Op den Inhalt sprangen

Benotzer:Soued031/Virbereedungen

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Hëlleft mat Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Portaler: Lëtzebuerg, Geschicht, Relioun a Sport
Ablécklech WikiProjeten: Kënschtlerbiographien a Leit op Stroosseschëlter

Artikel vun der Woch

Den (134340) Pluto ass en Zwergplanéit an de prominentsten Objet vun der Kuiperceinture. En ass nom réimesche Gott vun der Ënnerwelt genannt. D'astronomescht Symbol vum Pluto ass .

De Pluto ass méi kleng wéi eisen Äerdmound a beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Form vun der Bunn wäicht däitlech vun de Planéitebunnen of. E brauch fir eng Ëmdréiung ronderëm d'Sonn 247,68 Joer.

Vu senger Entdeckung den 18. Februar 1930 bis zu senger Neidefinitioun de 24. August 2006 ass de Pluto vun der IAU vum néngten a leschte Planéit vun eisem Sonnesystem zu engem Klengplanéit mat der Nummer 134340 zeréckklasséiert ginn. Weider goufen nom Pluto déi nei definéiert Klasse vu Plutoiden a Plutinoe genannt.

Am Juli 2015 ass d'Raumsond New Horizons, no 10 Joer Rees, op 9600 Kilometer Distanz laanscht de Pluto an dann op enger Distanz vun 27.000 Kilometer laanscht säi Mound Charon geflunn. Nieft dem Charon sinn nach 4 aner Mounde bekannt ... > méi

Archiv

Wousst Dir schonn, datt…

Léiffrächen
Léiffrächen
  • … zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
  • … op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
  • … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
  • … zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnes e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
Archiv

Op engem 17. Juli

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Nic Frantz
Nic Frantz
* 1790: Doud vum brittesche Philosoph an Ekonomist Adam Smith.
Méi iwwer: ... de 17. Juli...soss en Dag2026
Archiv

Kierzlech Verstuerwen

Sam Neill
Sam Neill

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

… eng Affiche vun der Nationallotterie, vum Jemp Ker
(gestuerwen den 19. Juli viru 75 Joer).
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki  Koordinatioun    Commons Commons  Medien    Wiktionary Wiktionnaire  Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks  Léierbicher    Wikiquote Wikiquote  Zitater    Wikiversity Wikiversity  Léierplattform    Wikisource Wikisource  Quellen    Wikinews Wikinews  Noriichten   Wikidata Wikidata  Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage  Reeseguiden    MediaWiki MediaWiki  MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies  Datebank fir Liewewiesen    Wikifunctions Wikifunctions  Funktiounsbibliothéik