Benotzer Diskussioun:Alias Tom
Sujet derbäisetzen| Dëst ass d'Diskussiounssäit fir en anonymme Benotzer, deen nach kee Kont opgemaach huet oder en net benotzt. Dowéinst musse mir d'IP-Adress benotzen, fir de Benotzer z'identifizéieren. Sou eng IP-Adress ka vun e puer Benotzer gedeelt ginn. Wann Dir en anonymme Benotzer sidd an Dir irrelevant Kommentare krut, maacht wgl. e Kont op oder loggt Iech an, fir weider Verwiesslunge mat anonymme Benotzer ze verhënneren.
Nei Messagen op dëser Diskussiounssäit stinn ënner dem Begréissungstext.
| ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Gudde Moien,
Merci fir d'Aarbecht déi Dir iech am Artikel Gemeng Nidderkäerjeng gemaach hutt. Awer all déi Informatioune stéinge besser bei der aktueller Gemeng Käerjeng. Den Artikel iwwer déi fréier Gemeng Nidderkäerjeng (déi et net méi gëtt) ass nëmme pour mémoire stoe bliwwen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:19, 16. Jun. 2014 (UTC)
- Gudde Moien Les Meloures,
- Majo, ech sin Stagiaire fir d'Gemeng Käerjeng am Moment an hunn als Aufgab d'Gemeng an alles waat et verbindet duerch ze checken an updaten. Ech hun mer geduet dass vue que d'Gemeng och ze Käerjeng ass, dass do ee klengen Paragraph net schueden géif, virun allem wann Leit schnell eppes sichen wëllen an net mussen di ganz Page vun der Gemeng um Wikipedia liesen mussen.
- Moien Alias Tom, merci un iech an Äre Patron fir déi Initiativ! Et gi bestëmmt nach vill Saachen zu Uertschaften an a Geschicht vu Käerjeng ze schreiwen (de Fond vun där keltescher Grafkummer z.B. gouf iwwer d'Grenze bekannt). Allgemeng soll all eenzelen Artikel fir sech stoe kënnen an eng ofgegrenzt spezifesch Saach beschreiwen. Linken a Verweiser hëllefen, d'Saachen déi zesummenhänken, ze fannen. Dofir ass et z.B. net néideg gewiescht, am Artikel zu der fréierer Gemeng Nidderkäerjeng Infoen ze setzen, déi éischter an den Artikel Gemeng Käerjeng oder Nidderkäerjeng (d'Uertschaft) gehéiere géifen.
- Wann Der nach aner Iddien hutt, wou Der op der Wiki kënnt Informatioune bäidroen, stellt se hei vläit kuerz vir, ier Der et maacht, dat verhënnert, datt onnéidegerweis Aarbecht muss réckgängeg gemaach ginn wéinst Formalitéiten.
- Op eng gutt Zesummenaarbecht! --Zinneke (Diskussioun) 10:07, 17. Jun. 2014 (UTC)
- PS: Hei drënner allgemeng Informatiounen, wéi d'Wikipedia esou fonctionnéiert. Kuck Iech och vläit absënns d'Säit Wikipedia:Eis Schreifweis un.
| ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
Gudde Moien Zinneke,
Ech hunn nach vill ze maan an Kënzeg gehéiert och dozou. Ët steet schon um Programm.
Merci fir äert present an zukünfteg Hëllef an hoffen och op eng gudd Zësummenaarbescht. --Alias Tom (Diskussioun) 06:39, 18. Jun. 2014 (UTC)
