Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:83.99.65.116

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 6 Joer vum Les Meloures

Nei. Hei musse Wikidata Elementer à-jour gesat ginn.

Wie soll dat da maachen???
Wann s du kuerz kucke gees, gesäis du datt ech schonn ugefaang hunn. Näischt fir ongutt. —83.99.65.116 09:02, 11. Jun. 2019 (UTC)Äntweren
Addendum: https://www.sockenseite.de/usenet/ausruf.html à méditer.83.99.65.116 09:06, 11. Jun. 2019 (UTC)Äntweren
Firwat dann déi Opfuerderung am Kommentar?
Aner Mataarbechter opzefuerderen si keng gutt Manéieren a kommen hei ganz schlecht un. Déi Informatioun feelt nach op denger Sockenseite. --109.129.80.158 09:13, 11. Jun. 2019 (UTC)Äntweren
't gëtt ee klengen ma subtilen Ënnerscheed tëscht Hei muss een d'Wikidata à-jour setzen an Hei musse Wikidata Elementer à-jour gesat ginn. Ech hu keen opgefuerdert. —83.99.65.116 09:30, 11. Jun. 2019 (UTC)Äntweren
Just eng kleng Informatioun vu menger Säit: Un de Wikidata gëtt permanent gefléckt a bäigesat. Et ass leider sou datt Leit dat musse maachen déi sech dacks guer net fir dee Sujet intresséieren, sech soss awer als Wikipedianer iergendwéi verflicht fillen, well soss dee Systeem guer net géif funktionnéieren. Et wier duerfir och flott wann dee Mataarbechter ob IP oder net, d'Wikidata vun deem Artikel deen hien ugeluecht huet selwer géif kontrolléieren an opfëllen. Hei bei de Vëloscourssen ass et esou datt dat bei grousse Courssen eng Heedenaarbecht ass an, wéi ech hei muss feststellen vun den auslännesche Kollegen och net ëmmer zerguttst gemaach gëtt. Mir kruten deen Automatissem als phantastesch presentéiert, e funktonnéiert leider net perfekt an et kascht enorm vill Aarbecht fir d'Boboe sichen ze goen. Mä wann alt mol d'Klengegkeete géifen direkt vum Auteur nogekuckt géifen da géif dat den anere Mataarbechter och weiderhëllefen. Et ass awer net nëmme bei de Vëlosinfoboxe wou et happert. --Les Meloures (Diskussioun) 11:24, 11. Jun. 2019 (UTC)Äntweren
PS: Fir mech perséinlech ass et och net wichteg ob et e klengen oder e subtilen Ënnerscheed gëtt, mä den Ënnerscheed läit fir méch éischter an der Tatsaach ob een hei am Kommentar seet et misst gemaach ginn , wat praktesch op all Wikipediasartikel zoutrëfft an deemno relativ iwwerflësseg ass, oder ob et gemaach gëtt. Dann nach e Rot deen och aner Schabloune betrëfft: Wann ee gesäit datt se net funktionéieren da soll ee se net gebrauchen. All zweeten Dag gesinn ech an Artikelen datt ënnendrënner Informatiounen a Routschrëft stinn. Dat soll den Auteur drophiweisen datt eppes net klappt. Mä wéi et schéngt sinn der vill faarweblann. --Les Meloures (Diskussioun) 14:23, 11. Jun. 2019 (UTC)Äntweren
@ IP 83.99.65.116: Ech hunn mol Är falsch Ännerungen op de Wikidata ewechgemaach. Et ass eeben net alles sou einfach wéi schonn d'Madamm sot. --Les Meloures (Diskussioun) 15:22, 11. Jun. 2019 (UTC)Äntweren

Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer, deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotze fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir d'Gefill hutt, datt Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir an Zukunft Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze vermeiden.