Benotzer Diskussioun:92.145.28.78
Sujet derbäisetzenMerci Här Schanen, fir deen intressanten Artikel op der Diskussiounssäit vum Artikel Gekachtent Ee (deen ech, wéi all aus Ärer Rubrik, all Woch gär liesen)!
Dir schreift datt "villes vun deem, wat do iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch gesot gëtt, inhaltlech kéint verbessert ginn." Well Wikipedia op fräiwëlleger Mataarbecht baséiert, ass se drop ugewisen, datt jiddereen, deen e Feeler oder eppes Onkomplettes gesäit, d'Méiglechkeet huet, dat ze verbesseren oder ze ergänzen. Et géif mech dofir besonnesch freeën, wann Der eng Kéier bei Geleeënheet déi schlëmmsten Onkorrektheeten hei mat verdillegen hëllefe kéinnt. Ech giff dofir an ärer Plaz just e Benotzerkonto uleeën (ënnert Ärem richtegen Numm oder engem Pseudonym, wéi Der wëllt), sou datt Är Kontibutiounen eendeiteg z'identifizéieren an erëmzefanne sinn (Kontributioune vu Leit, déi eng Autoritéit op hirem Gebitt sinn, gi manner séier geännert oder editéiert, wéi där vun anonymen "IPen"). Wann Der Froen hutt, zéckt net, se op der Diskussiounssäit vum Artikkel, oder, wa se méi allgmeng sinn, ium Staminee oder och enger Diskussiounssäit vu engem aner Mataarbechter ze hannerloossen.
Mat beschte Gréiss,
--Zinneke (Diskussioun) 17:49, 13. Dez. 2013 (UTC)
PS: Well Der Iech fir de Meta-Sproochberäich intresséiert, hei nach e puer interssant Säiten hei op der Wiki, wou sech mat de Konsequenze vun eiser net norméierter Ausbausprooch erëmgeschloe gëtt:
- Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass
- Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch? mat den archivéierten "Ënnersäiten" zu zousätzleche Fäll;
Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer, deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotze fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir d'Gefill hutt, datt Dir net-relevant Bemierkunge krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir an Zukunft Verwiesslunge mat aneren anonymme Benotzer ze vermeiden.