Benotzer Diskussioun:85.94.233.4
Sujet derbäisetzenMoien.
Ech weess net op et vill Sënn huet, mech ze widderhuelen, wéi et schéint lies de meng Äntwerten net: Ech schrouf Der fir d'éischt emol hei, et wier gutt, Du giffs Dr e Benotzernumm zouleeën, datt ech weess, dass ech "mat deeem selwechte" schwätzen; Du bass elo héi schonns ënnert enger drëtter IP-Adress, vun deeër ech unhuelen dass deen, dee mer schreift, deeselwechten ass. Ech hunn näischt am Artikel Obama oder Hitler an der lescht bemängelt, well dat wat do derbäikoum den Artikel weiderbruecht huet (och wann do nach jett geschriwwe ka ginn.)
Zu deem Journalist, iwwer deen s De geschriwwen hues, nach eng Kéier: Et gi gewëss Critèren, wat hei an dës Enzyklopedie als Lemma (Artikel) erapasst, a wat net (Kuck:wikipedia:wat Wikipedia net ass). E wichtege Critère ass Relevanz: Ass de Sujet vum Artikel relevant fir eng Enzklopedie, dh, bei Persounen: huet déi Persoun iergend eppes Bemierkenswäertes, Iwwerduechschnëttleches, Aussergewéinleches gemaach/produzéiert/crééiert/entdeckt/erfonnt, wat hir déi Relevanz géif ginn? Da kann et och en Artikel driwwer ginn. Ass dat net de Fall, dann eben net. Dat ass näischt géint déi Persoun, mee just fir d'Stringenz vun dësem Enzyklopedie-Projet. Fir Leit, déi gär hiren CV online stellen, ginn et jo genuch aner Webprovider oder -plattformen. --Zinneke 19:40, 15. Okt. 2009 (UTC)
PS: Et wier sécherlech net vu Muttwëll, du giffs der ukucken, wéi en Artikel opgebaut ass, a wéi de Stil vun engem Artikel ass. Et gëtt weiderhinn eng Lëtzebuerger Schreifweis, also applizéiere mer s'och esou gutt et geet. Nimm Z.B. ginn (net nëmmen am Lëtzebuergeschen) grouss geschriwwen... -- Z.
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer, deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotze fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir d'Gefill hutt, datt Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir an Zukunft Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze vermeiden.