Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:88.207.152.33

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 15 Joer vum Les Meloures

Bréissel besteet nun emol aus 19 Gemengen (Bréissel stricto sensu, Ixelles, Watermael-Boitsfort, Uccle , asw.). Ixelles ass deemno, am Geescht vun ALLE Bréisseler, e Staddeel vu Bréissel. Dat d'"agglomération bruxelloise" oder Groussbréissel och eng Regioun vum belsche Federalstaat ass, ännert näischt um Fait, dat "Bréissel" fir 19 Gemenge steet (änlech ewéi "Paräis" fir 20 "arrondissements" steet). Iwregens: d'Universitéit vu Bréissel wier, ärer Logik no, "bei" Bréissel... Ech hu 27 Joër zu Bréissel verbruecht, tëscht dem Bois de la Cambre an der Forêt de Soignes. Dat war ni eppes aneschtes ewéi "Bréissel"!!!

Gudde Moien, aleng fir bei der sou dacks reklaméierter Frëndlechkeet ze bleiwen,
Op der Wikipedia hale mer ons un déi administrativ Opdeelungen, an déi sin emol d'Haaptstadregioun Bréissel mat senge Gemengen, wovunner Bréissel an Ixelles verschidde Gemenge sinn, mat verschiddene Gemengeréit a mat alles wat zu enger Gemeng gehéiert.
Wéi et am Geescht vun de Leit ausgesäit a wéi et administrativ korrekt ass sinn zwee verschidde Puer Schong.
Les Meloures 12:05, 28. Mee 2010 (UTC)Äntweren

Gudden Owend!

Da kann een entweder Bréissel ewechloossen, Bréissel hanner Ixelles a Klammere schreiwen oder - no ärer Logik - Ixelles bei Etterbeek schreiwen. Ech bleiwe bei der 2. Variante. Iwregens gouf ët zur Zäit vum J. Vannerus wuel schon e "Groussbréissel" aus 19 Gemengen, mee nach keng Regioun Bréissel als Bestanddeel vum Federalstaat. Ech sinn dankbar fir orthographesch Korrekturen (allerdéngs "gescheit" Korrekturen, nët "Mä" duerch "Mee" ersetzen, oder "um Ënn" duerch "zum Schluss"...). Fir de Rescht ginn ech dovunner aus, dat ët keng Zensur braucht zë ginn. Eng fräi Enzyklopedie huet jo keng Cheffen, kee Chefredakter, asw., oder? Salü, Chris


Gudden Owend och,

Ech wäert mer hei lo d'Fangeren net kromm schreiwen, an ech hunn es och sat fir tëscht IPen hin an hierzesprangen. Wéi wier et mat engem Benotzernumm uleeën?.

Just nach eng Bemierkung zu de gescheite Korrekturen.

  • Am Artikel Vannérus hun ech keng Korrektur vun Ënn (wat eng Planz ass) op zum Schluss fonnt. Wann dat an engem aneren Artikel sollt gewiescht sinn, da war jo awer mol wéinstens de Sënn verbessert, well en Enn huet jo wuel näischt mat Ënnen ze dinn.
  • De gëtt der lëtzebuergescher Schreifweis no Mee geschriwwen, deemno ass déi Verbesserung och net iwwerflësseg gewiescht, an huet näischt mat gescheit oder net gescheit ze dinn. De Mä steet fir de franséische mais. Fir gëtt et wéi e gesäit och keen Artikel dee verlinkbar ass, an et wäert och kaum e ginn.
  • ad Zensur: d'Wikipedia huet keng Zensur, wat net heescht dat alles hei egal a waterenger Form opgeplättelt ka ginn. Dovunner ofgesinn huet Zensur näischt mat orthographesche Feeler ze dinn.
  • Mer sinn och ganz frou wann een dankbar ass fir d'Verbesserung vun den orthographesche Feeler, mer wieren allerdéngs méi frou wa mer déi Aarbecht net bräichten ze maachen. E Bléck op Eis Schreifweis kann do vläicht e bësselche weiderhëllefen.

Les Meloures 16:55, 28. Mee 2010 (UTC)Äntweren


Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer, deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotze fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir d'Gefill hutt, datt Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir an Zukunft Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze vermeiden.