Benotzer Diskussioun:ChrisAWeber
|
Moien,
Dir hutt vill Fotoen eropgelueden déi op der Websäit vum CIBETT ze fanne sinn. Déi Websäit steet awer dommerweis ënner Copyright. Et kéint demno liicht méiglech sinn datt Är Fotoen iergendwann eng Kéier als fräi Biller contestéiert a geläscht ginn.
--Les Meloures (Diskussioun) 11:57, 22. Nov. 2017 (UTC)
Gudden Owend, io ech weess, ech hun se och vum Site geholl. Ech schaffen nämlech am CIBETT, dowéngst krut ech och d'Autorisatioun vun méngem Viirgesetzten, dass ech déi Fotoen därf benotzen an och op den Wikipedia dierf setzen.
Ech hätt nach eng aaner kleng Froo, iwwert eppes waat mëch bëssen nervt. Ech setzen déi verschidden Fotoen ëmmer ënnert den "zugehöregen" Text (Beispill: "...an den Garagen befannen sëch d'Asazgefierer..." an do ënnendrënner setzen ech dann d'Foto vun der Garage. Daat klappt dann och esou. Wann ech awer eng Zäitchen drop rëm op Wikipedia kucken gin, dann stin se rëm all beieneen iwwert dem ganzen Text... Kënnt dir mir do villäicht weiderhëllefen?
Villmosl Merci an bescht Gréiß
Chris--ChrisAWeber (Diskussioun) 22:01, 22. Nov. 2017 (UTC)
- Moien
- Mat de Fotoen ass dat net sou einfach. Wann en op Wikipedia Fotoen eropluet da muss ee selwer d'Rechter dervun hunn, dat heescht et muss een d'Foto selwer gemaach hunn, oder et muss een d'Erlaabnes vum Fotograf hunn. D'Autorisatioun vum Virgesetzte geet net duer, well dee jo sécher d'Fotoen net selwer gemaach huet. Wann de Fotograf seng Rechter wëll ofginn da muss dat iwwer ORTS dokumentéiert ginn. Dofir ass et am einfachsten et mécht ee seng biller selwer.
- Zu der Plaz vun de Fotoen am Text ass dat heiten ze soen. Et ass schlecht fir Fotoen am Text op déi Plaz ze setzen, wou ee mengt datt se higehéieren. Dat huet zwou Ursachen: 1) An de meeschte Fäll iwwerhëlt de System déi Plaz guer net (wann z.B. nach aner Fotoen do stinn) an 2) bréngt et mat sech datt d'Biller schlecht gruppéiert sinn. Besonnesch wann net vill Text do steet kritt een zevill Loftlächer am Text.
--Les Meloures (Diskussioun) 09:21, 23. Nov. 2017 (UTC)
- Remoien
- Dat einfachst wier einfach nei Biller ze maachen, well et sinn der och en etlech derbäi déi eng schappeg Opléisung hunn. Fir den Ament presséiert näischt, soulaang kee vun de Kontrolleren en Hoer an der Zopp fënnt. Ech kann der och eng Hand upake fir Fotoen ze maachen, sinn zimmlech dacks am Land a kann eng Kéier zu Beetebuerg laanscht kommen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:55, 24. Nov. 2017 (UTC)