Benotzer Diskussioun:Acel.lu

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia


Gudden Owend, ech hunn iech op menger Diskussiounssäit geäntwert.

Liest och vläicht onse Begréissungstext deen hei drënner steet. Vläicht hëlleft dat Iech e bësselche weider --Les Meloures (Diskussioun) 21:05, 27. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]


Moien Acel.lu,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

Direkt bei engem Veräin kucken an dann déi richteg Schabloun huelen wier och vläicht vun Ufank u méi einfach gewiescht. Et gëtt hei sou eng kleng Regel wann een un engem Artikel schafft. Et soll ee kucken op dat wat ee gemaach huet ouni Feeler ass an op alles funktionnéiert (op de Knäppchen Kucken ouni ofzespäicheren drécken). Wann dat net de Fall ass soll een et selwer nees direkt eraushuelen. Da brauch keen aneren dat ze maachen oder sech de Kapp ze zerbriechen wéivill Sënn et mécht, oder engem anere seng feelerhaft Aarbecht ze verbesseren.
Bei de Messagë soe mer als héiflech Leit och ëmmer moien, a mir ënnerschreiwen och fir datt jiddwereen direkt gesäit wien engem geschriwwen huet. Wann dat a Studentekreesser net sou ass, da feelt et menger Meenung no do u Munnechem.
--Les Meloures (Diskussioun) 21:23, 27. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]