Benotzer Diskussioun:Cyrus neshvad

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Dir musst net ëmmer déi richteg Schreifweis op eng falsch verbessere goen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:03, 3. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Majo wann schreiwfeeler do sin verstinn ech Aer ennerungen, mee weg net feetgedreckkt saachen wiesselen. An ech well och net mein Alter ugin. Merci fir daat ze respekteiere

An och weg eis diskussion enner : verbesserung och eraushuelen wann et geet. Merci dann nach


Moien,
Ären Alter ass durch offiziell Texter bekannt, da gëtt et keng Ursaach firwat datt d'Wikipedia deen net soll och kënne publizéieren. Dem Grand-Duc säin an dem Premier säin stinn och do. An ausser datt dir lo hei sot datt Dir den Här Neshvad wiert huet d'Wikipedia kee Beweis dofir. An deem Sënn näischt fir ongutt. --Les Meloures (Diskussioun) 10:38, 3. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]


well et awer net sou direkt am wikipedia stoen hun

an och dat ech syrus genannt gi sin wei ech stagiaire war ass och net ok fir mech dass et am wikipedia steet.

Tjo dommerweis steet Ären Numm esou an engem Gesetzestext. D'Wikipedia huet deen net erfonnt. Deen Numm hutt Dir jo da warscheinlech awer selwer uginn. Deen Text huet och näischt mat ärer Stagiairezäit ze dinn. Dir kënnt elo d'Wikipedia net responsabel maachen fir dat wat Dir selwer an engem legalen Text als Ären Numm uginn hutt.
Rebelotte:Dir hutt och d'Informatioun iwwer d'Uni Montpellier aus dem Text geholl. Stëmmt dat éieren net? --Les Meloures (Diskussioun) 13:46, 3. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, ech wollt iech ufroen fir meng wikipedia seit ganz ze laeschen weg.

Re: changementer[Quelltext änneren]

Moien, zum Message, deen Der mer hannerlooss hutt: et freet mech ze liesen datt äre Film geschwënn erauskënnt. Dee Message krut ech, nodeems ech eng Ännerung (Text ouni Erklärung ewechhuelen) nees op déi Versioun vu virdrun réckgängeg gemaach hunn.

Dir schreift: "Wei gesoot, dass meng gebuertsdatum do steet, spillt geint mech on den kuerzfilm festivaler an och anner plaatzen."' Eischtens hutt Dir mir nach ni esou eppes gesot gehat. Zweetens hunn ech Problemer, dee Saz ze verstoen: A wéiwäit soll e Gebuertsdatum "géint ee spillen"? Et gëtt een all Dag méi al, dat schonn, mee soss? Ech gesinn, déi Saach mat den Donnéeën gouf schonns heidriwwer mat anere Useren am August diskutéiert. Basisdonnéeën zur Persoun, déi objektiv a richteg sinn, sti, wa bekannt, an all biografeschem Artikel an enger Enzyklopedie (an och an allen 280 Sproochversioune vun der Wikipedia).

Dir schreift: "Ech haalen iech soss verantworltlech fir all schued den mir waert ukommen. Dat musst Der mer scho méi genee erklären, wat fir ee Schued Iech "wäert ukommen", doduerch, datt ech d'stënterlecht Läsche vun eng no allem Anschein richteger Informatioun, déi annerhalleft Joer hei steet, annuléiert hunn? An a wéiwäit ech fir eng Net-Aktioun (ech hunn den Text esou gelooss, wéi e war) verantwortlech sol sinn.

Wat Äre Wonsch op Läschen ugeet: Da setzen ech alt den Artikel op Wikipedia:Läschen, da ka, wéi d'Reegelen et virgesinn, jidereen doriwwer diskutéieren.

--Zinneke (Diskussioun) 21:05, 24. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

ok merci. An kuerz film festivalen, wann een um selweschden niveau ass kennt et oft fier dass organisatoren schnell nokucken wei aal een ass. Dann gin se oft dem preis un deen dee mi jonk ass. An dann spillt den wikipedia geint mech. Wann een beruehmt ass kann daat jo ganz egal sin. Wann dir et net aenneren kennt, dann laescht mech einfach. Merci fir aer aentwert. Oder huelt den datum bis enn 2014 raus.
Setzen do an de Jurien da lauter Nausien, datt déi mol net den Alter vun de Leit kennen déi matmaachen. Mech wonnert zwar scho laang näischt méi an deem Filmgeschäft, awer dat do ass eng Mentalitéit vu viru fofzeg Joer. Ech komme mer vir wéi an der Spillschoul. Et ass schued datt ech op der Läschsäit net ka mat ofstëmmen, soss wier ech honnertprozenteg fir d'Läschen aleng wéinst deeër klengkaréierter Mentalitéit an der Filmbranche. --87.66.213.124 21:38, 24. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

kuerz film FILS[Quelltext änneren]

Moien,

Wei kann ech daat maachen fir eng Sait opzemaachen fir mei neie keurz film FILS ?

Well do weillt ech all Infoen dransetzen an och Festivaller an Praisse.

Merci am viraus

Moien, ass dat wierklech sou schwéier fir sech un d'Wikiformat unzepassen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:51, 26. Feb. 2017 (UTC)[äntweren]


uewe stoen[Quelltext änneren]

Et muss uewen stoen kommen an engem Saatz, an de film ass just nomineiert, well de film praiss reischt am sptember ass

1) dat heescht nach laang net datt et op menger Diskussiounssäit muss uewe stoen. Do steet ganz däitlech a rouder Schrëft datt een déi nei Messagen ënne soll bäisetzen, soss sicht ee sech aarm derno. Dat gehéiert och zur elementarer Héiflechkeet ënner Benotzer datt sou e Wonsch respektéiert gëtt! Dat sollt e Regisseur och verstoen.

2)Et gëtt keng Ursaach fir datt déi Nominatioun soll uewe stoen. Si ass net besser an net schlechter wéi déi aner, an deemno kënnt se der Chronologie no ënner déi aner stoen. Mir maache keng Ausnahm wéinst enger Nominatioun am Lëtzebuerger Filmpräis.

--Les Meloures (Diskussioun) 13:50, 26. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Ennen stinn nemmen D'Praisser dei den Film gewonnen huet an NET d'Nominatiounen ! Fannen daat net korrekt dass dir daat emmer nees wiesselt !

Keint dir och Internet referenzen dei nach niewt gewonnen Praisser stinn, ennen setzen, well ech wees net wei een daat mecht. Fir den Filmpraiss nominatioun well ech dass daat mam Luxfilmfest verbannt gett, also ganz uewen. Maacht daat weg. Merci


An dësem Saz ---De film gouf De Film gouf fir de Lëtzebuerger Filmpräis 2018 nominéiert, deen de 22. September ass, am Theatre National de la vill de Luxembourg--- deen dir wollt bäisetzen stinn op d'manns 8 Feeler dran. Et wier flott wann der eppes bäisetzt dat och an enger verständlecher Sprooch an an enger korrekter Schreifweis gemaach gëtt. Déi aner Mataarbechter kréien es lues a lues sat ëmmer bei deene selwechten d'Botzfra ze spillen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:18, 26. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]


Ennen stinn nemmen D'Praisser dei den Film gewonnen huet an NET d'Nominatiounen ! Fannen daat net korrekt dass dir daat emmer nees wiesselt !
Da loosse mer Nominatioun ganz ewech, well et gëtt keng Ursaach fir datt déi soll virun de Filmpräisser stoen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:18, 26. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]
Wat Dir perséinlech an deem Fall korrekt fannt ass ganz egal. Dat sinn typesch Gefiller vu Redakteren an eegener Saach deenen et op der anerer Säit awer un Neutralitéit zum Artikel feelt. --Les Meloures (Diskussioun) 14:18, 26. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]
Ëm déi Referenzlinke gëtt sech an nächster Zäit bekëmmert. Et gëtt nach méi Wichteges an dëser Enzyklopedie wéi e Kuerzfilm deen e puer Präisser krut. --Les Meloures (Diskussioun) 14:18, 26. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Ok fir referenzen, mee et geet net wei dir daat gemaach huet : Nominatioun a praisser ze meschen, well et sin 65 nominatiounen an ech hun bis lo 41 praisser agin.

Dann lossen ech einfach Nominatioun bei der Lescht vun den Praisser, mee verstinn einfach aere Logik net !