Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Danlang

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 17 Joer vum Les Meloures

Moien,

Ech liesen op menger Diskussiounssäit: an dann kommt dir an läsch se..

Kënnt dir mir soen, watereng Säit ech geläscht hunn? Les Meloures 21:46, 26. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Remoien
Den net enzyklopedeschen Opbau vum Artikel an déi ogeféier 60 Feeler déi dra stinn, sinn d'Ursaach vu menger Propose fir ze läschen.
Dofir dozou e puer Froen:
  • Wéini ass déi Band genee gegrënnt ginn?
  • Gouf se am Mémorial agedroen?
  • Wann net, existéiert se rechtlech net, an dann ass hir Presenz op der Wikipedia schlecht ze justifiéieren.
Les Meloures 22:04, 26. Aug. 2008 (UTC)Äntweren


Remoien:

Mol e puer Informatiounen zu der Wikipedia.

  • 1) D'Wikipedia ass keng Administratioun.
  • 2) Jiddereen deen hei mathëlleft mécht dat fräiwëlleg, an deemno ka kee forcéiert ginn engem anere seng Feeler ze verbesseren.
  • 3) Schéngt dat Verbesseren, mer de Moment net déi ideal Léisung ze sinn, vu datt d'Relevanz vun deem Artikel fir d'Wikipedia zweifelhaft ass.
  • 4) Fir datt en eng Existenzberechtegung huet, missten emol déi 2 Froen déi ech hei uewendriwwer gestallt hunn, beäntwert sinn. Esou Artikelen ginn an de Wikipediaen an anere Sproochen direkt ouni Kommentar geläscht.
  • 5)Firwat méchs du der net emol selwer d'Méi fir e puer vun denge Feeler erauszefannen? Dat kéint jo och näischt schueden. Wanns du net amstand bass emol déi graffste Feeler selwer erauszesichen, firwat sollen aner Leit dat fir dech maachen?
  • 6)Waart emol 2 Deeg of, da kriss de nach anere Leit hir Meenung mat.

Les Meloures 23:22, 26. Aug. 2008 (UTC)Äntweren

Moien Danlang. Wéi s de bestëmmt erausfonnt hues ass et an der Wikipedia genee wéi an der realer Welt. Et ginn déi frëndlech Leit an déi "aner". Wells de hei kee "forcéiere" kanns, der eng Hand unzepaken, hues de zwou Méiglechkeeten:

  • Du lies op der Säit Wikipedia:Eis Schreifweis déi wichtegst Reegele vun der lëtzebuergescher Sprooch an du probéiers, eleng eens ze ginn
  • Du hëllefs an der däitschsproocheger Wikipedia mat: Do hues de op der Säit "Wikipedia:Mentorenprogramm" eng Rëtsch vu Mentoren, déi sech ëm déi Nei këmmeren, déi net direkt eens gi mat de Bräich. Maach et gutt. Muerzel

Salut Danlang, huel et net ze schwéier, ech war och bei mengem éischten Artikel hänke bliwwen, wéinst Neutralitéitsproblemer. Wéis de geseis, gëss de esouguer vum Kolleg Muerzel an d^'Ausland verwissen, well hie wellt sech och d'Méi net maachen fir ze verbesseren oder selwer Mentor ze spillen. Den Nilrom