Benotzer Diskussioun:Esther~lbwiki
Sujet derbäisetzen--Cornischong 18:47, 20 Dezember 2006 (UTC)
Schéin, datt s de hei mat upeeks. Wann s de eng Fro hues oder e Pefferkär, deen s de gär lassgëss, da looss se roueg kommen. --Cornischong 20:09, 20 Dezember 2006 (UTC)
Moin
[Quelltext änneren]Moin Esther. Nach eng "Sorbonnerin", bis lescht Joer war ech och do :) (Geschicht, Master beim Bély) Ech hu gesinn datts du en Artikel iwwer Gnod gemaach hues. Ech wollt der nëmme soen, datt mir eis Artikelen net ënnerschreiwen. D'Signatur ass nëtzlech op Diskussiounssäiten, datt ee wees, wee mat weem potert, mee am Artikel brauche mer dat net. Am Historique kann een herno nokucken, ween alles wourunner gebastelt huet :)
Dat war et schonns :) --βρισεισDisk 11:32, 21 Dezember 2006 (UTC)
Gnod an Artikelrotschléi
[Quelltext änneren]Da sinn ech emol "gnädeg" hehehe :) Wou fänke mer am beschten unn... also wat d'lëtzebuergesch selwer ugeet (och ech, wéi jiddfereen hei maache Feeler, et ass eben net ëmmer esou einfach) kanns de der zum Beispill d'Säiten Wikipedia:Eis Schreifweis, Wikipedia:Wéi heescht dat op Lëtzebuergesch? an Wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass ukucken. Dat ass e graffen Iwwerbléck zu de wichtegste Punkte vun eiser Sprooch.
Komme mer elo zu "Wikipediatechnesche Saachen". Artikele lafen ëmmer no folgendem Schema of: En Haaptsaz mat "blabla" ëm wat/ween et geet (kuerz erkläert), an den Artikelnumm dobäi fettgeschriwwen. Als Beispill den Artikel Louis XVI. vu Frankräich:
- De Louis XVI. (*23. August 1754, †21. Januar 1793) war Kinnek vu Frankräich an Navarra vu 1774 bis 1789 an duerno Kinnek vun de Fransouse bis 1792. Hie war de leschte Vetrieder vum Absolutismus a gouf zu engem Affer vun der Franséischer Revolutioun.
Dat geet als Introductioun fëllegen duer a seet dem Lieser direkt ëm wat et geet. D'selwecht bei Filmer, zum Beispill Closer:
- Closer ass e Film vum Mike Nichols aus dem Joer 2004.
Duerno geet et da richteg mam Artikel lass, virdrun gëtt keng Iwwerschrëft.
Dann, wéi ech der scho geschriwwen hat, benotze mer eis Signatur (~~~~) nëmmen op Diskussiounssäiten, d'Artikele selwer ënnerschreiwe mer net, well mer jo meeschtens net deen Eenzege sinn, deen dorunner kniwwelt. Muer kommen ech a setzen eng Foto bäi, iwwermuer kënns du a verbessers e Link asw. :-)
Aner wichteg Punkten: Iwwersetzungen op aner Sprooche mussen net onbedéngt derbäi stoen (also wéi Gnod (grâce)) wann et sech net ëm spezifesch Wierder handelt, déi souwisou an enger anerer Sprooch den Original sinn. Wat oft virkënnt, si laténgesch Wierder, fir d'Etimologie vun engem Wuert ze erkläeren, oder well et de "Fachausdrock" ass (idem fir griichesch).
Hmm jo an da gëtt et nach eppes, daat heescht Interwiki-Links. Du gesäis se lo am Artikel "Gnod". Dat sinn d'Links op de selwechten Artikel an enger anerer Sprooch. Dës solle waméiglech ëmmer derbäigesat ginn, genee sou wéi e Link op eisen Artikel op déi englesch Wikipedia muss (vun do aus ass et automatiséiert a gëtt op all déi aner Wikie verdeelt). Annnn zu gudder lescht gëtt et Kategorien. Mee doriwwer maach der nach keen ze grousse Kapp, do klappe mir eis och selwer e bëssen derduerch :)
A wanns de dech bis e bëssen ageliewt hues hei, da komme mer zu de richteg lëschtege Saache wéi Tabellen, Biller, Templates asw :)
Wann nach Froe sinn, einfach schreiwen :) --βρισεισDisk 17:25, 21 Dezember 2006 (UTC)
Ah ech hunn nach eppes wichteges fonnt: Wikipedia:Nummkonventiounen (wéi nenne mer d'Kand dann elo ?) :) --βρισεισDisk 11:02, 22 Dezember 2006 (UTC)
Äre Benotzerkont gëtt ëmbenannt
[Quelltext änneren]Bonjour,
D'Entwécklungséquippe vun der Wikimedia Foundation mécht e puer Ännerungen, déi d'Funktionéiere vu Benotzerkonten uginn. Dëst geschitt als Deel vun eise kontinuéierliche Beméiungen, fir eise Benotzer nei a besser Funktiounen (wéie Notifikatiounen vun enger Wiki op eng Aner) zur Verfügung ze stellen. Dës Ännerungen hunn als Konsequenz, datt d'Benotzer iwwerall deeselwechte Benotzernumm hunn. Doduerch kënne mir Iech nei Funktiounen zur Verfügung stellen, déi d'Méiglechkeete beim Änneren a bäi Diskussioune verbesseren. Et ginn och méi flexibel Benotzerrechter fir Tools zur Verfügung gestallt. Eng Bedingung dofir ass, datt Benotzerkonten elo eendeiteg iwwer all 900 Wikimedia-Wikien zougedeelt musse sinn. Méi Informatioune fannt Dir op dëser Säit.
Leider huet Äre Benotzerkont eng Nummkollisioun mat engem anere Benotzerkont mam Numm Esther. Fir sécherzestellen, datt weiderhin déi zwee Benotzer op de Wikimedia-Projete schaffe kënnen, gëtt Ären Numm op Esther~lbwiki ëmbenannt. Äre Benotzerkont wäert am April 2015 zesumme mat anere Benotzerkonten ëmbenannt ginn.
Äre Benotzerkont wäert weiderhi wéi gewinnt funktionéieren an Dir gitt als Auteur vun allen Ännerungen déi Dir bis elo gemaach hutt genannt ginn, awer Dir musst beim Aloggen deen neie Benotzernumm benotze mussen. Wann Iech Ären neie Benotzernumm net gefält, kënnt Dir mat dësem Formulaire ufroe fir nach emol ëmbenannt ze ginn.
Entschëllegt w.e.g. d'Ëmstänn déi dëst Iech mécht.
Yours,
Keegan Peterzell
Community Liaison, Wikimedia Foundation
03:13, 18. Mäe. 2015 (UTC)
Ëmbenannt
[Quelltext änneren]Dëse Benotzerkont gouf ëmbenannt am Kader vun der Annonce vun der Finalisatioun vum 'Single User Login'. Wann Iech dëse Benotzerkont gehéiert da kënnt dir Iech alogge mat Ärem virege Benotzernumm a Passwuert fir méi Informatiounen. Wann Dir dësen Numm vum Benotzerkont net wëllt da kënnt Dir, nodeem Dir Iech ageloggt hutt, dëse Formulaire benotzen Spezial:Global Ufro fir Benotzer ëmzebenennen fir en anere Benotzernumm unzefroen. -- Keegan (WMF) (talk)
09:24, 19. Abr. 2015 (UTC)