Benotzer Diskussioun:Les Meloures/Archiv 2007

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"wann net de Numm vun der Kaart dann": Solle mer net awer d'Rinnen-Schreifweis oder d'Welter-Engelmann hei aféieren? Da stëmmt d'Kaart, a mer bräichten nëmmen e puer Dausend Artikelen z'änneren. Oder s'all op Pingonesesch schreiwen. (An enger Woch ass Vollmound!). Mail dran. --Cornischong 22:40, 13 Januar 2007 (UTC)

An dobäi heescht de Mann Émile Metz. Ech ginn nach mäin Horoskop fir haut kucken. --Cornischong 22:43, 13 Januar 2007 (UTC)
  • Merci fir d'Ergänzungen am Messier-Katalog an aner Saache méi.--SITCK 14:21, 15 Januar 2007 (UTC)
  • D'kat vun dern englesche Futtballveräiner gesäit am Moment flott aus, well nëmme su Provënzklibbercher dranhänken am Moment. Hoffen dass ech mech bis Enn der Woch bis eropgeschafft hunn. Probleem ass dass et ëmmer méi ze schreiwen a recherchéire gëtt wat d'Veräiner mi "wichteg" ginn. Harry-PC 21:20, 15 Januar 2007 (UTC)

E gudde Mëtteg. Ech wollt dech emol froen. Mäer hunn eng Category: Astronomesch Entfernungsmoossen. Soll een dat nët änneren op "Distanzmoossen" ? --SITCK 13:58, 17 Januar 2007 (UTC)

Den Erfinder[Quelltext änneren]

Halli. Hues de net ganz zoufälleg eng Foto vum Jan Pieter Minckeleers sengem Monument zu Maastricht. Et wier mol gutt ze wëssen, wat do drop steet. (Kuckt och op deem senger Diksussiounssäit). Op der Foto, déi op der de- an der nl-Wiki gesäit een e schwaarzt Gespenst. --Cornischong 19:49, 17 Januar 2007 (UTC)

Kaploun-Turbin[Quelltext änneren]

Ech hun der emol dat Schema vun enger vertikaler e bëssi friséiert (blatzeg Faarwen eraus) an eropgelueden. bis herno. --Cornischong 20:20, 18 Januar 2007 (UTC)‎

Tëntesmillen[Quelltext änneren]

An du seess, datt d'Tëntesmillen net vun der Our gedriwwe gouf. Am Erpelding "Die Mühlen des Luxemburger Landes" steet datt et d'Our ass. --Cornischong 14:30, 23 Januar 2007 (UTC)

Salut,

has du de Link op "luxalbum.com" aus iergend engem Grond geläscht oder huet eisen ominösen "Läschgeescht" ërem zougeschloen?

--Fliedermaus 16:24, 23 Januar 2007 (UTC)

Moien och,

Neen ech war net dru fréckelen. Do huet dee Geheimnisvollen erëm eng Kéier zougeschloen:-) Les Meloures 16:32, 23 Januar 2007 (UTC)

Guer kee Problem, ech weess jo elo datt dat eise Läschgëscht ass dee vun Zäit zu Zäit obtaucht.--Fliedermaus 16:56, 23 Januar 2007 (UTC)

En immens wonnerterribelen Owend. Stëmmen dann elo d'Nimm vun de Linster Gesëschter? Do hat dach ee gefuebelt. --Cornischong 21:21, 27 Januar 2007 (UTC)

N'owend och,
Wat mol feststeet an onsem Artikel war Maryse falsch geschriwwen do stoung Marice.
Ech ka mech net méi genee erënneren op dat Jéngst elo Marianne oder Mariette heescht mee wann ech déi nächste Kéier bei d'Léa iesse ginn da froen ech et. Les Meloures 21:26, 27 Januar 2007 (UTC)

mail do . Z.[Quelltext änneren]

Mail ënnerwee. Z.

bimmel --Cornischong 20:51, 4 Februar 2007 (UTC)


Gemengen-Template[Quelltext änneren]

Däi Buergermeeschter-Template ass eng gutt Saach. Et brauch ee bei engem Buergermeeschter-Wiessel nëmme méi op enger Plaz eng Ännerung ze maachen, och wann zéng Uertschaften an der Gemeng sinn. Den Numm vun der Partei gehéiert menger Meenung no awer nëmme bei de Proportsgemengen hannert de Buergermeeschter.--Fliedermaus 10:56, 6 Februar 2007 (UTC)

Halli. Den Nik ass gelant. --Cornischong 22:17, 7 Februar 2007 (UTC)

Sali

Tatsaach, do war e Mail:) Beim ganze Geplënners an hin an hir Geänners hunn ech genee op enger Plaz vergiess d'Email ze änneren... op der Wiki:) Ech hunn dat elo mol nogeholl, ech hunn deng awer nach fonnt op mengem ale Kont. Nummer schécken ech der herno, ech wees déi net auswännesch a muss mäi Frënd froen, mat deem ech awer lo nach fëx akafe gi fir de Weekend:) --βρισεισDisk 11:06, 9 Februar 2007 (UTC)

Ech hu mer dat emol ugekuckt a muss zouginn, ech ginn net schlau draus:) Dat eenzegt wat ech ka proposéieren, wär fir fir all eenzel Uertschaft e Bild genau sou ze man wéi d'Uertschaftsschëld, wat ee kann uewendrasetzen. Mee reng vun der Këscht hir hunn ech am Moment keng Ahnung wéi dat genee funktionéiert. Mee villäit wëssen do aner Expertsë méi:) --βρισεισDisk 15:42, 9 Februar 2007 (UTC)


Buergermeeschter a Buergermeeschter (Lëtzebuerg)[Quelltext änneren]

Salut,

Et ass gutt datt mir mat den Artikelen déi a Verbindung mat de Gemenge stinn, virukommen.

Mäi Virschlag dozou: ëmmer "(Lëtzebuerg)" hannendruschreiwen, wéi bei Conseiller (Lëtzebuerg). Et huet een dann d'Méiglechkeet fir d'Artikele wéi Gemeng, Schäfferot, Buergermeeschter, Gemengegesetz... lännerspezifesch ze maachen. Op dës Mannéier kann een d'Linken méi sënnvoll maachen.--Fliedermaus 09:35, 14 Februar 2007 (UTC)

Moien och,

Jo richteg gesinn, wollt dat awer eröischt maache wann ee Loscht huet déi Fonktiuonen bei auslännesche Gemengen ze beschreiwen. Dat kann en da maachen wa mer emol Artikelen iwwer de franséischen oder den däitschen oder soss en auslännesche Gemengesystem hunn. Les Meloures 09:47, 14 Februar 2007 (UTC)

Menger Meenung no wier et awer besser fir dat esou séier wéi méiglech ze maachen, well ee lues a lues méi Linke kritt déi duerno gëannert musse ginn.--Fliedermaus 10:04, 14 Februar 2007 (UTC)

Halli. Kéint dat et sinn? --Cornischong 21:40, 18 Februar 2007 (UTC)

Halli. Kritt Drauw net zwéin "f"?. --Cornischong 08:00, 19 Februar 2007 (UTC)

Halli. Talk:Räich (Biologie) an den "Artikel" selwer. --Cornischong 22:53, 20 Februar 2007 (UTC) Lëscht vun den Uertschafte bei der Musel ass deen aneren Trach. --Cornischong 22:55, 20 Februar 2007 (UTC)

Salut jo et sinn der jo en etlech Les Meloures 22:57, 20 Februar 2007 (UTC)
Halli. Niederfell w.e.g. Bild ass schonns erop. --Cornischong 00:11, 21 Februar 2007 (UTC)

Kategorien a Spuenien[Quelltext änneren]

An dene Kategorien ass en ziemlech Duercherneen an ech sinn am gang do Uerdnung dranzebréngen, well ech jo och elo e Portal iwwer Spuenie gemacht hunn --Alexandra 10:02, 28 Mäerz 2007 (UTC)

Salut
Kanns de mer deen Duercherneen vläicht méi genee erklären ech verstinn dat net richteg.
Merci am viraus Les Meloures 10:06, 28 Mäerz 2007 (UTC)
Majo, d'Kategorie sinn all net gläichméisseg agedeelt, dofir wollt ech emol en eenheetleche System drabréngen --Alexandra 15:16, 28 Mäerz 2007 (UTC)

Salut,

Wat mengst de mat net gläichméisseg agedeelt.

Ech menge wann ee Land Provënzen huet da sollen et déi Kategorië ginn, ech verstinn net wéi en dat ka basser a méi gläichméisseg andeelen wann en déi Kategorië läscht. Les Meloures 15:29, 28 Mäerz 2007 (UTC)

Ech wier frou wann ech meng Aarbecht kéint fir d'éischt emol fäerdeg machen. Ech gesinn net an dass all eenzelen Artikel muss eng eege Kategorie hunn, an dass ech bei all Ännerung direkt mat honnerte vu Froe bombardéiert ginn. Hei gëtt souwisou alles geännert wéi et engem an de Kapp kënnt, ob vidrun eppes zesumme beschloss ginn ass oder net. Ech hu mir do och virgeholl mech net méi anzemëchen, well ech di Loscht an déi Zäit net hunn. Elo giff ech och gäer emol eppes machen wéi ech et fir gudd fannen. Ech hu mech ëmmer ëm d'Kategorie gekëmmert an et war ëmmer gudd, bis op eng Kéier schéngt elo alles falsch ze sinn??? Wann dat esou ass, muss ech mech do och net méi drëms këmmeren??? --Alexandra 15:40, 28 Mäerz 2007 (UTC)

-- Post fir dech an denger Mailkëscht vum --Pecalux 12:30, 29 Mäerz 2007 (UTC)

Kick it like Les Meloures[Quelltext änneren]

Salut,

Wéis de scho vläicht matkritt hues, hunn ech däin Template -mat e puer klengen Ännerungen- emol ugeluecht. Hei ass de [[Template:Foussball Nationaldivisioun|Modell]] an hei ass d'Beispill vu Käerjeng (de Link selwer muss op Käerjéng gouen well den Artikel esou heescht). Den Template ass elo esou gebaut, datt automatesch all Artikel an deen e gesat gëtt och an d'Kategorie Foussball Nationaldivisioun klasséiert gëtt. Dat huet de Virdeel, datt een all Saison nëmme max. zwee Clibb an e puer Wuert am Template ännere muss ouni an de Kategorie wurschtelen ze mussen. Wat häls de dovun? ... Just nach zur Info, ech sinn elo héchstens nach mar online ze erreechen, dono geet et dann mol eng Woch an d'Vakanz. Schéi Feierdeeg! --Kaffi 23:04, 30 Mäerz 2007 (UTC)

Halli + Category:Schwäizer Vëlossportler an do waren nach eng etlech Artikelen vum Johnny Chicago: eng Zännradbunn ... --Cornischong 23:46, 1 Abrëll 2007 (UTC)

+ --Cornischong 23:53, 1 Abrëll 2007 (UTC)

Eisebunnsstrecken[Quelltext änneren]

Salut les Meloures. Mir haten desläscht riets dass ee kinnt bei eisen Eisebunnslinnen e Streckecroquis derbäi setzen. Kuck emol op dëser Säit, wéi eis Kollegen vun déisäit der Musel dat machen. Wat hälls du dervunn? --Pecalux 16:23, 6 Abrëll 2007 (UTC)

L'image a été supprimée de wikicommons. J'en ai trouvé une autre, en espérant qu'elle y reste. Merci de m'en avoir fait part. – Robin des Bois ♘ 16:14, 9 Abrëll 2007 (UTC)


Mail dran. --Cornischong 17:41, 9 Abrëll 2007 (UTC)

Bim. --Cornischong 18:44, 10 Abrëll 2007 (UTC)

Historique bei de Gewënner vun de Vëloscourssen[Quelltext änneren]

Salut,

Ech fannen et keng Iddi fir den Historique iwwerall ëmzedréien. Besonnesch bei Coursen déi den Numm e puermol geännert hunn gëtt dat manner iwwersichtlech.--Fliedermaus 11:09, 11 Abrëll 2007 (UTC)


Salut och

Ech hat mech emol op eng Staminetsdiscussioun baséiert wou ofgestëmmt gouf fir dat neist uewen ze setzen. (bei Filmer).

Vu datt menger Meenung no bei Coursen dat aktuellst soll uewe stoen, sou datt e sech och net duerch d'Säit muss scrollen, fir un déi neist Resultater ze kommen, hun ech dat emol ëmgedréint. Et gëtt awer warscheinlech nach eng besser Léisung. Ech sinn amgaang do drun ze kniwwelen. Besonnesch bei Léck Baaschtnech oder änlechem ass et jo e bësselche méi komplizéiert.

Ech änneren dat elo mol zréck bis ech den aneren Tableau ausgeschafft hunn. Les Meloures 11:54, 11 Abrëll 2007 (UTC)

No 2 Mailen dann hei: eng Antenne kënnt mer zimmlech frankphonistesch vier, kënne mer eis op Antenn eenegen? --Cornischong 16:58, 15 Abrëll 2007 (UTC)

Dach, mee wat soll ech elo fir d'éischt maachen. D'Antennelinken erëm siche goen a verbesseren oder d'Portal, oder d'Galvalange oder de Giebel:-):-) Les Meloures 17:01, 15 Abrëll 2007 (UTC)

Am beschte mol fir d'éischt déi spuenesch Kategorie fäerdegmaachen, dann d'Portaler mol enflech an d'Rei setzen, den Uerdinger-Artikel ofschléissen an déi lëtzebuergesch Brauereie schreiwen. An dann ass et un der Nuetsschicht! --Cornischong 17:23, 15 Abrëll 2007 (UTC)

Salut

A wat maache mer mat der Téitenger Schungfabfrik, den DFL seet Schongfabréck. Les Meloures 17:29, 15 Abrëll 2007 (UTC)

Halli. "Inselen a Wales‎" kléngt e bëssi dréchen. --Cornischong 15:05, 23 Abrëll 2007 (UTC)

Salut
Ech si mat all aner Propose d'accord. Les Meloures 15:12, 23 Abrëll 2007 (UTC)

Groningsch[Quelltext änneren]

Gudde moien,
Kréie mer och eng Erklärung war dat Groningsch ass. ? Les Meloures 19:50, 23 Abrëll 2007 (UTC)

Gudden owend,

I'm terribly sorry, but I do not speak Luxembourgisch. I can understand a little, but I do not understand the meaning of that sentence. Could you translate it in English, Dutch or German?

If it means "do we get an explanation of what Gronings is?" then the answer is already there. 81.205.234.85 20:07, 23 Abrëll 2007 (UTC)

Yes it does:-))

Halli. Fir "Kiecht Maarteleng" op "Kierch Maartel" ze setzen ass net dat Gielt vum Ee, well et geet jo ëm d'Kierch op der belscher Säit. Da misste mer dat jo op "Kierch Martelange" transplantéiren. --Cornischong 20:46, 23 Abrëll 2007 (UTC)

'Nowend, ma dat geet jo méi séier mat de Biller wéi ee kucke kann ;-). Sou mécht d'Artikelzwaffe Spaass.--Zinneke 22:30, 24 Abrëll 2007 (UTC)

Stan Ockers statue photograph[Quelltext änneren]

(I don't speak Luxembourgish...) Hello, I saw you made a picture of the Stan Ockers statue. You licenced it on the Creative Commons licence there, which allows the picture to be used in wikimedia commons. I used the picture in the English article on en:Stan Ockers, and to do that I uploaded it on wikimedia commons, see [here]. The licensing information was automatically produced there. Can you see if there is anything wrong with the licensing information there? If there is anything wrong, or you just would like the picture removed, please do so or let me know so I will do it. If the information is correct and you allow the picture to be there, could you add some comments in the wikimedia commons page, explicitly stating that you allow this picture to be used? Thank you! --131.155.56.90 10:01, 27 Abrëll 2007 (UTC), known as Pie.er on the English page.

Den Dokter ass nees do. --Cornischong 22:38, 8 Mee 2007 (UTC)

"Salut, dat mam Guidi wa mer net gär geschitt, et war mer leider net opgefall."

Salut, dat ass kee Problem. D'Saach ass jo elo erëm an der Rei.--Fliedermaus 13:02, 10 Mee 2007 (UTC)

CFL-Linn 60 / Antenn Wuelmereng[Quelltext änneren]

Gudden Owend Les Meloures.

Du hues am Artikel CFL-Linn 60 / Antenn Wuelmereng Kilometersteng agesat. Kanns du mir soe wou's de un déi Donnée komm bass? Bei der CFL besti nämlech topografesch Plange vun de Gleisanlagen mat enger präziser Angab vum PK (point kilométrique) bei all Weich, Signal, Barriär, Unterführung asw. Mee leider hunn ech déi net (oder nach net). Kann et sinn dass du se hues ? --Pecalux 20:40, 13 Mee 2007 (UTC)

Salut Pecalux
Neen leider hunn ech déi Pläng net ech hëlleffe mer dann alt weider dermat dat ech wann ech laanscht eng Gare oder eng Berrière furen mer eng Foto vun de Kilometerpottoe maachen dei bei der Gare stinn oder vun de Signalisatiounstafelen an det dann op de Pabeier brengen. Les Meloures 21:00, 13 Mee 2007 (UTC)
Barrièrre an der Jean Jaurès stross zu Diddleng

Rebonjour: Et wier natierlech flott wann e beim CFL een ze paake kréich deen ons do kéint weiderhëllefe mat Pläng, da bräicht een net all Gare eenzel nozelaafen. Les Meloures 21:04, 13 Mee 2007 (UTC)

ReSalut! Ech hu bei engem fréiere Kolleg ugeklappt dass e mir déi al Plangen, wa neier erauskommen, versuergt a nët an d'Poubelle geheit. Mee, vun do u bis haut si nach keng nei erauskomm. Fazit: Gedold..., erëm eng Kéier nofroen, a nach eng Kéier Gedold. --Pecalux 09:20, 14 Mee 2007 (UTC)
Rebonjour,
Dat ass emol eng gutt Iddi. Bis mer dann do e Resultat hunn, fuere mer dann alt nom System Helf dir selbst dann hilft dir Gott weider. :-) Les Meloures 10:22, 14 Mee 2007 (UTC)


De Sysop-Hutt[Quelltext änneren]

Salut. Gratulatioun zu dengem Admin-Hutt, deen elo grad aktivéiert gouf. --Cornischong 16:59, 14 Mee 2007 (UTC)

mail do, an nach een --Robby 22:46, 23 Mee 2007 (UTC)

Telefon hei. --Cornischong 23:34, 17 Mee 2007 (UTC)

Sorry, I don't understand Lëtzebuergesch very well, only a very little bit. Can you repeat it in English please? The new image (map of Bruges) you added gives troubles again with Firefox, i'll put him somewhere else, where it doesn't give a problem with both Firefox and Internet Explorer. Sincerely, 86.39.20.145 09:39, 1 Juni 2007 (UTC) edit; you already fixed it i see;-)

The troubles with firefox are if you put the left images under the right images in your edit screen, the left images will be put down by the right ones in the article, and are overlapping the text a bit. By putting the left images above the right ones in the edit screen, they will remain their places in the article in IE, but will also be ok in the article in FF. I hope you understand what i mean, difficult to explain, when you can't see it;-) 86.39.20.145 09:43, 1 Juni 2007 (UTC)
Probably. The problem only comes up with images on the left and images or an infobox on the right. There's an amazing difference between FF and IE, which makes it quite difficult sometimes... Oh, and don't you think the pictures on the right in Bruges are a bit oversized? Maybe 200px would be better? 86.39.20.145 09:50, 1 Juni 2007 (UTC)
Oh alright, ok then! Greets 86.39.20.145 09:57, 1 Juni 2007 (UTC)

Halli. Ech si prett. --Cornischong 10:22, 1 Juni 2007 (UTC)

Yes indeed I saw the tough job you did. It's very annoying. To start, there can probably something be said about Zeebrugge, the modern port of Bruges. Is very important for Bruges and it economy these days... I can't help with that, as i speak no Lëtzebuergesch. The only thing i can do is trying to get the layout (images and stuff) ok... Greets, 86.39.20.145 17:38, 1 Juni 2007 (UTC)


Hay, if "gréisster" means biggest then the Burg is not the biggest plaz in Bruges, but 't Zand (where the Concertgebouw is). Greets, 81.244.127.83 18:58, 3 Juni 2007 (UTC)

Oh, and sorry i changed Hafen back to Hafe (because it says also "Hafe Bruges-Zeebruges"), I thought I made the mistake, without seeing it was you who changed it to Hafen... 81.244.127.83 19:30, 3 Juni 2007 (UTC)

Ah sou, net? Also bei mir gesäit et schonn centréiert aus. Wéi ass et da bei aneren Déieren Artikelen, wéi gesäit et do bei dir aus? --Alexandra 07:07, 5 Juni 2007 (UTC) Also, ech hunn elo schonn e puer Joer esou geschafft mat den Taxoboxen a bis elo war nach nie e Problem. Ech giff gäer wëssen wéi déi aner et gesinn, ier elo erëm dausend Ännerunge gemacht ginn déi guer net neideg sinn. --Alexandra 07:20, 5 Juni 2007 (UTC)

Dat ass an der Rei
Ech hoffe just datt jiddereen dat heite liest an da bei sech kuckt an och äntwert. Soss si mer esou lous ewéi virdrun. D'Fro ass just: Schuet dat eppes wann een den Center nach bäifléckt. Dat wier jo déi einfachst Léisung oni dat muss vill geännert ginn. Les Meloures 07:29, 5 Juni 2007 (UTC)
Am Opera 9.2 gesinn ech den Titel iwwer der Foto an der Mëtt "schwaarz" geschriwwen!! Am Firefox 2.0.0.4. gesinn ech den Titel an der Mëtt "wäiss". An am IE 7 Vers. 5730.11 gesinn ech den Titel "wäiss" an e steet lénks" !!! Dann hu mer wuel am beschten, mer setzen "center" dohinner a mer këmmeren eis ëm eis Moschwiren. Mengt der net och? --Cornischong 16:25, 5 Juni 2007 (UTC)

Halli. Mail do. 1 Schëld verluer gaangen. --Cornischong 19:55, 5 Juni 2007 (UTC)

Ech sinn am Reseau. --Cornischong 21:48, 12 Juni 2007 (UTC)~

Nadch eng Fro ier ech "op der Plaz" nofroen: Wat steet dann elo am DFL?? Steet do Leuchtturm oder Leuchttuerm; a steet och Phare do oder net? --Cornischong 13:30, 13 Juni 2007 (UTC)

Salut
Am DFL steet: phare m = Leuchttuerm m (...tierm); Phare m. Les Meloures 13:46, 13 Juni 2007 (UTC)
ok. Merci --Cornischong 13:59, 13 Juni 2007 (UTC)

à propos Motor: Du brauchs mer keng Äntwert ze ginn, well ech froe dech näischt. All Mënsch ka sech iiren, du an ech och. --Pecalux 13:16, 14 Juni 2007 (UTC)

Ouni an d'Nationalbibliothéik ze goen (an déi ass elo um Hallefnuet zou) kann ech den Opléisungsdatum vun der Sodec leider net erausfannen. Ech weess just datt s de den Opléisungsakt am Memorial Nr 23 vun 1981 op Säit 1079 misst fannen. Wann ee bedenkt datt tëscht Opléisung a Verëffentlechung am Memorial durchaus e puer Méint kënne vergaange sinn, da misst d'Opléisung entweder Enn 1980 oder uganks 1981 geschitt sinn. --Otets♣ 22:07, 15 Juni 2007 (UTC)

Halli. darabbelemol. --Cornischong 22:21, 20 Juni 2007 (UTC)

Nix Commons[Quelltext änneren]

Halli. Kuck emol wat ënner deem Bild steet. ( http://de.wikipedia.org/wiki/Bild:Dsc06305.jpg ). --Cornischong 09:18, 21 Juni 2007 (UTC)

Pardon, ech hat nach Blatz an den Aen. --Pecalux 10:01, 25 Juni 2007 (UTC)
Lies emol deng elektronesch Post (2 Messagen) Robby 21:27, 29 Juni 2007 (UTC)

Vun elo do! --Cornischong 20:39, 3 Juli 2007 (UTC) bim --Cornischong 22:13, 4 Juli 2007 (UTC)

nees do: --Cornischong 21:37, 8 Juli 2007 (UTC)

Borne des Passeurs zu Péiteng[Quelltext änneren]

Borne des Passeurs

Dat ass se!








--Pecalux 09:36, 9 Juli 2007 (UTC)

Halli. Um 22.50 ass de Poste fräi. --Cornischong 20:33, 10 Juli 2007 (UTC)

Salut: Mail do ! --SITCK 21:40, 12 Juli 2007 (UTC)

Eric a Roger De Vlaeminck[Quelltext änneren]

Salut. Bei Mémoire du Cyclisme ass fir d'Cyclo-Cross-Weltmeeschterschaften e Palmarès vun de Profien an e Palmarès vun den Amateuren do. Doraus geet erfir datt den Eric De Vlaeminck den Titel bei de Profien an den Roger De Vlaeminck den Titel bei den Amateuren hat.--Fliedermaus 13:53, 13 Juli 2007 (UTC)

Halli. Schlo mech net, datt ech deng Insel vertriwwelt hunn, mee ech hat bal de Bloen Houscht kritt. --Cornischong 14:03, 18 Juli 2007 (UTC)

Halli. Bimmel mol.:-)) --Cornischong 13:00, 22 Juli 2007 (UTC)

Grouss gesinn[Quelltext änneren]

Halli. Artikele mat iwwer 23.000 Wierder hu mer all Dag hei, mee eng Diskussioun mat iwwer 23.ooo Wierder, dat fënns de nëmmen hei: ( http://de.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Kandidaten_f%C3%BCr_exzellente_Artikel#Geschichte_Rostocks ) deen éischten "Bücherverluste in der Spätantike. Dat muss de gesinn hunn. --Cornischong 17:24, 22 Juli 2007 (UTC)

Mail an denger Këscht! --SITCK 21:04, 23 Juli 2007 (UTC)

Halli. Nees hei an nees do. --Cornischong 15:51, 26 Juli 2007 (UTC)

mailen an denger Këscht! --Robby 13:34, 29 Juli 2007 (UTC)

nees do --Cornischong 16:24, 29 Juli 2007 (UTC)

Kommen net ganz no...[Quelltext änneren]

Salut,

kommen elo net ganz no, wat ech falsch gemaat hun. Hun jo nemmen t'Kategorien aus dem däitschen iwerholl... Soll ech dat net maan... Oder wei...:) --Jeff pez 14:27, 30 Juli 2007 (UTC) Mist et dann net och bei all denen aneren Stied geänert gin?? An wou gesin ech t'"Struktur" vun den Categorien? Merci--Jeff pez 06:35, 31 Juli 2007 (UTC)

Salut Jeff pez,

De Problem ass datt bei den Andeelunge vun de Categorys vun den Uertschaften et keng Hierarchie gëtt, an datt am Ufank decidéiert gouf alles ënner Uertschaft ze klasséieren. Als Uertschaft gëtt alles betruecht wat z.b zu Lëtzebuerg an der Lëscht vun den Uertschaftnimm steet. Wann et dann eng Gemeng ass déi nëmmen aus enger Uertschaft besteet oder wann am Uertschafts-Artikel och d'Gemeng déi de selwechten Numm huet beschriwwe gëtt, kënnt d'Category Gemengen derbäi. Wann et eng Stad ass kënnt d'Category Stied och nach derbäi, oder Groussstied, oder wéi an Däitschland mat den Ënnerdeelungen Kreesstied.

Wanns de elo gäeren dem Kategorie-Baam noleefst musst de uewen ufänken. z.B. Category:Uertschaften. Da geseis de fir d'éischt fir water Länner et déi Category gëtt. Wanns de da bei deem Land op d'Pluszeeche virun dem Numm vunn der Kategory klickst geséis de op se nach eng Kéier no ënnen opgedeelt ass. Bei de Stied a Groussstied ass et dat selwecht.

Et ass net schlëmm wanns de mol vergësst déi eng oder aner Category anzedroen. Et gëtt ëmmer erëm een deem dat opfällt an dat dann nohëllt. Wanns de mengst eng Category géif gebraucht ginn setz se einfach mat ënnen drënner oni se weider no uewen ze leeden. Da steet se rout do a kënnt an d'Lëscht vun de gewënschte Kategorië stoen. Déi Lëscht gëtt reegelméisseg nogekuckt an ugepasst. Wichteg ass datt iwwerhaapt eng vun de Kategorien agedroen ass, wou d'Saach dra passt. De Rescht ass Detailsaarbecht.

Dann nach eppes:Bis op e puer Ausnahmen sinn d'Kategorien op der der lb:Wiki all an der Méizuel. Et soll een och ëmmer wann et an enger Kategory eng Hierarchie gëtt, den Artikel an déi um ënneschten Niveau androen, well déi jo automatesch no uewe weider geleet gëtt.

Dann nach eng Bemierkung zum Schluss: Du hues warscheinlech gemierkt datt an dengen Artikele vill verbessert gouf. Géi der déi Verbesserungen mol der Rei no ukucken da mierkst de wou's de Feeler gemaach hues. Doduerch léiers du bäi an déi aner hunn duerno manner Aarbecht fir dat ze maachen a si kënnen da weider dru schaffen fir d'lb:Wiki ze verbesseren, wat dir jo wann ech dat richtig verstanen hunn ganz wichteg ass.

Dofir zum gudden Artikel gehéiert och derzou datt keng Feeler dra stinn. Dat ass méi wichteg wéi Detailsaarbecht an de Categorien.

Wanns de nach eng Fro hues, zéck net a fro einfach. Les Meloures 08:45, 31 Juli 2007 (UTC)

Ech hunn de Lippmann benotzt du helle Kapp...An et war de leschten Artikel, well ech mengen du an de Cornischong hutt iergend wellech Problemer domatter wann een aneren d`Initiativ gräift an eppes maan well .... Kann nëmme soe Wiki Lëtzebuerg suckz a Wiki de rulez... Hunn elo an 3 Deeg méi Artikele geschriwwe wei 95% vun den ugemellte Memberen, super Leeschtung där Hell VULLEN ;)...Bei mer ass elo Schluss bei Wiki Lëtzebuerg, well sou eng "schappeg" Iwwerleeung a Remarquë gëtt et nëmme bei Lëtzebuerger...:) P.s. Du kanst et dann jo besser maan...

Hunn eppes dozou geschriwwen, si leider déi lescht Deeg net dozou komm souvill online ze sinn, wéi ech ët gäere gehat hätt ;) --βρισεισDisk 00:16, 2 August 2007 (UTC)

mail an der Këscht --Robby 10:32, 5 August 2007 (UTC) an neess e mail an der Kescht --Robby 20:50, 6 August 2007 (UTC)

Uertschaften[Quelltext änneren]

Ech hunn déi gro e bësse langweileg fonnt. An déi gréng Faarw déi d'Fransouse benotzt hunn, huet mer iergendwéi besser gefall. Ech wollt souwisou de ganze Stieds-Bataklang emol duerchkucken, verschiddener hunn och aner Informatioune wéi anerer (z.B. bei denen enge steet d'Bevëlkerungsdicht, bei denen aneren net asw.). Ech mengen dat einfachst ass ewéi ëmmer, ech bastelen eng Template.

Dat mat de Wopen hat ech effektiv iwwerflunn, ech hunn ëmmer nëmme séier gekuckt, op d'Wopen an der Kategorie vum Departement/der Regioun war, a wann net, sinn ech ët op Commons siche gaangen:)) A well ech souwisou nach net midd sinn, këmmeren ech mech elo mol ëm franséisch Uertschaften/Stied asw. D'Revoluzzer kënnen nees e bësse waarden:) --βρισεισDisk 23:24, 14 August 2007 (UTC)

wollt emol ubimmelen Robby 21:45, 15 August 2007 (UTC)

Ech fannen datt dat mat den Arrondissementer eng e bëssen ze genau Ënnerdeelung gëtt, d'Halschent vun den Uertschaften ass no Arrondissementer, déi aner no Departementer asw. Dofir hunn ech bei denen, wou Arrondissementer waren, déi ewech geholl. --βρισεισDisk 09:42, 16 August 2007 (UTC)

Category:Gemengen a Frankräich -> Category:Gemengen a Frankräich no Arrondissement -> Category:Gemengen am Departement Marne no Arrondissement (bzw. Gemengen am Departement XXX no Arrondissement). Idem bei Uertschaften. --βρισεισDisk 10:20, 16 August 2007 (UTC)

Salut. Kanns de mol eng Kéier iwwer de Lisieux-Artikel fléien, fir do d'Loft eraus ze kréien. Ech gesinn dat zevill breet. Wa mer do nach déi rëffeg Foto an déi idiotesch grouss Kaart erauskréien, wäert den Artikel bestëmmt besser ausgesinn. Merci. --Cornischong 08:55, 18 August 2007 (UTC)

Arrondissementer a Prefekturen[Quelltext änneren]

ok. --βρισεισDisk 15:06, 18 August 2007 (UTC)

Lännerkëscht[Quelltext änneren]

Salut,

Ech hu gesinn datt 's de e bëssen Info bei d'Lännerkëscht gesat hues. Gutt esou, dat hätt ech och scho laang kënne maachen. E nodréigleche Merci iwweregens fir d'Merci-Soen dozou. Ech hu mer geduecht all d'Länner eng Kéier duerchzegouen, d'Lännerkëscht ze aktualiséieren (an dat méiglechst systematesch och wat d'Daten ugeet), a wou néideg (an 90% vun de Fäll) op mannst e puer Sätz dobäi ze schreiwen (oder och iwwerhaapt emol eppes, Beispill: Kasachstan). Dat kéint natierlech e bëssen daueren, well ech dat gäer anstänneg maachen ... Zil ass et allgemeng e Minimum un Informatioun ze bidden an datt dat ganz och optesch eng Grëtz méi attraktiv gëtt (datt ee sech net schumme muss). Kéint jo sinn, datt dat deen een oder anere motivéiert virun ze schreiwen. Wann dee "Projet" fäerdeg ass, géif ech dann de Code vun der Lännerkëscht2 op den eigentlechen Template Lännerkëscht eriwwerkopéieren, d'"2" erem an all d' Artikele läsche goen (eng Affaire vun 10 Minutten) a schlussendlech d'Template:Lännerkëscht2 als Läschkandidat proposéieren. Natierlech muss ech dat net alleng maache mussen, mee wann een eppes versprécht ... Kaffi 10:00, 21 August 2007 (UTC)

Eneco Tour[Quelltext änneren]

Salut,

Tiptop, den Artikel kéint och eng Photo verdroen.--Fliedermaus 10:24, 23 August 2007 (UTC) mail do Robby 07:40, 1 September 2007 (UTC)

"User:194.154.200.108" deblockéiert: " Tjo, wa mer eis elo selwer op de Kënn späizen .......... --Cornischong 09:28, 1 September 2007 (UTC)

Da bimmel emol --Robby 21:42, 2 September 2007 (UTC)

Artur Balder / Curdy[Quelltext änneren]

Hallo. Was war denn das Problem um diese Artikeln zu begründen, beida waren korrekt angepasst. Sie können auch auf english antworten. Danke. --Wellko 21:58, 3 September 2007 (UTC)

Artur Balder / Curdy[Quelltext änneren]

Hallo. Was war denn das Problem um diese Artikeln zu begründen, beida waren korrekt angepasst. Sie können auch auf english antworten. Danke. --Wellko 18:58, 4 September 2007 (UTC)

Úberhaupt kein Problem. Aber schwachen sind die Referenzen überhaupt nicht (vielleicht sind Sie niemals aus seinen schönen kleinen Dorf herausgekommen...) aber doch Nationalpress wie El pais ist fürs das spanishe Sprachgebiet wichtig (und nicht nur in Spanien), und es ist nur ein Beispiel zwischen vielen anderen. Das Sie kein Interesse haben an internationale Proyekte, dass kann ich auch verstehen, zwar wenn man ein so niedriges Nieveau zeigt wie Sie, und zwar wenn man aus einer Wikipedia, wie der fall ist mit LB, wo nicht viel ist zu exportieren. Aber glauben Sie mir: Gott ist immer mit den stärksten Bataillionen. Mit einem Gruss, --Wellko 19:15, 6 September 2007 (UTC)
@ Wellko: "Gott mit uns" ma du seess et, Männi. Léier dech emol "Niveau" schreiwen, iers de hei den Intellektuellen eraushänke léiss. --Cornischong 19:38, 6 September 2007 (UTC)

Gudden Appetit[Quelltext änneren]

Aha, endlech mol eppes fir déck a fett ze ginn. --Cornischong 16:51, 6 September 2007 (UTC)

Méi Gescheiter net ëmrappen![Quelltext änneren]

Wa schonns ee méi gescheit ass, an e weist eis, datt et endlech méiglech ass, klengeschreiwwe Wierder als Lemma ze benotzen, wéi bei der woxx, da misste mer dat net onbedéngt revertéieren. --Cornischong 14:08, 13 September 2007 (UTC)

Copie vun der Äntwert an vun der Fro duerno
Salut,
Dat mat deem Woxx war domm gaang. Ech hat dat dommerweis net richteg matkritt. Les Meloures 14:59, 13 September 2007 (UTC)
Resalut,
Ech hunn elo mol déi Artikele geännert déi ech erëmfonnt hunn.
Wuer setze déi Schabloun hin datt jidderen se fënnt.? Bei déi aner wou den net korrekten Titel steet. ? An deem Fall kan déi jo vläicht op de Mound geschéckt ginn. ? Les Meloures 15:22, 13 September 2007 (UTC)

nei Artikelen zum Thema Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

'Nowend,

Du hues mer do e puer gelungener an d'"Nei Artikelen"-Rubrik am Portal Lëtzebuerg eragesat, déi mat Lëtzebuerg näischt ze dinn hunn. Näischt fir ongutt, mee ech hu se nees erausgeholl. --Zinneke 22:40, 18 September 2007 (UTC)


"fir mam gudde Beispill virzegoen"[Quelltext änneren]

Wann de Kollektivcongé, d'Kuren zu Munneref an den onbezuelten Urlaub eriwwer sinn, an déi mat den décke Baken, ech mengen natierlech déi mat den Artikele vum Joerhonnert, mat der Aarbecht bäi sinn, leeë mer en anere Gank an, gell? --Cornischong 12:11, 19 September 2007 (UTC)

Salut,
Gëtt et nach een aaneren ?? Mer sinn fir am Baueren- an Trakters-Jargon ze schwëtzen héchsten am Zweete-Lues. Drënner gëtt et jo dann nach just een:-)) Les Meloures 12:16, 19 September 2007 (UTC)

Moien, Du schroufs:

Ech hunn do just nach eng Fro, déi déi heite Wierder betrëfft: änlech steet 100 Mol mat H geschriwwen an der Wiki nähmlech 2 Mol a warscheinlech 126 Mol. Wat maache mer mat deenen. Les Meloures 20:07, 27 September 2007 (UTC)

"Nähmlech" ass esou falsch wéi et nëmme geet: "Wer 'nämlich' mit 'H' schreibt, ist dämlich" sot mäin Däitschprof. "Warscheinlech" giff ech och ouni schreiwen (wéi "Wouer"), en zweeten "A" ass net néideg, well et en zesummegesatent Wuert ass. Just "änlech" mécht mer Kappzerbrieches, well "äänlech" ... "äägal wéi" ausgesäit, anersäits de laange Vokal viru méi wéi engem Konsonant logescherweis verduebelt misst ginn. A wa mer dat als Léinwuert esou si loossen? De Lëtzebuerger Online Dictionnaire schreift och "änlech"... --Zinneke 10:02, 28 September 2007 (UTC)

Dës Kéier ass den DLW méi lous: "ähnlich: bal d'selwecht (e)wéi / sich ähnlich sehen: engem gläichen / Ähnlichkeit: Glach" Dat änlech huet, wéi et schéngt (amplaz "anscheinend"), hei näischt verluer, an dat aus engem gudde Grond. --Cornischong 22:29, 28 September 2007 (UTC)

em(p)fang/k[Quelltext änneren]

Moien, merci fir de schoarfe Bléck. Do hunn ech effektiv verschlëmbessert, maachen ech direkt an d'Rei. --Z.

Lo do !!!!

eppes gesot:[Quelltext änneren]

Moien,

ech weess net, ob dat grouss oder kleng geschriwwe gëtt, hautesdaags gëtt Grouss- a Klengschreiwung jo monter duerchenee gehäit. Um Website ass et ganz a Groussbustawe geschriwwen, mee dat heescht näischt. Woarde mer emol einfach, bis dat Déngen erauskënnt. -- Zinneke 08:55, 16 Oktober 2007 (UTC)

Jos op Jos. geréckelt[Quelltext änneren]

Gudde Nowent, ech hunn elo eréischt - also no méngem Réckelen vun Jos Hoffmann op Jos. Hoffmann - gemierkt, dass all d'Jossen als Jos a net als Jos. gefouert ginn.
Ech passe mech natierlech gäeren der Regel unn. Also: weg kanns du dat réckgängeg maachen? De J. Hoffmann, Biolog, huet séng Aarbechten aus de 50er Joeren mat Jos Hoffmann, an de 60er Joeren dunn mat Jos. Hoffmann ënnerschriwwen. Am Artikel hunn ech Joseph Hoffmann agesaat. Ass dat gudd esou?--Cayambe 16:46, 17 Oktober 2007 (UTC)

Thanks for your welcome. I'm sorry but I don't speak this language. I'm going to ameliorate the categorya about Soria (Spain). I've got a template on my user's page. Have you got any template about cities on this Wikipedia? --Jeneme 17:17, 28 Oktober 2007 (UTC)

Hello,
What are you meaning by template about cities? Les Meloures 17:21, 28 Oktober 2007 (UTC)

Kee Vandalismus op der Léiffrächen[Quelltext änneren]

Gudden Owent,
engem Kolleg vu mir ass op dem Artikel vun der Léiffrächen e Mëssgeschéck passéiert: all Sonnerzeechen goufen duerch e Carré ersat. Du hues dat warscheinlech als Vandalismus interpretéiert an d'IP-Adress gespaart. Ech hun elo just mam Kolleg, dee ganz wertvoll Beiträg schreiwe kann, d'Uersaach vun deem Mëssgeschéck gekläert (Inkompatibilitéit no engem copy-paste aus engem Text-Layout-Programm mam Wikipediasystem).
Kanns du weg d'Sperrung vun däer IP-Adress ophiewen? Merci am viraus.--Cayambe 19:10, 6 November 2007 (UTC)

Bonjour,

Kuck emol an deng Mailbox w.e.g. Pierrenilles 15:23, 9 November 2007 (UTC)

Halli. Wann s d'eng Kéier Gloscht op den Habschter Tunnel solls hunn, da kanns de lassfueren. Biller si prett. --Cornischong 17:34, 10 November 2007 (UTC)

Halli. Wat leeft mat der Fichier:Jean-Harlow--w.jpg|80px -Foto a mat deene vun de Kollegen? Retouchéiert a gebotzt an dann an de Lokus? --Cornischong 09:12, 15 November 2007 (UTC)

Mail an der Këscht. --Cornischong 10:59, 19. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Catégories de lb:[Quelltext änneren]

Bonjour
Merci pour ton intervention sur les Pages décès et naissances sur lb:Wiki lb:User:Les Meloures alias TRULLI (d) 8 décembre 2007 à 14:02 (CET)

Pas de quoi. Je faisais des interwikis avec mon robot et j'ai constaté quelques incohérences.

Cordialement,

Vargenau 18:53, 8. Dez 2007 (UTC)

Schrëftgréisst a soss[Quelltext änneren]

Salut,

Ok, ech hat geduecht du häss dech beim zerécksetze vun de virleschten Ännerungen (vun engem Anonymen) g'iert. Ech weess zwar net richteg wat 's de mengs, mee ech hunn d'Schrëft elo mol erëm e bësse méi kleng gemaach (120%, wat reellen 110% entsprécht). Ass et besser respektiv bei wat fir enge Länner ass de Problem?

...

Nach eng aner Saach: hues du eng Ahnung firwat hei d'Halschent vun de Systemmessagen op däitsch ass? Hunn zwar dovunner am Stamminet gelies, firwat dat esou ass dovu schéngt jo awer nach keen eng Iddi ze hunn, oder dach? Als hondsgewéinlechen User ouni d'Adminweihen ass et e bësse schwéier ze wësse wou op wat fir ee Knäppchen drécke wann een net emol weess wat fir eng et der da ginn. Et wier vläicht un der Zäit datt een dono kuckt respektiv emol lénks a riets nofreet. Ech mengen domat elo net onbedengt dech perséinlech, mee sinn awer der Meenung, datt eng Demande a Richtung MediaWiki eppes méi u Gewiicht kritt (lies: méi sérieux geholl gëtt) wa se vun engem Erwielte kënnt. Nach eng Kéier: dat ass net als perséinlech Kritik ze verstoen, net un dech an och net un déi aner Adminen, et ass mer just fir d'Saach emol nach eng Kéier an d'Gespréich ze brengen! Ech hu scho selwer hei an do gekuckt an och bei norwegesche Kollegen nogefrot, dobäi erauskoum awer leider näischt. Et ass sécherlech wéi den Zinneke geschriwwen huet, datt de Gros sech iwwersetze léisst (och nëmme vun Admine méiglech), mee de "Fong", dee virdrun englesch war, dee muss jo awer anzwousch ze ännere sinn ...

Zu gudder Lescht nach: ech gesinn datt's de drop an derwidder Artikele iwwer Léck an Ëmgéigend schreifs. Sou wéi ech d'Saach gesinn géif dat scho fir en zolitt Portal Léck duergouen.:-)

Sou, genuch getut fir een deen an der Lescht net vill opweises hat --Kaffi 21:54, 11. Dez 2007 (UTC)

De Saz vum Dag[Quelltext änneren]

Ech liesen hei driwwer "Et wier vläicht un der Zäit datt een dono kuckt respektiv emol lénks a riets nofreet." Dat ass ouni Zweidel de Saz vum Dag, deem ech mech absolut uschléissen. Do steet net "et ass", mee "et wier", do steet emol net "et wier un der Zäit", neen, do steet "et wier vläicht". Vun eisen 8 (aacht) Adminen sinn der e puer, déi sech zënter Méint net méi réieren. Anerer gesäit een een- zweemol d'Woch. Dat wier vläicht net deen ideale Fall. Fir lénks a riets nozefroen, wier et vläicht net schlecht, mol ze wëssen, wou lénks a riets ass. Jo, mer sinn an deem Fall vläicht ganz e bësse schlecht drun. Vun eisen 1.362 Mataarbechter (dat liest sech gutt, hein) sinn der e Grappvoll ze gesinn. No dräi Joer hu mer et nach net ronnkritt fir all Land e Mikroartikel opzeriichten. D'Halschent vun den Texter stinn op den Diskussiounssäiten, wéi deen hei och. An da kommen all Dag e puer Toperten hir Kéipercher heihinnen drécken. Jo, et géing eis vläicht gutt goen. --Cornischong 22:44, 11. Dez 2007 (UTC)

wichtege mail an der Këscht --Robby 18:17, 16. Dez 2007 (UTC)

bimbim --Cornischong 17:40, 17. Dez 2007 (UTC)

Salut Les Meloures,

Elo hues do dee falschen Template geläscht:

Vorlage:/PortalParäis ass fir ze Läschen an Vorlage:PortalParäis muss nees restauréiert ginn Robby 14:02, 26. Dez 2007 (UTC)

mail do--Robby 21:45, 29. Dez 2007 (UTC)

Hello Les Meloures.

Could you please block this vandal? Thanks, DerHexer 21:48, 1. Jan. 2008 (UTC)

Bild läschen[Quelltext änneren]

Salut,
d'Bild 015ared10.jpg kann elo geläscht ginn. Merci. Cayambe 22:55, 1. Jan. 2008 (UTC)

Hi, please go to m:Fundraising_2007/Thank_you translate the source-text and add the translated text at m:Fundraising_2007/Thank_you/lb, thanks, best regards, --Spacebirdy 23:39, 4. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Since the fundraiser is over there is no need to translate those messages anymore, You could have added the translation to m:Fundraising 2007/Text for sitenotice and a metaadmin would have created the pages, but no need to do that anymore, You should now see the thanks message in the sitenotice (if not please refresh Your browser) which is not translated, if You want it to, please proceed as mentioned in my first answer, thanks, --Spacebirdy 00:18, 5. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

O mei, hu grad deng Meta Iwwersetzung iwwerschriwwen (3min no där). Dat war net gär geschitt! (wéi ech ugefaang hat, war nach näischt do) Kuck der et un a wann et der net gefält, setz et zeréck, meng Erlabnes solls de hunn:) Wéi gesot keng Expressegkeet! E gudde Nuecht, --Kaffi 00:52, 5. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Hallo, You'r welcome, the reason why m:Fundraising 2007/Thank you/lb is not published still is, that it is not the whole text translated:
Thanks to everyone who donated in the Wikimedia Foundation fundraiser! You can still [http://wikimediafoundation.org/wiki/Donate make a contribution], or [http://www.cafepress.com/wikipedia/ buy Wikimedia merchandise].
Kaffi added the second part but You reverted it, please could You both find a version with both links in it that we can publish? Let me know when You are done, thanks, best regards, --Spacebirdy 08:54, 5. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]
Cool, thank You, if You refresh Your browser You should see it now:) thanks and best regards, --Spacebirdy 09:16, 5. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Déi béis Wikipedia do[Quelltext änneren]

Wéi d'Wiki een dach awer verkuebele kann! Stëmmt jo, just war et wéinstens net .bd sou datt meng Ännerung net op alle Punkte komplett dernieft war. --Otets♣ 19:32, 6. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]