Benotzer Diskussioun:Idis

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 18:24, 25 Februar 2006 (UTC)

E puer Säiten, op deenen e puer Klunnien den Hochstand gedréckt haten, si "gespaart". An deene Fäll kann en Admin dra verbessere goen. Ëm wat geet et? --Cornischong 18:50, 25 Februar 2006 (UTC)

Den Admin huet et g'ännert. --Cornischong 19:31, 25 Februar 2006 (UTC)

"war Professorin fir Däitsch a Lëtzebuergesch": Ma dat liese mer gär. Besonnesch an deenen alen Artikele schwamme sécher nach Feeler. Hei dreiwe sech véier Adminen erëm: d'Briséis, de Cornischong, den Otets an den Zinneke. D'Alexandra misst dee Gielchen an den nächsten Deeg iwwerreecht kréien. Wann s de Hëllef brauchs: Wann et eng Fro ass: Wikipedia:Ech hunn eng Fro
Wann et ëm een Admin geet: Schreif him direkt op seng Diskussiounssäit.
Wann et eppes "Geheimes" ass: "Dësem Benotzer eng Email schécken" (Lénks am Bord).
Am grousse Ganze misst ee vun den Adminen an der Géigend sinn.
Wann nach eppes onkloer ass, einfach froen :-) --Cornischong 20:37, 25 Februar 2006 (UTC)