Benotzer Diskussioun:GilPe

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
:>>> NEI MESSAGË STINN ËNNENDRËNNER <<<


Moie GilPe,

Merci fir déi vill flott Biller fir d'Patrimoines-Lëscht. Ech hu gesinn, Dir hutt der och e puer vu Stater Bussen eropgelueden.

Eent dervun hunn ech emol an den Artikel Autobus de la Ville de Luxembourg agebonnen. Dir kënnt selbstverständlech deen Artikel ausbauen, méie Biller asetzen, asw: Wikipedia besteet, well eenzel Leit Saache bäidroen, déi s'intressant fannen, oder iwwer déi se bescheed wëssen. Wann Der Froen hätt, net zécken, et ass bal ëmmer een "do", deen Iech se beäntwere kann.

--Zinneke 09:46, 25. Sep. 2011 (UTC)

PS:Heidrënner e puer allgemeng Tuyauen:


Moien a.jpg
Moie GilPe,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Critèren ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Regelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech w.e.g. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Regel" ass: "Sief kéng!"
Crystal Clear app Startup Wizard.png Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Crystal Clear app kedit.png Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Cicero.PNG Regelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Nuvola apps kteatime.png Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Nuvola apps important yellow.svg Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Gtk-dialog-info.svg Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Crystal Clear app lassist.png Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: Insert-signature.png. Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Bild vum Milliounewee aus[Quelltext änneren]

Moien,

just fir Bescheed ze soen, datt ech Är flott Panoramafoto vun der Alstad an d' Portal:Stad_Lëtzebuerg agebaut hunn. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 13:30, 12. Mee 2013 (UTC)

Tip-top, merci. Merci och, datt der meng Kategorie Rue Jules Wilhelm (Luxembourg City) am Commons geréckelt hutt; déi war mer iergendwéi verrëtscht... --GilPe (Diskussioun) 15:47, 12. Mee 2013 (UTC)

Commons[Quelltext änneren]

Moien, hei eng Propositioun op Commons déi Iech eventuel intresséiert. --Jwh (Diskussioun) 22:18, 23. Feb. 2014 (UTC)

Moien, Jo Merci fir dës Info; kléngt plausibel fir d'Bezeechnung eenheetlech ze organiséieren. Et feelen souwisou nach eng Partie Schëlter an der Kategorie; ech kann déi dann nom neie proposéierte Schema bezeechnen. Wéi geet et da mat deenen déi schonns op Commons stinn? Wie kann/däerf déi dann ëmnennen?

Nach eng aner Fro: et ass och e bësse Konfusioun mat de Biller an de Kategorien: déi meeschte stinn ënnert Category:Verkéiersschëlter, anerer och nach an der Iwwerkategorie Category:Road signs in Luxembourg. Wat ass hei "richteg"? - Merci --GilPe (Diskussioun) 08:18, 24. Feb. 2014 (UTC)


Moien,

Op dëser Säit fënnt ee se bal all (mengen ech emol) an et kann ee se souguer knäipen an eroplueden. --Les Meloures (Diskussioun) 16:01, 24. Feb. 2014 (UTC)

Hm, dat mam eroplueden klappt mengen ech net, well si ginn ënnert "Aspects légaux" un: "La reproduction de ces informations est autorisée à des fins non commerciales à condition que la source soit mentionnée." Ech hat dozou och schonns um Staminee Lizenz mat Konditiounen eppes gepost... D'Säit ass iwwregens net komplett an net aktuell! --GilPe (Diskussioun) 16:20, 24. Feb. 2014 (UTC)

Ech gleewe kaum datt op Zeechnunge vu Verkéierschëlter kann e Copyright sinn. Et ass ëmmer nëmmen eng Copie vun deem wat de Memorial seet an dat ass alles am Domaine public. --Les Meloures (Diskussioun) 22:05, 24. Feb. 2014 (UTC)

Ech wollt sécher sinn an hat beim MDDI nogefrot, wou ech elo confirméiert krut dat „d'Stroosseschëlter am arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 (...) stinn an dëse fräi zougänglech fir all Citoyen ass, sou dierft et kee Problem sinn dës Schëlder ob enger Plate-forme wéi Wikipedia ze verëffentlechen“. Wat fir eng Lizenz muss ech beim Eroplueden uginn? Gëtt et eng Schabloun? --GilPe (Diskussioun) 20:28, 4. Mäe. 2014 (UTC)

Moien,

Ech hat just op déi Diskussioun hiweise wëllen - déi ass um gudde Wee fir laang ze ginn a mam Risiko, datt dach um Enn näischt derbäi eraus erkënnt.

Déi wou Dir Iech d'Méi ginn hutt fir ze fotograféieren an eropzelueden hunn eigentlech schonn e kloeren Numm - ob se lo "A,1b panneau (gauche).JPG" oder "Luxembourg A,1b panneau (gauche).JPG" heesche mecht menger Meenung no d'Bëtschel och net fett.

Trotzdeem, da just pour info, den Numm kinnt esou geännert ginn: {{rename|Luxembourg A,1b panneau (gauche).JPG|3|full despeciption oder esou eppes}}, Woubäi déi "3" eigentlech alles seet: "Accurate name". Déi Schabloun misst da bei all Fichier dra gesat ginn an dann och nach, am Fall wou se entzwouch op enger Wikipedia benotzt gëtt, do den neien Numm dra setzen - eng Heedenaarbecht... Commons:Template:Rename

Fir op de Säiten den neie Fichiersnumm ze setzen geet wahrscheinlech och hei: Commons:User_talk:CommonsDelinker/commands#Requests_relating_to_renamed_files, mä wa se nëmenn op der lb:wiki benotzt ginn ass dat wuel plus ou moins deen nämlechten Opwand.

Zur d'Kategorie - ech mengen "Verkéierschëlter" sollt op Commons an der Category:Road signs in Luxembourg opgoen an doran d'Schëlter an Ënnerkategorie gesat ginn. Dovu ginn et der jo schon e puer. D'Kategorien "Category:Road signs in Germany", "Category:Road signs in France" etc gi sécher Iddië fir dat ze maachen. --Jwh (Diskussioun) 21:33, 24. Feb. 2014 (UTC)

Wiki-Iessen dëse Samsten:[Quelltext änneren]

Wikipedia:De Staminee#Gebongt. 't wier flott, Du kéinns och kommen.--Zinneke (Diskussioun) 14:31, 11. Mäe. 2014 (UTC)

Moien, Merci fir d'Invitatioun. Ech hat dat um Staminee gelies, wousst awer net, fir wien deen "Happening" geduecht ass. Et ass esou, datt mir zoufälleg dëse Samschdeg (am spéiden Nomëtteg) e klengt Familljeniessen um Juegdschlass hunn... Ech kommen net fir d'Mëttegiessen, mä eventuell am Nomëtteg kuerz laanscht, wann dat OK ass. --GilPe (Diskussioun) 18:11, 11. Mäe. 2014 (UTC)
Ech hat e Samschdeg Mëtteg d'Kéier net méi kritt; wéi ech géint halwer 6 um Juegdschlass war, war Dir schonns fort... vläicht klappt et eng aner Kéier. --GilPe (Diskussioun) 20:47, 16. Mäe. 2014 (UTC)
Moien, jo se haten eis erausgehäit, net well mir ze vill gebläert hätten, mä well se den Dësch gebraucht hunn. D'nächste Kéier klappt et sécher. --Jwh (Diskussioun) 21:11, 16. Mäe. 2014 (UTC)

Eng Fro,[Quelltext änneren]

op déi Dir sécher d'Äntwërt wësst: Op dësem Schëld:

Bur, Schëld N10 PR44.jpg

verstinn ech den ieweschten Deel, mä wat heescht PR 44,0 ?
Merci! --Jwh (Diskussioun) 17:33, 29. Jun. 2014 (UTC)

Moien,
PR heescht "point de repère"; e gëtt ë.a. vun Ponts & Chaussées gebraucht fir e geneeë Punkt um Verlaf vun enger Strooss unzeginn; ech weess awer leider net wou een eraus fënnt wou z.B. den PR 44,0 op der N10 ass.
Weider Informatiounen ginn et am franséische Wiki: Point de repère. --GilPe (Diskussioun) 21:08, 29. Jun. 2014 (UTC)
Flott, Merci fir d'Äntwërt. --Jwh (Diskussioun) 21:15, 29. Jun. 2014 (UTC)
Moien, et brauch ee jo net méi erauszefanne wou de Point de repère ass. Wann ee virum Schëld steet, dann ass ee jo derbäi. Deejéinegen deen d'Photo gemach huet weess je sécher wo dat war an ass sécher amstand, wann et onbedingt muss sinn d'Koordinaten derbäizesetzen. An dësem Fall net wichteg. Et ass nomalerweis dat wat fréier och PK (Point kilométrique) genannt gouf --91.180.211.150 06:21, 2. Jul. 2014 (UTC)
Moien, meng Bemierkung war éischter an deem Sënn ze verstoen, datt wann z.B. eng Strooss gespaart ass tëschtent dem P.R. 44,5 an 46,0 datt ech net weess wou datt genee ass, resp. ech net weess wou ech dat erausfanne kann. --GilPe (Diskussioun) 06:45, 2. Jul. 2014 (UTC)
An deem Fall kann een nëmmen nach just Prezisioune kréien, bei deem deen d'Informatioun ginn huet. Op den topographesche Kaarte fënnt een och anscheinend keng Kilometerpunkte méi. --91.180.211.150 07:36, 2. Jul. 2014 (UTC)

Ah bon, de PR 44.0 ass also do wou d'Schëld steet? De Pfeil weisst d'Richtung wou dann dee mat der nächst héierer Zuel steet? --Jwh (Diskussioun) 08:07, 2. Jul. 2014 (UTC)

Majerus[Quelltext änneren]

Moie GilPe,

ech fäerten, ech kann net weiderhëllefen: Alles wat ech zu deem Thema weess (resp. zu deem ech Literatur hunn) ass dat wat ech als Quell uginn hat: dem Evy Friedrich seng Kalennerblieder... Dat goung duer, fir en Ufank ze maachenm ma well do keng weider Quelle dra stinn, ass ee séier um Enn. An d'Geschicht vun der Eisebunn ass keen Thema, wou ech mech soss grouss auskenne géif. Setz deng Fro vläit op d'Diskussiounssäit vum Artikel selwer, do ass d'Chance méi grouss, dass eng Kéier een, dee méi weess wéi ech, se gesäit a väit d'Äntwert weess.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 21:26, 1. Dez. 2014 (UTC)

Merci Zinneke,
Ech loossen et einstweilen emol dobäi... --GilPe (Diskussioun) 20:12, 2. Dez. 2014 (UTC)
Et bestoungen effektiv nom Krich vun 1871 Pläng (a wahrscheinlech och scho virdrun) fir en Uschloss un d'Saarland, woufir zu Gréiwemaacher eng Eisebunnsbréck sollt gebaut ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 20:36, 2. Dez. 2014 (UTC)

Waassertierm[Quelltext änneren]

Moien,

Kuck vläicht eng Kéier an d'Diskussioun vun de Waassertierm

An da gëtt et nach deen hei Water reservoir Rham Luxembourg City 2012-04.JPG.


Face-wink.svg --Les Meloures (Diskussioun) 09:05, 17. Jan. 2015 (UTC)

Waassertuerm Lampertsbierg[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hu gesinn, dir hutt an der Lëscht vun de Waassertierm zu Lëtzebuerg de Behältervolume vum Waassertuerm um Lampertsbierg mat 1.500 m³ agedroen. Dat schéngt mer fir esou en alen Tuerm relativ onwahrscheinlech ze sinn. Ech froe mech ob net villäicht just eng Null ze vill an der Zuel ass. Kënnt der dat w.e.g. emol nokucken. Merci. --MMFE (Diskussioun) 13:40, 1. Abr. 2015 (UTC)

Gudden Owend,
Jo, dat schéngt z.B. mam Tuerm um Tubishaff verglach relativ vill; déi Zuel vun 1.500 m³ steet awer esou am Rapport d’activités 2014 (S. 5) vum Stater Waasser-Service[1]. Ech kéint mer virstellen, datt et sech ëm de Volumen handelt vum Waassertuerm, zesumme mam Erdbehälter doniewent. Froen dat awer emol bei Geleeënheet bei der Gemeng no. Merci fir den Hiwäis. --GilPe (Diskussioun) 20:12, 1. Abr. 2015 (UTC)
Moien och, et ass doutsécher de Baseng am Buedem deen do gemengt ass, well d'Cote ass déi vum Terrain op där Plaz.
Sou wäit wéi ech dat matkritt hunn war am Tuerm selwer ni Waasser dra gewiescht. Ass déi Info glafwierdeg --Les Meloures (Diskussioun) 20:24, 1. Abr. 2015 (UTC)
D'Vermutung vum Les Meloures war scho richteg; op Nofro beim Stater Waasserwierk krut ech dat esou confirméiert. Den Artikel gouf à jour gesat. Merci. --GilPe (Diskussioun) 01:09, 29. Abr. 2015 (UTC)

Buslinnen[Quelltext änneren]

Moie GilPe, ech gesinn, du schaffs un de Stater Buslinnen. Just als eng kleng Virwarnung: Ech hu gelies, dass dee ganze Stater Reseau wéinst den Aarbechten um Aldrénger nei oraniséiert gëtt. Vläit wëlls de mat de Schabloune waarden, bis dat an e puer Wochen (?) a Kraaft ass, fir der onnëtz Aarbecht z'espueren. Bescht gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 10:21, 8. Abr. 2015 (UTC)

Ech hu mech emol e bësse mat Infoboxe beschäftegt a wollt dat bei de Buslinne probéieren. Merci fir „d'Warnung“ wat d'Ännerungen ugeet... ech hunn dat matkritt. ;-) --GilPe (Diskussioun) 10:39, 8. Abr. 2015 (UTC)

Vollekshaus (Stad Lëtzebuerg)[Quelltext änneren]

Moien, eng kuerz Fro zu deem Artikel, wou s de schroufs, dat Gebai op der Foto géif Enn 2014 ofgerappt ginn. Ech huelen un, dat ass an der Tëschenzäit geschitt, mee 't weess ee jo ni (cf. Hamilius). Well ech selwer wäit ewech vun der Stad wunnen: Kinnts de evtl. nokucken/confirméieren, dass dat de Fall war, an den Artikel deementspriechend upassen? Merci am viraus! --Zinneke (Diskussioun) 10:20, 27. Abr. 2015 (UTC)

Moien: Wann ech dat richteg verstanen hun soll et net ewechgerappt ginn, mä komplett sanéiert an ugepasst. Et gouf mol op jiddwer Fall am Juli 2014 en Appel d'offres dofir gemaach. dans le cadre de la rénovation et mise en conformité énergétique du complexe administratif Carrefour I+II, 16-18, boulevard Royal à Luxembourg comprenant ...etc. --Les Meloures (Diskussioun) 10:36, 27. Abr. 2015 (UTC)

Infobox[Quelltext änneren]

Salut GilPe,

Lo misst et erëm goen, ech hat vergiess en Zeechen z'änneren. --Les Meloures (Diskussioun) 18:55, 17. Aug. 2015 (UTC)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Conférence de presse, Services des eaux et de la canalisation

Ché Serra, Serra?[Quelltext änneren]

Moien, vläit weess Du eppes méi dozou? Merci, an e schéine Weekend!--Zinneke (Diskussioun) 15:21, 31. Okt. 2015 (UTC)

Neipuertsgaass[Quelltext änneren]

Salut, mengs de net e wier gutt deen Deel aus dem Artikel Neipaart erauszehuelen an e sonneren Artikel unzleeën. --Les Meloures (Diskussioun) 08:44, 19. Nov. 2015 (UTC)

Jo, firwat net. Wéi ech un der Neipuertsgaass geschafft hunn, gouf et schon a gesonnerten Abschnitt iwwer d'Avenue op der Säit "Nei Paart", ech hat dunn d'Infobox do bäi gesat. --GilPe (Diskussioun) 08:50, 19. Nov. 2015 (UTC)
OK, ech huelen dat dann emol do eraus, du kanns da vläicht nach eng Kéier kuerz driwwer kucken --Les Meloures (Diskussioun) 09:01, 19. Nov. 2015 (UTC)

Jasmännchen[Quelltext änneren]

just zur Info : Jaasmännchen.jpg --Les Meloures (Diskussioun) 17:55, 26. Dez. 2015 (UTC)

Merci fir d'Foto; hätt wahrscheinlech net derno gesicht... --GilPe (Diskussioun) 14:14, 27. Dez. 2015 (UTC)

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes[Quelltext änneren]

Moien,

Wéi déi meescht Anerer has Du uginn, datt dir de Samschden, 21. Mee, géif goe fir eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Bis dann!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 19:44, 12. Mee 2016 (UTC)

Pëtzerhiel[Quelltext änneren]

Salut,

Ech hu gesinn dass de Pëtzerhiel an d'Lëscht vun den Uerschaften a Lieu-diten gesat hues. Pëtzerhiel ass awer menger Meenung no kee Lieu-dit mä nëmmen e Flouernumm wéi vill anerer, wa mer déi all an d'Lëscht ophuele gi mer ni fäerdeg. Et sief dann du hues eng speziell Ursaach .... --MMFE (Diskussioun) 14:13, 3. Sep. 2016 (UTC)

Moien, Nee keng direkt Ursaach, hat gemengt et géif dohinner passen, ma Du hues awer Recht, et ass éiscter e Flouernumm. Ech kucken an den nächsten Deeg fir dat "riicht ze béien". Merci --GilPe (Diskussioun) 18:45, 7. Sep. 2016 (UTC)

Request[Quelltext änneren]

Salut/Moie GilPe,

Kënnt Dir mir hëllefen dësem Text an Lëtzebuergesch iwwersetze?:

"Denn Gott hat die Menschen so sehr geliebt, dass er seinen einzigen Sohn für sie hergab. Jeder, der an ihn glaubt, wird nicht zugrunde gehen, sondern das ewige Leben haben."

wann ech benotzen maschinn iwwersetzung, ech kréien:

"Well Gott gär sou d'Welt, datt hien säin eenzege Jong huet, Leit Jiddereen, deen un hie gleeft, net verluer geet, mee éiwegt Liewen hunn."
"Fir Gott gär sou d'Welt, datt hien säin eenzege Jong huet, dass deen un hie gleeft, net verluer soll mee éiwegt Liewen hunn."

Är Hëllef gegraff wier, merci. --DaveZ123 (Diskussioun) 07:10, 28. Sep. 2016 (UTC)

Moien,
Dëst misst de Sënn em Beschten erëm ginn:
Well Gott hat d’ Mënsche sou gär, datt hie säin eenzege Jong fir si hierginn huet. Jiddereen deen un hie gleeft, wäert net zegrond goen, mee en éiwegt Liewen hunn.

--GilPe (Diskussioun) 12:11, 28. Sep. 2016 (UTC)

Dankbarkeet[Quelltext änneren]

GNU-FDL-icône-Transparente.PNG
Ganz vill merci fir Är excellent Iwwersetzung Hëlleffor!
Ech ganz ganz dankbar.
Kann Gott dir préschenbe!
Mat frëndleche Gréiss, --DaveZ123 (Diskussioun) 08:15, 29. Sep. 2016 (UTC)

Infobox zesummegefall[Quelltext änneren]

Salut GilPe,

D'Infobox ass zesummegefall well de Bot seng Aarbecht am Fong richteg gemaach huet. An der Këscht war en Tag-feeler, an zwar de <small> war net richteg zougemaach. Dofir huet de bot en zweemol ersat amplaz mat der duebeler Klamer zouzemaachen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:59, 29. Aug. 2017 (UTC)


Infobox Buslinn[Quelltext änneren]

Moien ech hunn deng Infobox moderniséiert. E Beispill wéi et ausgesäit kanns du hei gesinn: AVL-Linn_1. (Déi déi net méi richteg ausgesinn wäert ech natierlech flécken). D'Faarf kanns du ännere bei headerstyle =. Hei kanns du en neie Faarfcode sichen [1]. Am Ament gouf de selwechte Faarfstil wéi bei Mobiliteit.lu geholl. Wann s du Tippen hues wat ee kéint ännere so mer Bescheed. --Soued031 (Diskussioun) 08:45, 27. Sep. 2017 (UTC)

Salut, wann een den Titel (Terminus 1, Terminus 2, ...) an der Faarw vun der Linn wëll maachen, da brauch een alleng fir d'AVL-Linnen, 5 oder 6 verschidden Infoboxen. --GilPe (Diskussioun) 17:16, 27. Sep. 2017 (UTC)
Moien, wann s du wëlls kann ech dat gär maachen du muss mer just soen: wat fir en Terminus wéi eng Faarf huet. --Soued031 (Diskussioun) 17:23, 27. Sep. 2017 (UTC)
Ah ok du wëlls eng fir RGTR, AVL asw...?

Request about translation: 'United Nations General Assembly Resolution 68/262'[Quelltext änneren]

Hello dear GilPe, saw your wonderful contribution in Luxembourgish Wikipedia. According to the subject I would like to ask you translate/help to translate the small article into Luxembourgish, and add it to the Wikipedia. Thank you in advance for your support/contribution and best wishes!

Salut, ech hunn deem Jengi mol geschriwwen e soll ophalen d'Leit mat sengen Iwwersetzungsdemanden ze nerven. Dat geet lo schonn ee Strapp ze laang. --Les Meloures (Diskussioun) 12:30, 3. Nov. 2017 (UTC)
Salut,
Ass der opgefall datt bei der RGTR-Linn 303 de Pictogramm net ugewise gëtt. --Melouresbot (Diskussioun) 12:50, 14. Jan. 2018 (UTC)

File:Luxembourg road sign C,4b Kirchberg.jpg[Quelltext änneren]

Salut,

Wat menge se mat der Kroun um Auto? Fir den Haff verbueden? ;-) --Jwh (Diskussioun) 12:13, 16. Abr. 2018 (UTC)

Dat ass eng Copie vum Schëld C3I : Le signal C,3l indique que l’accès est interdit aux conducteurs de véhicules transportant des produits explosifs ou facilement inflammables. Un panneau additionnel peut indiquer la quantité de produit(s) à partir de laquelle l’interdiction s’applique. --Les Meloures (Diskussioun) 12:38, 16. Abr. 2018 (UTC)

Ah bon, Merci! Nach e schéinen Nomëtten! --Jwh (Diskussioun) 13:43, 16. Abr. 2018 (UTC)

Autonoomt Gefier[Quelltext änneren]

Moien, Du bass am gaangen um Artikel Autonoomt Gefier ze schaffen. Bei mir am Cours huet de Benotzer:Zago79 am Juni och esou en Artikel virbereet. Gär kanns du déi virbereeten Elementer vu him huelen an se an den Artikel abauen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 08:24, 16. Sep. 2018 (UTC)

Cool. Merci. GilPe (Diskussioun) 08:53, 16. Sep. 2018 (UTC)