Benotzer:Volvox/Virbereedungen/Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.472 Artikelen an 104 aktiv Benotzer an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
- … zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnes e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
- … de Charles Metz (1799-1853) Deputéierten souwuel an der Belscher wéi och an der Lëtzebuerger Chamber war?
- … den Zoo vun Antwerpen schonn 1843 gegrënnt gouf, an haut iwwer 5.000 Déieren huet, déi sech op 900 Aarte verdeelen?
- … de lëtzebuergesch-franséischen Naturfuerscher an Entdeckungsreesende Guillaume Capus (1857-1939) annerhallwe Mount am Norde vum Afghanistan vun engem Stamm festgehale gi war, an eréischt op Interventioun vum Vizekinnek vun Indien fräikomm ass?
Artikel vun der Woch

Den (134340) Pluto ass en Zwergplanéit an de prominentsten Objet vun der Kuiperceinture. En ass nom réimesche Gott vun der Ënnerwelt genannt. D'astronomescht Symbol vum Pluto ass
.
De Pluto ass méi kleng wéi eisen Äerdmound a beweegt sech op enger elliptescher Bunn ëm d'Sonn. D'Form vun der Bunn wäicht däitlech vun de Planéitebunnen of. E brauch fir eng Ëmdréiung ronderëm d'Sonn 247,68 Joer.
Vu senger Entdeckung den 18. Februar 1930 bis zu senger Neidefinitioun de 24. August 2006 ass de Pluto vun der IAU vum néngten a leschte Planéit vun eisem Sonnesystem zu engem Klengplanéit mat der Nummer 134340 zeréckklasséiert ginn. Weider goufen nom Pluto déi nei definéiert Klasse vu Plutoiden a Plutinoe genannt.
Am Juli 2015 ass d'Raumsond New Horizons, no 10 Joer Rees, op 9600 Kilometer Distanz laanscht de Pluto an dann op enger Distanz vun 27.000 Kilometer laanscht säi Mound Charon geflunn. Nieft dem Charon sinn nach 4 aner Mounde bekannt ... > méi
Op engem 14. Juli

- 1789: Stuerm op d'Bastille, Ufank vun der Franséischer Revolutioun.
- 1820: Gebuert vum lëtzebuergesche Jurist a Politiker Paul de Scherff.
- 1862: Den éisträichesche Kënschtler Gustav Klimt kënnt op d'Welt.
- 1900: De Groussherzog Adolphe vu Lëtzebuerg leet de Grondstee fir déi no him genannt Nei Bréck.
- 1910: De lëtzebuergesche Politiker an Historiker Joseph Herr gëtt gebuer.
- 1913: Gebuert vum US-amerikanesche Politiker a President Gerald Ford.
- 1918: De schweedesche Regisseur Ingmar Bergman kënnt op d'Welt.
- 1998: Doud vum amerikaneschen Industriellen, Financier a Philanthrop Henry J. Leir.
Kierzlech Verstuerwen

- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 8. Juli: Bonnie Tyler, brittesch Sängerin.
- 6. Juli: Henri Metz, lëtzebuergeschen Neurolog.
- ≤ 26. Juni: Edmond Thill, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reeseguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
