Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Le Melour

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 8 Joer vum Sultan Edijingo
Moie Le Melour,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

--Sultan Edijingo (Diskussioun) 12:28, 26. Mee 2017 (UTC)Äntweren

E Meme (phoneetesch: m|iː|m) oder Internet Meme ass en Internetphenomen, bei deem e Bild oder eng Foto als Hannergrond genotzt gëtt, op deem meeschtens en Text oder e Sproch mat wäisse Buschtawen drop geschriwwe gëtt. Duerch déi digital Medien geschitt eng séier Verbreedung vun engem Text, enger Foto, engem Sproch oder enger kultureller Valeur.

Den englesche Konschtbegrëff meme gouf am Joer 1976 vum Richard Dawkins a sengem populärwëssenschaftleche Buch Den egoistesche Gen gepräägt fir d'Verbreedung vu kulturellen Informatiounen zu beschreiwen. De Begrëff ass eng Deformatioun vum Begrëff mimesis ("Imitatioun" am Algriicheschen) mat Analogie zum biologesche Begrëff Gen. Am Joer 2013 huet den Dawkins d'Internet Meme als Meme beschriwwen, déi duerch mënschlech Kreativitéit fräi verännert ginn.

D’Interesse vun den Notzer am Ramme vum Meme entsteet duerch verschidden Aarte vu Medien Holding, dozou gehéiert ënner anerem Biller, Kuerzfilmer, Flash-Animatiounen, Bloggs oder Audio posts. Den Inhalt kann humoristesch, satiresch oder schockant sinn. Sie hunn als Intentioun eng kënschtleresch Verwierklechung duerzestellen oder Werbung, Propaganda an Duerstellungsweis ze verbreeden.Net ëmmer iwwerhuelt een Hiersteller d’Verantwortung fir engem vu senge Wierker. Dank der Verbreedung vum Internet am privaten a kommerziellen Ëmfeld, kënnen Informatioune schnell a gratis verbreet ginn. Vun allem iwwer Websäiten, Chatts, E-Mails a souguer Wiki ass d’Méiglechkeet dass déi etabléiert Massemedien opgeholl ginn an d’Publikumsmagnéit forcéieren. Och duerch d’Verfügbarkeet vun digitalen Opnahmetechniken (z.B. Webcams) souwéi d’Veraarbechtung vun noutwendegen Hard- a Software erméiglechen a vereinfachen d’Erstellung vu Biller, Videoen an Toun Opzeechnungen ausserhalb vun engem professionellen Ëmfeld.

Beispiller

[Quelltext änneren]

Evenementer: De Kappstouss vun Zinédine Zidane géint Marco Materazzi an der Final vun der Fussball-Weltmeeschterschaft 2006 huet am Internet eng grouss Resonanz ausgeléist. Focus-Online huet gemellt, dat niewendru Computerspiller, bei deem een sou vill italieenesche Fussballspiller wie méiglech ee Kappstouss gi misst, och Seenen op oppener Strooss nogestallt, gefilmt an an d‘Netz gestëllt  goufen. Haaptduersteller: D‘ Video vum „Star Wars Kid“, dee mat senger  Videokamera Privatopnahme senger Kampfbeweegunge mécht, déi die Kampfbeweegunge vum Darth Maul aus Star Wars nostellen. D‘Opnahmen erreechen duerch ee Schoulkomerod d'Spaweck. Musek: D‘Lidd Sandstorm vun Darude gouf am Internet oft benotzt fir Leit déi no engem bestëmmte Lidd froen, eranzeleeën. Den Trend entwéckelt sech op der Streamingservice-Plattform Twitch.