelltext änneren]

Eng vun den héifsten Niewewierkungen vun der Ofdreiwung ass den erheigten Risiko, eng Firzaiteg Schwangerschaft ze hunn; eng Forschung vun EUROPOP, dei an 10 europäesch Länner duerchgefouert gouf, huet nogewisen dat dese Risiko weinst Ofdreiwung em 50% steigt. Zwou oder drei Ofdreiwungen erheigen den Risiko em 63%. Abortioun vergréissert och den Risiko vun enger Schwangerschaft ausserhalb vun der Gebärmutter. Forschungen an Taiwan (op 37 000 Fäll vun Schwangerschaften) hu bewisen, dat eng Missplatzéierungvum Fötus am Plazenta 1,3-3 Mol mi héifeg bei Fraan optriet, dei eng Ofdreiwung hannert sech hunn. Den Risiko vun enger Fehlgebuert an der nächster Schwangerschaft oder der Gebuert vun engem douden Kannd ass erhéigt. D'Sterilitäit ass och e grousse Problem bei Fraan dei schon ofgedriwwen hunn. Aus hollänneschen Forschungen ginn mer gewuer dat vun 6149 Bezéiungen dei getest gouffen eng Ofdreiwung den Risiko vun enger Pathologie am Eileiter em 60% erhéigt, wat oft zur Steriliäit féieren kann.