Benotzer Diskussioun:Busdriverlux

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Busdriverlux,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Den Artikel Sandy Botsch deen Dir ugefaangen hutt entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

--Les Meloures (Diskussioun) 11:28, 19. Abr. 2015 (UTC)[äntweren]

Wollt froen wat genau um Artikel Sandy Botsch net richteg as.

Moien
Ma do ass sou zimmlech villes net richteg sou wéi an der Schabloun hei uewendriwwer steet. Vill Schreif oder Tippfeeler, Schlechten Opbau a.s.w. Kuckt Iech mol vläicht aner Artikelen iwwer Persounen un da gesitt Dir den Ënnerscheed schonn op den éischte Bléck.

Dat wat Dir do geschriwwen hutt ass e Copy-paste vun hirer Websäit a schlecht op Lëtzebuergesch iwwersat. Sou Geknäips ass eigentlech och guer net erlaabt. --Les Meloures (Diskussioun) 15:12, 19. Abr. 2015 (UTC)[äntweren]

Majo de Problem as dat dei Infoen dei ob der Homepage sinn och dei wichtegst sinn, allerdengs wann dir gären hätt dass d´Leit Iech hellefen Sachen ze schreiwen, misst een mol kucken méi en einfachen Tool ze fannen wou et dei Leit mei einfach gemaat get Sachen anzesetzen.

A sech as et souwisou schon komesch dat onbedeitend Leit dei ze soen keen Mensch kennt an der Wiki opgefouert ginn an Perseinlechkeete wéi Sandy Botsch waat eng vun de beschte Sängerinnen am Land as, duerch säi Lidd Frou mat Dir iwwert Grenzen eraus bekannt gouf mol net an der letzebuergescher Wiki opgelescht gett. Dat misst schon d´office vun den Admin drop gesaat ginn, well do jo och aner Leit vun den Administartoren dropgesaat gin bzw. goufen.

Ech sinn einfach paff iwwer alles wat hei misst gemaach ginn, fir et de Leit sou einfach wéi méiglech ze maachen. Wann hei ee méngt et wier wichteg datt e gewëssen Artikel do steet, da muss deen e scho selwer schreiwen. Hei gëtt et kee Redaktiounschef dee seet wat muss gemaach ginn. Awer Artikelen déi ee schreift solle richteg vun der Sprooch a vun der Schreifweis hier sinn. Se sollen och e wikiméissegt Format hunn an et sollen Informatiounen dra stoen déi wirklech wichteg sinn, a keng Schlagwierder déi een an Zeitungsartikelen oder op Homepagen erëmfënnt. Mir schreiwe keng Zeitungsreportagen hei a sollen och keng aner Websäite kopéieren. E puer Saache sollte schonn op der eegener Mëscht gewueess sinn. A wéi gesot mol einfach aner Artikelen iwwer Persoune kucken da geséit e schonn wéi mam Artikel soll ugefaange ginn, wéi z.b. mam Introduktiounssaz deen zimmlech eenheetlech soll gehale ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 16:11, 19. Abr. 2015 (UTC)[äntweren]