Benotzer Diskussioun:James Newtree
Sujet derbäisetzen
| ||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||
--Jwh (Diskussioun) 00:34, 17. Jul. 2012 (UTC)
Moien zrék
kann een mer erkaleren wat ech muss un mengem Artikel änneren? ausser dat mat der foto, ech kreien dat eegentwei net geaenert fir elo do eng Lizens un ze gin? -- James Newtree
- Ech ginn emol dervun aus, dass du nach nei op Wikipedia bass. Kuck der dofir mol follgend Säiten un:
- Wann's du däin Artikel esou upass, dass en dësen 3 Säite gerecht gëtt, ass scho bal alles an der Rei. --Pecalux (Diskussioun) 09:47, 24. Jul. 2012 (UTC)
Ok, liesen mer dat duerch, jo ech sin nei, an as besi confus, alles, merci, ech aeneren et sou schnell et geet.
Also neutral as en gehaal, ech gesin do elo keen problem. Grammatik as mat Spellchecker.lu verbessert gewiescht, mist jo dann och richteg sin.
foto as och lizenseiert, den auteur as ugin, ech hun d'recht fir foto ze verëffentlechen.
schengt, alles richteg ze sin. ech wonneren mech sust dass ech wann ech uewen den num vum artikel an gin, bei der siichfunktioun, fannnen ech en net direkt, bzw get mer net proposeiert.
- Moien,
- Wann Dir eng Foto eropluet kënnt dir dat net maachen ouni d'Autorisatioun vum Fotograf. Eng mëndlech Erlabnes déi de Fotograf Iech ginn huet, geet hei net duer. --Les Meloures (Diskussioun) 12:12, 24. Jul. 2012 (UTC)
-- Merci fir d'Aentwert mee do as keng solutioun dobai? mendlech geet net duer. mee wat brauch ech dann? een schreiwen? eng mail? sms? oder wat? wou soll ech dat eroplueden? as net wieklech kloer, well hun bei FAQ gekuckt an do steet net genau, wat machen wann een zwar d'autorisatioun huet, mee net den auteur as. an dat mat der siichfunktioun verstin ech och net dass ech den artikel net fannen bzw en net suggereiert get, wann ech nemmen "lawyers" an gin.
- Moien,
- Ech hunn emol den Artikel iwwerschafft an en zweet Bild dobäi gesaat wou et kee Problem gëtt mat Copyright. Leider ass et eent wou der nach zu dräi sitt, dofir ass et awer vun der Qualitéit besser. Et kann ee spéider jo och ëmmer nach e bessert huelen. --MMFE (Diskussioun) 22:14, 24. Jul. 2012 (UTC)
-- Salut, ech well sust kloer stellen dass ech keen vun Lawyers Guns 'n' Money sin :) ech kennen si zwar, mee sin keen museker. ech wees nach emer net wat ech misst machen fir den copyright problem ze leissen? wei beweissen ech dass ech d'rechter hun, fir et ze verëffentlechen?
- Salut,
- Wanns de net Member vun der Band bass ass et jo einfach. Maach selwer eng Foto bei hirem nächste Concert a lued dat erop. Dann hues du selwer d'Rechter a kee Problem fir iergendeppes ze beweisen. Ech benotzen och prinzipiell nëmme Biller déi ech selwer gemaach hun, dofir kann ech der och keng Äntwert ginn, wat ee bei dengem Bild genau misst maachen, fir et ze lizenséieren.--MMFE (Diskussioun) 09:46, 25. Jul. 2012 (UTC)
