Benotzer Diskussioun:BG-IP01

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, BG-IP01.

Merci fir d'Uleeë vum Artikel Monkey D'Ruffy. Liest w.e.gl. onbedingt d'Säit Wikipedia:WikiProjet Comics ier der virufuert, an haalt Iech do w.e.gl. drun. Merci am viraus! Op eng gutt Zesummenaarbecht.--Zinneke (Diskussioun) 12:05, 14. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]

Den Artikel oder Kapitel vum Artikel Monkey D'Ruffy deen/dat Dir ugeluecht hutt entsprécht net den enzyklopedesche Wikipediakrittären. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Doriwwer eraus entsprécht dësen Artikel oder des Ännerung op d'mannst engem vun de Krittär fir direkt geläscht ze ginn. Wann den Artikel oder déi Ännerung bannent dräi Deeg net op engem enzyklopedeschen Niveau ass, da gëtt e geläscht.
Grond: Falsche Lemma, voller Feeler, onlieserlecht Lëtzebuergesch

--Les Meloures (Diskussioun) 10:52, 15. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]

Re-Moien,
Just fir e Besipill ze ginn, wat erwaart gëtt: Am 2. Saz:
"Ruffy sein Draam as ed Piratenkineg ze gin an fie dad ze errechen muss den Ruffy den grousen Piratenschatz vum allen Piratenkineg Gol D' Roger, fannen den sech op da Grandline befennt."'
si genee 5 Wierder net falsch geschriwwen. Wann Der, wéi beschriwwen, Iech d'Säit iwwer d'lëtzebuergesch Orthographie ugekuckt, den Text iwwerlies a vum Spellchecker kontroléiere gelooss hätt, misst dat hei do stoen:
Dem Ruffy säin Dram ass et, Piratekinnek ze ginn. Fir dat z'erreeche muss hien de grousse Pirateschaz vum ale Piratekinnek Gol D' Roger fannen, dee sech op der Grandline [wat soll dat sinn?] befënnt".
Un Iech, de Rescht nozekucken.
--Zinneke (Diskussioun) 13:59, 15. Nov. 2019 (UTC)[äntweren]


Kleng Fro un Community, falls ech den Abschnitt mat da Equipe muss läschen, dusch wat soll ech den ersetzen? Ech wëllt den am léifsten halen, wëll dat déi Haaptpersoune vum Ruffy sinn, déi en Zesummenhang mat him hunn.
Dat ass eng gutt Fro a se weist datt s de guer net verstanen hues wéi d'Wikipedia an den Opbau vu sengen Artikele funktionéiert. Kann et sinn datt s de dat schlecht erkläert krus?--87.64.59.46 19:04, 2. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]
Moien, e Wikipedia-Artikel behandelt ee bestëmmte Sujet ("Lemma"). Konnex Theme ginn an eegenen Artikele behandelt, déi verlinkt sinn/ginn. Am heite Fall geet et ëm ee Personnage (den Haapt-Protagonist) aus der Serie One Piece. An am Artikel dozou gëtt et zanter Joeren d'Kapitel "Stréihutt-Band" wou déi Personnagen opgezielt sinn, an deen Der mat deem wat hei (verstoppt) steet, kompletéiere kënnt. Allerdéngs muss och do nach zolitt u Stil a Schreifweis gefeilt ginn. Falls dat ze laang gëtt kann een iwwerleeëen, en eegenen Artikel Lëscht vun de Personnagen aus ''One Piece'' unzeleeën an dat dran ze kopéieren.