Benotzer:YxLizxy

Vu Wikipedia

Hex[änneren | Quelltext änneren]

Als Hex bezeechent een a Märercher, am spéitmëttelalterleche Volleksglawen, wéi och an der fréier Neizäit, eng Fra déi Zauberei beherrscht a praktizéiert. Si ass perséinlech auserwielt ginn a verfügt iwwer Zauberkräften. Si kann esouwuel Gléck wéi och Ongléck bréngen. Si steet am Bond mam [[Däiwel] a kritt doduerch en éischter negativen Afloss. Mä net nëmme Frae mat Zauberei gëllen als Hexen, mä och Wahrsagerinnen, déi Kontakt mat den Doudegen an de Geeschter hunn. Si gëllen och als Hexen, well si an d'Zukunft kucke kënnen a well se iwwermënschlech Muechten a Fäegkeeten hunn. Et gouf hinnen nogesot, datt si Zaubergedrénks brauen, Zauberspréch ausschwätzen an op hirem Biesem fléien. Den Däiwel huet virun allem Frae mat rouden Hoer ausgewielt, well rout d'Faarf vum Feier ass. Si veréieren den Däiwel no de Legende mat haarde Gesäng an Dänz matzen an der Nuecht, meeschtens bei Vollmound. Hexe sinn extrem der Natur verbonnen, doduerch schafen se hir Muerch mat Hëllef vun der Natur. Hiert Zaubergedrénks besteet virun allem aus Kraider a Planzen.

Verbreedung vum Mythos "Hex" duerch d'Kathoulesch Kierch[änneren | Quelltext änneren]

Den Thomas vun Aquin geet a sengen Texter dovunner aus, datt Hexenakte mat der Hëllef vum Däiwel méiglech sinn. Hien gëtt präzis Informatiounen zu hire magesche Praktiken, wéi zum Beispill de Pakt mam Däiwel an d'Déierverwandlung. Mat senge Schrëfte leet hien de theoreetesche Grondstee fir déi masseg Hexeverfolgungen. Vill kierchlech Geléiert hu sech op den Thomas vun Aquin beruff a verëffentlechte Schrëften zu den Hexen, sou gouf de Mythos vun der Hex weider verbreet.

(https://www.planet-wissen.de/geschichte/neuzeit/hexenverfolgung/index.html#Wachsend)  

D'Kleriker an Uerdensmänner hunn dämonesch Texter verfaasst, an dem se vun der däiwlescher Gefor geschriwwen hunn. Dës sollt d'Existenz vun enger Hexesekt beweisen. D'Verfolgung gouf duerch déi Texter opgeruff. Dat bekanntst Buch zu der Verfolgung vun Hexen ass den Hexenhamme. Dat Buch huet zu enger drastescher Steigerung vun de Verfolgungen a Süddäitschland an an der Schwäiz gefouert. D'Prozesswellen hunn dann och d'Rheinland an d'Stad Köln erreecht. Duerno hunn d'Verfolgungen sech duerch ganz Däitschland verbreet an hunn eréischt ee Schluss mat der Beweegung vun der Opklärung fonnt.

(https://e-hausaufgaben.de/Referate/D5880-Referat-Geschichte-Ursachen-und-Verbreitung-des-Hexenwahns-in-der-fruehen-Neuzeit.php

Hexejuegd[änneren | Quelltext änneren]

Ënner Hexeverfolgung oder Hexejuegd versteet een d'Sich, d'Verhaftung, d'Folteren an d'Bestrofen a virun allem d'Hiriichtung vu Persounen, vun deene gesot ginn ass, se géingen Zauberei praktizéieren, bzw. mam Däiwel a Verbindung stoen. A Mëtteleuropa huet dës Hexeverfolgung virun allem a wärend der fréier Neizäit statt fonnt. Global gesinn ass se allerdéngs och hautdesdaags nach am Gaang.

Grënn fir d'Hexejuegd[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt vill Grënn, fir déi masseg Verfolgung, déi sech a verschiddene Regiounen an der fréier Neizäit däitlech verstäerkt huet. Deementspriechend gouf et ufanks der Neizäit eng grouss Unzuel u klenge Krisen, wéi zum Beispill déi kleng Äiszäit, Epidemien, déi sech iwwer e puer Länner ausgebreet hunn, a katastrophal Kricher.  

Zu der massenhafter Verfolgung konnt et allerdéngs eréischt kommen, wéi eenzel Aspekter vum Glawen an d'Magie an d'Strofrecht vun dem fréi moderne Strofrecht iwwerdroe gouf. Den Interesse un der Hexeverfolgung ass duerch schlecht Rekolten, perséinlecht Ongléck a Krisen entstanen. D'Leit konnte sech dës Onglécker net erklären. Doduerch goufen Hexen, bzw Leit déi fir Hexe gehale gi sinn, dofir verantwortlech gemaach. D'Verfolgung vun den Hexe war a breede Bevëlkerungsdeeler existent. Se ass aktiv an deelweis och géint de Wëlle vun der Regierung praktizéiert ginn.

Affer vun der Hexejuegd[änneren | Quelltext änneren]

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Bis Enn 16. Joerhonnert hu Jongen a Meedercher, déi nach net volljäreg waren, an de Prozesser vun der Hexeverfolgung als onschëlleg gegolt (????). 

Virun allem d'Hiefamme kruten zu dëser Zäit vill Virwërf gemaach mam Däiwel am Bond ze stoen, well et fir si liicht gewiecht wier, déi doudeg neigebuere Kanner dem Däiwel ze iwwerginn.  

Am 17. Joerhonnert koum et dunn derzou, dass Kanner an den Hexeprozesser net nëmmen als Zeien, mee och als Affer involvéiert goufen. Déi Kanner hu sech misse viru Geriicht verantworten, goufe verklot, verurteelt a gefoltert. Mëttlerweil gouf gegleewt, datt och gedeefte Kanner vum Satan konnte verféiert ginn. D'Léit sinn allerdéngs dovun ausgaangen, datt kee Kand vun sech aus béisaarteg war. D'Eltere krute virgeworf, dass hir Erzéiung net gutt genuch war an datt se net reliéis genuch waren. 

Fraen[änneren | Quelltext änneren]

D'Hexeverfolgung huet an Europa, virun allem a Mëtteleuropa, haaptsächlech de Frae gegëllt. Bal 90 % vun de verfollegte Mënsche ware Fraen. An Amerika ware 70 bis 80 % vun den Affer weiblech.

Männer[änneren | Quelltext änneren]

Ronn all véierten, deen als Hex higeriicht gouf war e Mann. Virun allem an Nordeuropa waren d'Männer staark betraff vun de Verfolgungen. An Hessen war haaptsächlech an der leschter Verfolgungsperiod d'Unzuel u männlechen Aafer héich.

Hexejuegd hautesdaachs[änneren | Quelltext änneren]

Hautesdaachs ass d'Thema vun der Hex nach ëmmer ganz aktuell, virun allem a Länner aus [Latäinamerika]], Südostasien an Afrika. Zanter 1960 si méi Mënschen wéinst Hexerei higeriicht an ëmbruecht ginn, wéi während der ganzer europäescher Verfolgungsperiod.

Zanter 1970 goufen Hexen verantwortlech fir d'Epidemie gemaaach, mä amplaz datt Impfprogrammer duerchgefouert goufen, huet déi Regierung Geständnisser vun alen Fraen am Radio verbreet, dei anscheinend d'Form vun Eilen ugeholl hunn, fir d'Séil vu kranke Kanner zu klauen.

Aktuell ginn et Fäll vu sougenannten Hexekanner am Kongo an am Nigeria, am Benin an an Angola ginn et Berichter, an deenen Aggressioune géint Kanner als Ursaach genotzt ginn fir d'Krankheet AIDS an den Doud vun Elteren z'erklären. A verschiddene Länner wéi z.B Togo oder Malawi, gouf d'Hexerei neess agefouert. Daat problematesch dodrunner ass datt räich Matbierger als Hex oder Zauberer gëllen, déi mat Hellef vun hiren Ritualer an Hexereien un hir Muercht komm sinn. Eleng a Südafrika an am Nigeria ginn et pro Joer bis zu honnert Ritualmorder.

Modern Hexenjuegde ginn hautesdaachs vum [[UNHCR¨¨ vun der UNO als Mëssuerchtung vun de Mënscherechter ugesinn. No de Rapporten vum UNHCR sinn déi Betraffe meeschtens aus de sozial schwaachste Gesellschaftsschichten: dobäi handelt et sech meeschtens ëm Fraen, Kanner, Eelerer oder Minoritéiten, wéi z.B. Albinos oder HIV-Infizéierter. Weider Fakteure fir d'Hexejuergd ass Aarmut, Krankheet, sozial Krisen an feelend Bildung.

Hexefolterung[änneren | Quelltext änneren]

Hexeverfolgung tëschent 1450 bis 1750 mat Héichpunkten tëschent 1550 an 1650.

De Vollstrecker hat all virstellbar Méiglechkeeten a Fräiheete fir gefaangen Hexen ze blesséieren an ze folteren. Si konnten hir Fantasie ob brutaalst a perverst Aart a Weis ausliewen. An der Zäit goufen extrem vill Foltermethoden erfonnt a gebaut, esou hat de Vollstrecker vill verschidde Folterinstrumenter zur Verfügung. De Vollstrecker huet seng Instrumenter als Spillsaache genotzt an hat meeschtens och Freed u senger Aarbecht. Dacks goufen déi sougenannten Hexen einfach u Steng ugestréckt an dann an d'Waasser geheit: wann se neess opgedaucht sinn, waren se eng Hex a wann se erdronk sinn, waren se onschëlleg. Dacks goufen den Hexen hir Brescht ausgerappt oder hir Daume gebrach. Doriwwer eraus goufen si schlëmmeren a qualvolleren "Erausfuerderungen" ausgesat. Hire Kierper gouf sou laang gezunn, bis datt hir Glidder ausgerenkt, zerrappt oder gebrach sinn.

Oflaf vun der Hexejuegd an der fréier Neizäit ==

Fir d'éischt gouf d'Hex ugeklot an dat meeschtens vu schonn inhaftéierten Hexen, déi ënnert Folter Nimm vun aneren angeblechen Hexe verroden hunn. Duerno gouf d'Hex an engem Keller oder Tuerm agespaart. Do goufen d'Hexen ausgedoen a raséiert, fir datt Zaubermëttel net konnte verstoppt ginn. Duerno gouf um ganze Kierper no engem Hexezeeche gesicht. Beim Verhéier huet de Riichter dann detailléiert Froe gestallt. Dann krut den Ugekloten déi verschidde Folterungsapparater gewisen an erkläert. Duerno gouf den Ugeklote mat Folterung verhéiert. Nodeems den Ugekloten no vill Péng endlech e Geständnes ofginn huet, gouf e verurteelt. Dëst war awer nëmme méiglech, wann den Ugeklote gestanen huet. D'Hex gouf da lieweg verbrannt, fir datt d'Séil kéint gerengegt ginn.

Quellen:[änneren | Quelltext änneren]

Definitioun (Hex):

https://de.wikipedia.org/wiki/Schadenzauber

Definitioun (Hexenjuegd):

https://de.wikipedia.org/wiki/Hexenverfolgung#cite_note-3

Hexenverfolgung:

http://deutschland-im-mittelalter.de/Hexenverfolgung/Hexen

http://deutschland-im-mittelalter.de/Hexenverfolgung/Hexenfolter

https://de.wikipedia.org/wiki/Hexenverfolgung#Verbreitung

Grënn fir d' Hexeverfolgung:

https://de.wikipedia.org/wiki/Hexenverfolgung#cite_note-3

https://www.emma.de/artikel/wer-waren-die-hexen-316909

Opfer vun der Hexenverfolgung:

Kanner: https://www.wissenschaft.de/geschichte-archaeologie/auch-kinder-wurden-opfer-der-hexenverfolgung/

Fraen: https://de.wikipedia.org/wiki/Hexenverfolgung

http://www.frauenwissen.at/hexen.php

http://www.kreuzzug.de/hexenverfolgung/zahlen-zur-hexenverfolgung.php

Männer: http://www.hstad-online.de/ausstellungen/online/webhexen/Hexenverfolgung/Tafel09/Tabelle1.htm

https://de.wikipedia.org/wiki/Hexenverfolgunghttp://www.frauenwissen.at/hexen.php