Leschte Kommentar: viru(n) 21 Deeg1 Kommentar1 Persoun an der Diskussioun
MoienArthur Welter Marketing 2,
wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn. Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!“
Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.
Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z.B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z.B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).
Leschte Kommentar: viru(n) 4 Stonnen1 Kommentar1 Persoun an der Diskussioun
Moien, a Merci fir Är Mataarbecht. Dës Wikipedia ass a Lëtzebuerger Sprooch. Dofir gouf deen Artikel, deen Dir an enger anerer Sprooch ugeluecht oder geännert hutt, nees op déi vireg Versioun zeréckgesat, respektiv geläscht. Wann Dir wëllt an Ärer Sprooch schreiwen, da maacht dat am beschten an der Wikipedia-Versioun vun där Sprooch. Merci fir Äert Versteesdemech.
(en)Hello, and thank you for your contribution! This Wikipedia is in Luxembourgish, which explains why the article you have created or modified in another language has been reverted to its previous version or deleted. If you wish to write in your language, we recommend to do this in the Wikipedia version of that language. Thank you for your understanding.
(fr) Bonjour, et merci de votre collaboration. Cette wikipédia est en luxembourgeois. Voilà pourquoi l'article que vous avez créé ou modifié en une autre langue a été reconverti en sa version antérieure, resp. effacé. Si vous souhaitez écrire dans votre langue, nous vous invitons à le faire dans la version linguistique idoine de Wikipédia. Merci de votre compréhension.
(de)Hallo, und danke für Ihre Mitarbeit. Diese Wikipedia ist auf Luxemburgisch, was erklärt, warum der Artikel, den Sie in einer anderen Sprache geändert oder angelegt haben, auf die vorige Version zurückgesetzt, bzw. gelöscht wurde. Falls Sie in Ihrer Sprache schreiben wollen, empfehlen wir, dies in der Wikipedia in derselben Sprache zu tun. Danke für Ihr Verständnis.
L'article sera effacé s'il n'est pas traduit en luxembourgeois dans le 2 jours. Merci de votre compréhension.
PS: En plus, il n'est pas référencé. On pourrait s'attendre à ce que des gens qui se déclarent "responsable marketing" s'intéressent un tant soit peu au médium où ils font des publications...