Benotzer:Schnëssbatti

Vu Wikipedia

D'Finanzéierung vun de muslimeschen Associatiounen[änneren | Quelltext änneren]

All muslimesch Associatioune finanzéieren sech selwer duerch Donen a Cotisatioune vu Gleewegen a falen ënnert d'Gesetzgebung vun den ASBL. De Bäitrëtt ass fräiwëlleg an d'jäerlech Cotisatioune sinn an de Statute vun der jeeweileger Associatioun festgeluecht a belafen sech op 60 bis 90€. Dëst Geld déngt dem Fonctionnement vun der Associatioun a bezilt de Salaire vum Imam. Zousätzlech beruffen sech d'Associatioune vill op Done virun allem wann ausseruerdentlech Ausgabe virun hinne stinn wéi zum Beispill d'Baue vun enger neier Moschee. All Associatioun hält hier eege Comptabilitéit an ass komplett transparent. Keng eenzeg Associatioun gëtt aus dem Ausland finanzéiert. Hëllef ass zwar erlaabt mä auslännesch Organisatiounen dierfe keen Afloss op d'Lëtzebuergesch Organisatiounen hunn.

D'Shoura, eng Assemblée déi d'Lëtzebuergesch muslimesch Communautéit vertrëtt, profitéiert vu Staatshëllefen a verdeelt dës un déi verschidden Associatiounen déi der Shoura ugehéieren.

Am Joer 2015 ass d'Lëtzebuerger Staatshëllef fir d'Shoura vun 2480 Euro op 450 000 Euro geklommen. Den neie Budget erméiglecht et der Shoura nei Büroen um Kierchbierg souwéi e Generalsekretär an e neien Ubiedungsdirekter ze finanzéieren. De Rescht geet un déi eenzel muslimesch Associatiounen, un déi doduerch d'Erwaardunge staark gestige sinn, virun allem wat de Salaire vun Imamen an nei Konstruktiounen ugeet. Fir d'Baute vu Moscheeë beruffen sech déi eenzel Associatiounen op Done vun der muslimescher Communautéit sief et a Form vu Geld oder a Form vun Déngschtleeschtunge wéi zum Beispill d'plange vum Gebai duerch en fräiwëllegen Architekt.

D'Finanzéierung vun den eenzele Moscheeën[änneren | Quelltext änneren]

D'Moschee zu Mamer vum Centre Culturel Islamique du Grand-Duché de Luxembourg (CCIL) gouf am Ufank vun den 90er Joer vun enger islamescher Bank aus dem Liechtenstein matfinanzéiert. Dëst Bank huet de Kaf vum Haus wou spéider d'Moschee gebaut gouf finanzéiert.

D'Moschee vun der Association Islamique et Culturelle du Sud (AIC-SUD) zu Esch-Uelzecht souwéi déi vum Centre Culturel Islamique du Nord (CCIN) goufen ausschliisslech vun Done finanzéiert.

D'zukünfteg Moschee vum Centre Culturel Islamique Nordstad (CCINS) gëtt och ausschliisslech vun Done finanzéiert an d'CCINS huet dofir souguer Scholden opgeholl.

D'Associatioun vum Juste Milieu huet hir Moschee zu Bouneweg mat der Hëllef vun der wueltäteger Associatioun Qatar Charity finanzéiert.


Benotzer:Patt Wäin

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

1. Le «très dynamique» culte musulman au Luxembourg, wort.lu, 6.2.2019 2. «Il n'y a pas d'association islamique au Luxembourg financée par un pays étranger», wort.lu, 13.3.2019