Benotzer Diskussioun:55polo55
Moien
[Quelltext änneren]
|
Wikidata
[Quelltext änneren]Wann ech gelift maacht an Zukunft keng falsch Verlinkunge méi op Wikidata. Dat kascht onnëtz Aarbecht fir dat ze flécken an erauszefanne firwat eppes bei den Interwikien net klappt. Merci am viraus. --Les Meloures (Diskussioun) 07:59, 27. Abr. 2020 (UTC)
Moien, kuckt w.e.g. emol d'Diskussiounssäit vun där Lëscht (déi Der als Text an enger Kategorie ugeluecht hat): Merci am viraus! --Zinneke (Diskussioun) 17:10, 27. Abr. 2020 (UTC)
Läschpropositioun
[Quelltext änneren]Den Artikel oder den Abschnitt Auguste Viktoria vun Hohenzollern, deen Dir ugeluecht hutt, entsprécht net den enzyklopedesche Wikipediakrittären. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren, datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Doriwwer eraus entsprécht dësen Artikel oder des Ännerung op d'mannst engem vun de Krittäre fir direkt geläscht ze ginn. Wann den Artikel oder déi Ännerung bannent dräi Deeg net op engem enzyklopedeschen Niveau ass, da gëtt e geläscht. |
--Les Meloures (Diskussioun) 06:49, 9. Sep. 2021 (UTC)
Linken
[Quelltext änneren]Moien,
kinns de wgl. d'Linken nokucke vun den Artikelen, déi s de ulees? Sou wéi dat do steet kann dat net stoe bleiwen, déi Schabloun déi s de vu wou och ëmmer hier hues, fonctionnéiert hei net. Kuck d'Ännerungen am Artikel "Partido Social Democrata" no, do hunn ech s'esou ëmgeschriwwen, wéi et soll sinn. Zinneke (Diskussioun) 17:17, 25. Jan. 2024 (UTC)
- Moien,
- Wéi ass et mat der Sprooch. Déi Maschinneniwwersetzunge fänken u lästeg ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:09, 26. Jan. 2024 (UTC)
An dësem Artikel hutt Dir schonn nees Schabloune gebraucht déi sou net fonctionéiren. Den Artikel gouf och net kategoriséiert. Huelt dat wgl. no --Les Meloures (Diskussioun) 12:22, 26. Jan. 2024 (UTC)
Referenzschablounen
[Quelltext änneren]Moien, am Artikel "Vox (Partei)" hutt Dir och nees Foussnoute mat Schablounen agesat, déi net richteg ugewise ginn. Maacht dat wgl an d'Rei, et kascht grad souvill, et vu virera richteg ze maachen, wéi herno mussen ze verbesseren.--Zinneke (Diskussioun) 13:10, 26. Jan. 2024 (UTC)
Sprooch
[Quelltext änneren]Den 28. Juni 2013 huet de Mediekonzern News Corporation seng Aktivitéiten als Editeur an dëser Gesellschaft ausgeschafft ...
- Wat soll domat gemengt sinn? --Les Meloures (Diskussioun) 13:49, 26. Jan. 2024 (UTC)
- Dir hutt ons nach net gesot war domat gemengt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 09:47, 13. Feb. 2024 (UTC)
An nach
[Quelltext änneren]Se refuséiert d'Autonomierechter vun de spuenesche Regiounen a beméit sech amplaz fir eng zentralistesch Verfassung; et refuséiert illegal Immigratioun a Neofeminismus
- An deem Saz stëmmt verschiddenes net. Béit dat wgl. riicht. --Les Meloures (Diskussioun) 14:03, 26. Jan. 2024 (UTC)
Wikiiessen
[Quelltext änneren]Gudde Moien, Du bass en aktive Wikipedianer a mir invitéieren dech gären op eist Wikiiessen e Samschden, 2. Mäerz 2024 zu Leideleng an duerno um 15:00 op d'AG vu Wikimedia Lëtzebuerg ASBL. Et wier eng flott Geleeënheet fir eis kennen ze léieren. Weider Detailer um Staminee. Sultan Edijingo (Diskussioun) 09:19, 23. Feb. 2024 (UTC)