Benotzer Diskussioun:Jwh

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Archivéiertes


Moien, luuss emol op d'Fichier Diskussioun:Rr.jpg.

--Zinneke (Diskussioun) 09:42, 19. Abr. 2013 (UTC)[äntweren]

Merci datt dir opgefall ass datt ech mech eng Kéier geiert hunn. --Soued031 (Diskussioun) 19:31, 21. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

Ma gäer geschitt --Jwh (Diskussioun) 19:46, 21. Mee 2013 (UTC)[äntweren]

hei --Soued031 (Diskussioun) 07:44, 22. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]


Salut,

Ech mengen déi Fotoschabloun ass nach net am Endstadium ukomm. Si huet nach keng Erkärung a keng Documentatiounssäit a muss nach an zwee gedeelt ginn. Et mécht jo kee grousse Sënn d'Informatioun zweemol an en Artikel ze setzen. MfG --Les Meloures (Diskussioun) 11:00, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, richteg. Ech wollt se eigentlech live gesinn. Wa se lo gesplit gëtt an z.B. {{FotoGewënscht}} an a {{FotoGewënschtRiets}} dann ass alt schonn eppes dran. Schéinen Dag nach. --Jwh (Diskussioun) 11:27, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Een Erklärungssaz huet se, geet deen net duer? A priori favoriséieren och ech déi Këscht riets, wann also keng aner Stëmmen um Staminee fir déi uewe sinn, da giff ech net splitte mee just déi Barre uewe läschen. --Otets ♣ 16:05, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, ech denken och dee Saaz geet duer, well se gëtt jo ouni soss eppes just copéiert a gepéist. Eng geet mir och duer, un däer anerer huet mir haaptsächlech de Fotoapparat gefall... --Jwh (Diskussioun) 18:52, 26. Nov. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, De paperJam geet elo. --Les Meloures (Diskussioun) 19:32, 13. Dez. 2013 (UTC)[äntweren]

Villa Baldauff[Quelltext änneren]

D'Villa Baldauff an der av. Marie-Thérèse

Salut, merci datts Du nogefrot hues. Ech kucken dat an dem Loutsch sengem Artikel no (kann awer e puer Deeg daueren, muss warscheinlech an d'Nationalbiblothéik duerfir). De Jean-Claude Loutsch war Heraldiker a Genealog an e Nokomme vum J.-Fr. Eydt. D'Buch Luxembourg moderne hunn ech viru mer leien. Beschte Gréiss an e schéint Neit Joer,


Moien, du hues Recht d'Cour des Comptes war net am Text velinkt mä d'Cour de Comptes (Lëtzebuerg) awer. Ech gesi keen direkten Zesummenhank fir op eng Homonymiessäit ze verlinken. Dat soll nëmme gemaach ginn bei Artikelen déi mat der Homonymie zesummenhänken a mat der Schabloun:Aner Bedeitungen --Les Meloures (Diskussioun) 09:53, 26. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Moien, Cour des comptes ass dach keng Homonydingssäit - oder gesinn ech net nach net duerch meng Sonndestomatemask? --Jwh (Diskussioun) 10:11, 26. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]
Remoien, et ass just eng e bësselche besser explizéiert Homonymiessäit an a guer kengem Zesummenhank mam Marc Gengler souwäit wéi ech dat gesinn --Les Meloures (Diskussioun) 10:20, 26. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Wikizeechen[Quelltext änneren]

Moien och, Maach der keng Suergen, ech loossen de Bot sou niewebäilafen. Dat mécht net vill Aarbecht. Heiansdo beim Fettschreiwen a Schifschreiwen gëtt d'Maschinn et net richteg eens well se sech iergendwéi verzielt. Da muss e kucken wou de feeler ufänkt an de Stréch tëscht nowiki setzen (') a wann et dann nach net geet eventuell nach ee sou maachen. Dat ass awer ganz rar. --Les Meloures (Diskussioun) 21:57, 14. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Ah bon, OK --Jwh (Diskussioun) 00:24, 15. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]

Nei Kategorie op Commons fir d'Gemengen[Quelltext änneren]

Moien,

Zu denger Informatioun. Ech hu mech haut amuséiert fir op Commons eng Kategorie Municipalities in Luxembourg ze maachen. D'Uersaach ass virun allem well mer ëmmer méi Gemenge kréien déi net méi no enger Uertschaft benannt sinn. Déi Gemengen hunn ech dann och aus der Kategorie Cities and villages in Luxembourg eraus geholl. --MMFE (Diskussioun) 14:51, 18. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, ech verstinn, déi mat den neien Nimm wéi "Lac de la Haute-Sûre" sinn nach just ënner "Municipalities". Ech denken dës nei Kategorie ass nëtzlech, ënner anerem well dann och de Gebrauch vu "Category: XYZ by municipality in Luxembourg" oder och "Category:Categories of Luxembourg by" Sënn gëtt. Ech hu lo nach e bëssen Text an d'Kategorië gemoolt. --Jwh (Diskussioun) 23:25, 18. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Daniel Balthasar[Quelltext änneren]

Moien,

Sorry, mäi Feeler.

Sollt natierlech den 28.02. sinn. En plus hunn ech et um Commons a 5 Sproochen esou encodéiert. :o(

Wollt anscheinend scho méi no bei mengem Congé sinn. ;o)

Merci fir d'Verbesserung.

Bescht Gréiss,

--Claude Schomer (Diskussioun) 20:17, 24. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Gäer geschitt! --Jwh (Diskussioun) 20:18, 24. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]


Bonjour,

Ass den Text an der Testschabloun net frëndlech genuch? Wat kéint een eventuell dorun änneren? --91.180.227.206 16:13, 17. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, grad sou wéi dëst näischt mam Daniel Balthasar ze dinn huet, mengen ech datt an deem Fall {{Test}} do näischt verluer huet.--Jwh (Diskussioun) 16:46, 17. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]


A fir wat hätt déi näischt do verluer gehat, wann ech frëndlech froen däerf? --91.180.227.206 17:13, 17. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]
Ma well dee weder experimentéiert nach gestest huet --Jwh (Diskussioun) 19:40, 17. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]


Merci fir d'Opmierksamkeet. Gouf an d'Rei gesat. --91.180.202.195 19:24, 20. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]

Biographie contra Biografie[Quelltext änneren]

Den LOD, déi aner an d'Gesetz vun 1999

An dësem Fall schéngt den LOD net ze wësse wat e wëll. E gëtt jo déi zwou Schreifweisen un. Aner Dictionairen iwwregens och. An deem Fall ass et am einfachste sech un d'Gesetz vun 1999 ze halen. (Abschnitt 5.2 Griichesch Wierder). Ech setzen dat hei och op dem Soued031 seng Säit. Et ass e Sujet dee schonn e puermol duerchgeknat gouf . --Les Meloures (Diskussioun) 07:04, 21. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, meng Äntwert hei. --Jwh (Diskussioun) 10:38, 21. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]
Salut,
Bass de sécher datt pinadelvaux.com méi verständlech ass wéi Websäit vun der Pina Delvaux -- 80.200.221.75 08:42, 8. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
Do stoung "Websäit iwwer d'Pina Delvaux". --Jwh (Diskussioun) 09:13, 8. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
ëmmer nach besser menger Meenung no wéi pinadelvaux.com wat wierklech net seet wat et eventuell ass. --80.200.221.75 10:05, 8. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
pina: Virnumm
delvaux: Numm
.: dot
com: Top-Level-Domän
ergo, der Pina Delvaux hire Site, deen et ass. --Jwh (Diskussioun) 23:00, 9. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]
Ech si glécklech datt hei ugeholl gëtt datt jiddweree wees wat dot.com heescht. --91.180.230.228 19:13, 19. Aug. 2014 (UTC)[äntweren]


Salut, do war natierlech näischt falsch. Dat eenzegt wat falsch war datt ech op e KNäppche gedréckt hat wou ech net hätt sollen, an net séier genuch war fir et réckgängeg te maachen. Ech hunn dat elo gemaach. --Les Meloures (Diskussioun) 08:15, 8. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]

Wit(t)fraen[Quelltext änneren]

Salut, de LOD gesäit se mat duebelem "t" ? Da froen ech mech och op den Newton net Tscherald mat Virnumm heescht? Genuch Froe fir haut. --Jwh (Diskussioun) 21:17, 17. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien och,
Ech weess, just déi aner wéi den DFL, den Zimmer mat de 6000 Wierder and d'LWB soen een t, wat mol éischtens och honnertprozenteg de Regele vun der Schreifweis entsprécht an zweetens och nach dem däitsche Schrëftbild. Fir den Ament ass den LOD an der Minoritéit. Mä no engem Message bekéiert dee sech vläicht, wéi scho sou dacks. --Les Meloures (Diskussioun) 21:37, 17. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]
Ech hunn dem LOD d'Fro gestallt. Kucke wat dës Kéier derbäi erauskënnt. --Les Meloures (Diskussioun) 22:11, 17. Jan. 2015 (UTC)[äntweren]

Bonjour, et désolé, car je ne parle pas le luxembourgeois. Existe-t-il un ou des articles sur la question de la collaboration avec les nazis durant les années 1940-1944 ? Sur la période d'épuration ? J'imagine que vous avez, comme en France, connu/subi ce genre de choses ? Je m'adresse à vous car j'ai vu votre intervention sur la PDD de Théo Kerg, un artiste que je trouve remarquable par ailleurs. Si ça ne vous embête pas (je sais que le sujet est délicat mais le travail des historiens atteste que l'on peut parler de tout ceci désormais sans passion outre mesure), merci de me répondre sur ma page personnelle ou alors par mail. Bien à vous, --Spiessens (Diskussioun) 13:35, 2. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Bonsoir, je vous ai envoyé un mail depuis votre page personnelle .fr --Jwh (Diskussioun) 22:44, 2. Mee 2015 (UTC)[äntweren]

Merci, thank you, dank-u, grazie!!! Rei Momo (Diskussioun) 23:32, 8. Jan. 2016 (UTC)[äntweren]

Synagog Munneref[Quelltext änneren]

Moien, Kanns du w.e.g. de prezisen Datum vun der Aweiung vun der Munnerefer Synagog an den Artikel derbäi setzen. Am Video gëtt deen net ernimmt an am Artikel. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 11:39, 2. Feb. 2016 (UTC)[äntweren]

Moien,

Vun der drëtter Aweiung ;-)

18. Oktober 2015, do hunn ech nach eng ganz Këscht Fotoen ëm déi ech mech mol misst këmmeren... --Jwh (Diskussioun) 11:48, 2. Feb. 2016 (UTC)[äntweren]

Hi, dearest Jwh, how are you? Please, I just ask you 3 minutes to translate the 2 lines of the biografy of this russian painter, please.

Thanks a lot for your precious help and have a nice Sunday!

Rei Momo (Diskussioun) 13:08, 7. Feb. 2016 (UTC)[äntweren]

Participate in the Ibero-American Culture Challenge![Quelltext änneren]

Hi!

Iberocoop has launched a translating contest to improve the content in other Wikipedia related to Ibero-American Culture.

We would love to have you on board :)

Please find the contest here: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Translating_Ibero_-_America/Participants_2016

Hugs!--Anna Torres (WMAR) (Diskussioun) 14:15, 10. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes[Quelltext änneren]

Moien,

Wéi déi meescht Anerer has Du uginn, datt dir de Samschden, 21. Mee, géif goe fir eist Wiki-Mëttegiessen am Café-Restaurant Juegdschlass (vun 12 Auer u fir den Apero, Iesse géint Halwer eng/eng Auer). Den MMFE këmmert sech deemno ëm d'Reservatioun. Bis dann!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 19:40, 12. Mee 2016 (UTC)[äntweren]

Translation request about an article[Quelltext änneren]

Hello dear Jwh. Could you please translate the small article into Luxembourgian. Thank you in advance for your support/contribution and best wishes!


Salut, sou gesäit et bei mir aus:

Fichier:Friemholz.jpg

Ah sou, ech hunn op "Hybrid", do gesinn ech dee grousse Friemholz net. Ma wanns Du op der topographescher Kaart, e bësse méi grouss méchs an d'Toponymes cadastraux frees, gëtt de Bësch an zwee gedeelt.

Da verstinn ech et lo sou: de Bësch heescht Friemholz, de Kadastertoponym zu Baerdref heescht Fremholz, den Iechternacher Deel Frimholz.

Villmools Merci!

--Jwh (Diskussioun) 14:18, 30. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Dobäi ass et ganz gutt méiglech datt de Kadaster nach net ganz fäerdeg ass mat sengen Upassungen un dat modernt Lëtzebuergesch an datt do nach just déi lokal Varinaten hänke blouwen. :-) --Les Meloures (Diskussioun) 14:45, 30. Jun. 2018 (UTC)[äntweren]

Sproochenzenter[Quelltext änneren]

Salut,

Den 28. Februar sinn d'Wikipedianer an de Sproochenzenter invitéiert. Et geet um 15.00 Auer lass. Wanns de intresséiert bass, einfach dohi kommen.

163, rue du Kiem L - 8030 Strassen

--Les Meloures (Diskussioun) 12:51, 22. Feb. 2020 (UTC)[äntweren]