Benotzer Diskussioun:Lh

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Moie Laurent. Dat ass flott, datt s de eng Hand mat upake wëlls. Wann s de eng Fro iwwer de System hues; zéck net a looss se kommen. --Cornischong 17:15, 10 September 2007 (UTC)

Merci Cornischong, ech kucke mer daat mol a Rou un. Ech hu mer vlait geduet d'Meteorologie-Artikelen bessen ze erweiteren bzw. der neier unzeleen, well der nach net souvill do sin, wa Fro'en vu menger Seit sin, wees ech wou ech se stellen soll. --Lh 17:24, 10 September 2007 (UTC)

Moie Laurent,

wéi s de gesäis, hunn ech de METAR-Artikel (ech huelen un Hand vun dengen Intressegbidder un, en ass vun där, well e war vun engem anonyme Mataarbechter, deen net ageloggt war, crééiert ginn) op den ausgeschriwwene Numm geréckelt, a "METAR" als Viruleedung gelooss. Dat just, fir Der ze soen, dass de dat net als Kritik solls gesinn, mee dass et hei ganz normal ass, dass Anerer engem an engem Artikel eng Hand upaken (sief et duerch Linke bäisetzen oder so~ss Ergänzungen). Fuer roueg esou virun, do sinn nach vill intressant Saachen, iwwer déi mer hie nach näischt hunn. A wéi s de schonns erausfonnt hues: Wann s d'eng Fro hues, looss kommen!

--Zinneke 07:57, 11 September 2007 (UTC)

Salut,

Nee ass gudd daaste den Redirect gemeet hues, ech hätt e vlait och herno gemaach mee wees net wéiste daat mess. De Probleem ass eben daat an der Meteorologie, genausou wéi an der Informatik, vill mat Ofkiirzungen geschafft gett an déi och méi geleefeg sin wéi déi richteg Nimm. Do waer et vlait net schlecht wéi beim METAR-Artikel déi 2 ze benotzen (also wann een an d'Sichmask d'Ofkirzung agett e Redirect op de richtege Numm gemaach gett).

Ech haat den Artikel ugefaangen, daat stemmt, leider woar ech net ageloggt an hun daat réischt herno gemiirkt, ech hoffen daat daat keen Probleem duerstellt. --Lh 15:04, 11 September 2007 (UTC)

Salut
Dat ass schonns alles an der Rei. Sou kleng Boboe si kee Problem. Fir Redirect ze maache brauchs de just de Lemma deens de wells redirigéieren an d'Sichkëscht anzeginn an dann op Artikel klicken. Da kënnt eng nei Säit wou's de dann uewen den Artikel a rouder Schrëft stoen hues. Op déi musst de da klicken an da geet nees eng nei Säit op. Bei deeër klickst de dann op Änneren. Da kriss de eng Këscht op an deeërs da folgendes agëss: #Redirect, an dann oni Ofstand denn Numm vum Artikel an eckege Klameren. Les Meloures 15:45, 11 September 2007 (UTC)
Ah ok tiptop merci --Lh 17:32, 11 September 2007 (UTC)