Op den Inhalt sprangen

Benotzer:SharkFeeder

Vu Wikipedia

Fabrikatioun

Wodka kann aus verschidden Ausgangsstoffen hiergestallt ginn. Meeschtens gëtt Kar oder Weess geholl. Gromperen oder Wäindrauwe kënnen och fir d'Fabrikatioun vun héichwäertegem Wodka gebraucht ginn.

Den éischten Schrëtt fir d'Fabrikatioun vu Wodka as d'Gewënnung vun der Maisch, enger béierähnlecher Flëssegkeet mat nidderegem Alkoholgehalt. Dobäi gëtt de Réistoff zerklengert, mat Waasser vermëscht a liicht erhëtzt. Dobäi geed Stäerkt an Zocker ëmgewandelt. Zu der elo séisser Maisch geed Gärhief derbäigemaach, firt Gärung an gang ze setzen. Bei der Gärung geed den Zocker an der Maisch an Alkohol ëmgewandelt, bis zu engem Gehalt vun 6 bis 7 %. Beim Brennen gewennt een dann den sougennanten Réialkohol. (Gréisstendeels gëtt Wodka zweemol gebrannt, verschidden Zorte souguer dräimol) .Dësen Virgang gëtt graduell widderholl firt Produktiounsqualitéit ze verbesseren. Zudeem geed desen Virgang streng iwwerwaacht fir den Wodka méiglechst Geschmaachsneutral hierzestellen. Et follegen weider Filterprozesser fir onerwënscht Aromaen oder Goûten ewechzekréien. D'Qualitéit vum Filterprozess as entscheedend fir d'Qualitéit vum Wodka.