Benotzer Diskussioun:Charelfolmer

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Charelfolmer,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Cassatiounsgeriicht[Quelltext änneren]

 

Cassatiounsgeriicht

Den "cours de cassation" huet als Missioun d Decisiounen ze reviséieren déi am Parlament getraff ginn.

Den "cours de cassation" ass follgendermoossen opgedeelt :

-Ee President an 3 Conseilleren déi och den Titel vum President vun da "cours supérieur" droe vun da Justiz

-An ee Conseiller vum " cours d appel"

Déi verschidde Kompetenzen

-D Affären déi annuléiert ginn oder grad an da Attente stinn

-D Demanden "en Cassatioun" géint d "arrêts rendusen" vun dem Militär Cours

-D Cassatiouns nofroe sinn an anere Fäll per Gesetz festgeluecht

- Alleguer d nofroen déi vum Arrondissement Tribunal ausginn, gi vun engem anere Grond vir en legitimme Verdacht aus

- d froen zum Reglement vun de Riichter déi net sech net virum Arrondissement Tribunal wäisse mussen

- d Demanden déi zréckkommen, déi warscheinlech a Revisioun ginn nodeems se virum Arrondissement Tribunal net duerch komm sinn

Introduktioun vun da Cassatiounsgeriicht

- Bei da civil Mesure, den Delai vir d Introduktioun vu Cassatiounsgeriicht wärend den Arrêten an de kontradiktoresche Jugement vum Daach vun da Notatioun vun da Persoun oder doheem leeft no 2 Méint of.

- Dësen Delai ass nëmme verlängert vir: - em 15 Deeg déi Leit déi, mat Erlaabnis allerdéngs, d Land vir maximal 15 Deeg verloossen. Dëst awer och nëmmen an engem Land wou déi europäesch Unioun d Méiglechkeet huet en ausliwweren ze loossen. Länner wei Andorra, Gibraltar, Monaco, Säint-Martin oder Vatikanstaat sinn och erlaabt.

- 25 Deeg vir Leit déi an en anert europäescht Land ginn, Ausnam Tierkei a Russland.

- 35 Deeg vir déi Leit déi déi europäesch Länner verloossen.

- De Verfall vun dësen Delaien ass ënner strenger Beobachtung.


De Recours en Cassation (bzw. de Pourvoi en Cassation) ass ee speziellen Recours deen eng lescht Instanz géint eng juristesch Decisioun ass. De Cours de Cassation iwwerpréift eng lescht Kéier ob d'Reegelen vun der Prozedur respektéiert, an ob d'Gesetzer richteg ugewannt goufen. Bei ziviller, kommerzieller a sozialer Mesure ass de Pourvoi en Cassation, bis op e puer Ausnamen, bei enger Greffe vum Cassatiounshaff forméiert. Bei enger strofrechtlecher Mesure ass d'Deklaratioun vun der Cassatioun an der Greffe vun der Justiz, vun de Verantwortlechen fir d'Cassatioun, forméiert. De Recours en Cassation baséiert op dem Gesetz vum 18. Februar 1885. An dësem Gesetzestext ass festgehale wéini een d’Recht op de Recours huet, a wei des Prozedur ofleeft. Fir säi Recours anzereechen, muss den Zoustännege vun der Demande en Cassation eng Kopie vun der kritiséierter Decisioun an ee Memoire, ënnerschriwwe vun der géignerescher Partei, mat den eenzelen Detailer vum Recours un de Cour supérieur de Justice weiderreechen.