Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Lotzu

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 10 Méint vum Lotzu am Sujet Feeler verbesseren
Moie Lotzu,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dat Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun derbäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-). Déi wichtegst „Reegel“ ass: „Sief kéng!
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Stamminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaachte Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op „Sujet derbäisetzen“.

Op Ärer Benotzersäit kënnt Dir, wann Dir wëllt, e bëssen eppes iwwer Iech oder Är Aktivitéiten op der Wikipedia schreiwen (z. B. d'Sproochen, déi Dir kënnt, Är Interessensgebidder asw.). Op Ärer Startsäit fannt Dir nëtzlecht Geschier fir op der Wikipedia lasszeleeën (z. B. Ännerungsvirschléi, Hëllefssäiten, Uspriechpartner an nach méi).
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

2A02:A03F:A199:6C00:C4A8:4380:A061:7D15 11:18, 5. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Moien,
Är Ännerunge goufen all zréckgesat. Wann een d'Sprooch net gutt genuch kann, fir hei matzeschaffen, da soll een dat besser si loossen. D'Wikipedia huet och e speziellt Format da soll respektéiert ginn, a Saachen déi korrekt do stinn, sollen net, wann ee mol net weess datt Persounen e bestëmmten Artikel an de Sätz kréien, geännert ginn.
Wa sou Tricken nach eng Kéier virkommen, da riskéiert den Artikel nees gespaart ze ginn, an eventuell de Schreiwer och. --2A02:A03F:A199:6C00:E0E3:5CC1:9C46:FC88 16:55, 5. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Moien monsieur,ech verstinn net ganz wat den Problem as.Den Jean Fetz dain Site as no menger Opfassung ,nach emmer dem Jean Fetz sain site.Wann dea als créateur,den site net up to date haalt oder mol net mat dem Jean Fetz an Kontakt sidd verstinn ech net Senn vum Superviséiren vun dem Site net
BG Lotzu (Diskussioun) 17:12, 5. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Dir schengt eng falsch Opfaassung vun der Wikipedia ze hunn. Eng Säit op der Wikipedia ass net, wéi Dir mengt, engem säi perséinleche Site. Wikipedianer brauche mat kengem e perséinleche Kontakt ze halen. Se reportéieren nëmme war allgemeng bekannt ass a wat mat Referenze beluecht ka ginn.
--2A02:A03F:A199:6C00:E0E3:5CC1:9C46:FC88 07:22, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Jo,dat as mea bekannt,dat heen den kurator vun Expoem,Supervisor as kann widerluet ginn,doweinst verstinn ech net firwat et geännert geuf Lotzu (Diskussioun) 16:51, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Jean Fetz (gebuer de 5. August 1957 an der Stad Lëtzebuerg) ass e lëtzebuergesche Moler, Pedagog, Kurator a Superviseur.
Bis zu senger Pensioun am Joer 2023 huet de Jean Fetz de Liewenshaff geleet, e sozialpedagogesche Projet fir jonk Leit mat Fokus op sozial a berufflech Integratioun. Gläichzäiteg war hie fir d’Iwwerstruktur Paerd’s Atelier zoustänneg ,eng privat Organisatioun am Kader vun engem CISP. Hien huet dës Struktur laangjäreg superviséiert a geleet,an no senger offizieller Pensioun seng strategesch a representativ Roll als President vum conseil d’administration bäibehalen. An enker Zesummenaarbecht mat den zoustännege Ministèren iwwerhëlt hien nach ëmmer Aufgaben, déi d'Weiderentwécklung vun der Struktur betreffen.
Fir säi laangjäregt Engagement am Beräich vun der Bildung an der sozialer Aarbecht gouf de Fetz mam Prix Janusz Korczak ausgezeechent , eng vun de bedeitendsten Éierunge vun der Fondation Kannerschlass. Ausserdeem gouf hie vum Groussherzog vu Lëtzebuerg mat der Distinctioun Commandeur de l’Ordre de Mérite geéiert, eng vun den héchsten nationalen Auszeechnungen.
Als Kënschtler ass de Jean Fetz Matgrënner a President vum conseil d’administration vum Lëtzebuerger Artiste Center (LAC), engem national aktive Konschtverband. Ënner senger Leedung gouf de Salon de Printempsan der Stad Lëtzebuerg zu engem zentrale Rendez-vous fir d’lëtzebuergesch Konschtzeen. Hien huet seng Wierker op villen nationale wéi och internationale Plaze presentéiert, dorënner zu Lëtzebuerg, Paräis, Bréissel, Stroossbuerg, Saint-Tropez an an anere Stied. Säi kënschtleresche Stil gëllt als expressiv, figurativ a symbolräich. Iwwer laang Zäit hat hien och en eegent Atelier zu Paräis a war am internationale Konschtëmfeld aktiv.
Als Kurator huet de Fetz a Kollaboratioun mat Ministèren, Gemengen a kulturellen Institutioune vill grouss Ausstellungen organiséiert. Zu de bekanntste Projeten zielen déi retrospektiv Expositiounen 100 Joer Lëtzebuerger Konscht a 50 Joer Lëtzebuerger Konscht, déi am Centre Barblé zu Stroossen gewise goufen
wat as un dem Text falsch? Lotzu (Diskussioun) 18:04, 5. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Merci, datt Dir op der Wikipedia experimentéiert hutt. Ären Test huet geklappt an e gouf verbessert, zeréckgesat oder geläscht. Wgl. benotzt d'Sandkaul fir all weider Tester an Experimenter. Kuckt Iech och eis Begréissungssäit un, wann Dir méi wëllt gewuer ginn, wéi een hei matschaffe kann.

Kurator

[Quelltext änneren]

A wat fir enger Institutioun ass den Här Fetz Kurator? --2A02:A03F:A199:6C00:E0E3:5CC1:9C46:FC88 07:15, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Den Herr Fetz as beim LAC als Président.Heen as Kurator vun greussen Ausstellungen Wéi 100 Joer Lëtzebuerger Konscht oder l‘art mosellaine,déi zur Feier vun 25 schengener accord réaliséiert geuf,vun denen et alles preuven an Bicher ginn. Lotzu (Diskussioun) 07:29, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Superviseur

[Quelltext änneren]

Wat ass dem Här Fetz seng Charge als Superviseur. Net all Terme deen op private Websäite gebraucht gëtt ka sou ouni weideres hei gebraucht ginn. Superviseur aleng ka fir verschidde Beräicher zoutreffen a setzt eng Formatioun dofir viraus. Huet hien eng spezifesch Formatioun dofir gemaach, oder eventuell eng Agregatioun kritt? --2A02:A03F:A199:6C00:E0E3:5CC1:9C46:FC88 07:15, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Den Jean Fetz geuf vum Minsiter Meisch héichst perséinlech mandatéiert den Projekt Liewenshaff an den Paerd‘s atelier ze superviséiren Lotzu (Diskussioun) 07:26, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Diddenuewen

[Quelltext änneren]

Wann do steet: Éischte Präis vum Salon Art et Couleurs zu Diddenuewen da brauch en Diddenuewen net mat Thionville z'ersetzen. D'Informatioun gëtt kee Su besser wann een de franséischen Numm vun der Stad dohinner setzt, et ass éischter de Contraire.

Et wier gutt wann der Iech bei äre sougenannten updaten a Verbesserungen un d'Struktur an un de Format vum Artikel géift halen, d.h. Iwwerschrëfte stoe loossen an déi spezifesch Ännerungen an zousätzlech Informatiounen an deem Kapitel maachen. Dir kënnt net einfach sou wurschtele wéi dir Iech dat virstellt. Kuckt Iech och mol vläicht aner Artikelen iwwer Persounen un. Den Introduktiounssaz soll sou stoe bleiwen. An deem Saz stinn déi zwou Haaptaktivitéiten. De Rescht gehéiert an déi repektiv Kapitelen. --2A02:A03F:A199:6C00:D0BE:914A:19F7:CD5D 14:35, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

ech hunn mech un d‘Struktur gehaal.Dat mat den Abschnitten as nei,an ech fannen ,dass heen eng kleng Introduction vum Herr Fetz maan kann an dann den Recht an déi Abschnitter.D‘Infobox soll am beschten d‘Aktivitéit als Erzéiher geännert,well dat seit Villen Joeren nemmei den Fall as,besser wear supervisor vum Paerd‘s atelier/Liewenshaff. Lotzu (Diskussioun) 14:39, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Dir hutt Iech net un d'Struktur gehalen d'Abschnitter stounge virun ärer leschter Ännerung do, an niewebäi hutt der och d'Kapiteliwwerschrëfte geännert. An der Infobox stinn d'Haaptaktivitéiten, säi geléierte Beruff ass Educateur a seng kënschtlerech Haaptaktivitéit ass Moler. Do solle keng Titelen derbäikommen déi op private Websäite stinn, well déi passen net ëmmer an d'Konzept vun den Explikatiounen op der Wikipedia. --2A02:A03F:A199:6C00:D0BE:914A:19F7:CD5D 14:53, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Geléierte as net den,den heen ausgeübt huet.Wann dea Kach geléiert hutt,an des Iech selbststänneg maacht als Elektriker,sidd dea dann nach emmer een Kach?Ech Mengen net Lotzu (Diskussioun) 14:55, 6. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Äre Kont gouf temporär gespaart an Dir kënnt näischt op der Wikipedia änneren. Inhalt vu Säiten ouni Grond läschen, pejorativ Bemierkungen iwwer aner Benotzer, muttwëllege Kabes an d'Artikele schreiwen a falsch Informatiounen uginn, gëtt als Vandalismus ugesinn an net toleréiert. Wann Dir intresséiert sidd, seriö hei matzeschaffen, da kënnt Dir dat nees probéieren, nodeems Är Spär ofgelaf ass.

Moien,

Är Ännerunge goufen zréckgesat well Dir et fäerdeg bréngt d'Format anzehalen, well der schlecht Lëzebuergesch schreift, a probéiert subjektiv Meenungen eranzebrengen. Datt en Educateur eng prezis Bezeechnung vun engem pedagogesche Beruff ass, schéngt Iech och net anzeliichten. Pedagog ass en Iwwerbegrëff deen net genee seet wat seng Aarbechtsfeld war. --Les Meloures (Diskussioun) 09:33, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Jo,well heen jo als villes aktiv war.ZB Formation zum Therapeut oder weu heen déi Institution geleet a supervisiéiert huet,mat engem ganz héigen Mandat.Weu waren dann Feeler?Ech wees net op do net villeicht een perséinlechen Problem mat dem monsieur as..bon dat geet mech jo naischt un,mee inhaltlech korrekt Informatiounen fort ze maan,fannen ech net seu gutt.
bg Lotzu (Diskussioun) 09:45, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Wann hien a villes aktiv war da soll dat korrekt detailléiert ginn, mat Quellen déi déi Ausso beleeën. Datt hie méi oder wéineger renomméiert ass, dat ass gewosst, soss géif et hei keen Artikel vun him ginn. Den Artikel hei gëtt et och wéineger wéinst senger berufflecher Aktivitéit wéi wéinst senger Molerei.
Ënner dem Titel Publikatiounen stoung:
  • 100 Joër Lëtzebuerger Konscht
  • 50 Joër Lëtzebuerger Konscht
  • Aspects de l‘art mosellan
  • Aspects de l‘art ardennais
Wou sinn déi Publikatiounen ze fannen. Ass do en Editeur oder eng ISBN-Nummer bekannt. Les Meloures (Diskussioun) 09:59, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
D‘Bicher geufen et ze kaafen.Ech hunn souguer dobaigeschriwwe ,dass dat alles nach méi detailléirt gemaa geff ginn,ech verfolgen den Jean Fetz seit puer Joer schon,genausou wéi Iech.Dat mam renomméierte Kenschtler,kann een man,seu geuf et och beim Maitre Vogel gemaa.An nee et ginn och relativ onbekannten Leit op Wikipedia.Dat mat der Mollerei as Quatsch,heen as bekannt fir déi 2 Saachen,soss wear heen net fir déi 2 Saachen geéiert ginn.
Ech respektéiren Iech an well keen Konflikt,mee einfach Fridden.
bg Lotzu (Diskussioun) 10:06, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
PS: inhaltlech korrekt Informatiounen wëll net onbedingt heesche enzyklopesch wichteg. -- Les Meloures (Diskussioun) 10:01, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Firwat dann net?Et as wichteg oder wat wear an earen Aan un Informatiounen onwichteg. Lotzu (Diskussioun) 10:06, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Et as enzyklopedesch relevant,wann et den Public betrefft n Artiklen verfaasst geufen,dat as do bei allem méi wéi den Fall Lotzu (Diskussioun) 10:12, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
D‘Bicher geufen et ze kaafen.
Souwäit wéi ech weess, koumen déi Bicher allkéiers bei den Ausstellungen mat demselwechten Numm eraus, a ware meeschtens Publikatiounen un deene méi Leit matgeschafft haten. Wann hei Wierker ernimmt ginn, da muss een och soen datt dat eng Gemeinschaftsaarbecht war an déi aner Auteuren och ernimmen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:33, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
seu geuf et och beim Maitre Vogel
Ech kann op dëser Wiki kee Saz fannen an deem de Gaston Vogel als renomméierten Affekot steet.--Les Meloures (Diskussioun) 10:36, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
ginn och relativ onbekannten Leit op Wikipedia
Wat ass relativ onbekannt an Ären Aen? --Les Meloures (Diskussioun) 10:38, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Keng Zeitungsartiklen.Keng „Bekanntheet“,respektiv net unerkannt. Lotzu (Diskussioun) 10:41, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
E Beispill wier do net schlecht. Da kéinte mer deen Artikel proposéiere fir ze läschen. --Les Meloures (Diskussioun) 10:47, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Nee,dat as menges Wessens net esou.Et ginn 1 Buch iwwer den Herr Fetz(Biographie),dann Bicher iwwer d‘Konscht an dann nach Bicher iwwer den LAC.Do hutt dier Iech net richteg informéiert.
bg Lotzu Lotzu (Diskussioun) 10:36, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Ech schengen dann awer e richteg Dommen ze sinn oder d'France Clarival litt wann et schreift:
Le livre de plus de 300 pages qui accompagne l’exposition ajoute des notices biographiques bienvenues, simplement classées par ordre alphabétique et quelques interviews. Des textes thématiques – sur l’histoire de l’art luxembourgeois (Paul Bertemes), la participation luxembourgeoise aux Biennales de Venise (Enrico Lunghi), sur la collection du ministère de la Culture (Claudine Hemmer et Lisa Baldelli) ou sur les duos d’artistes (Lucien Kayser) apporteront un éclairage complémentaire au grand public, la cible de cette exposition. Les Meloures (Diskussioun) 10:44, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Jo dat as een vun den Bicher,awer net all Buch heescht gleich. Lotzu (Diskussioun) 10:47, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Déi aner waren och net besser opgelëscht, en plus soll een et soen wann dat Buch eng Dokumentation iwwer eng Ausstellung ass Les Meloures (Diskussioun) 11:04, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
As dat bei all den Biicher seu?Nee Lotzu (Diskussioun) 11:07, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Wann der eent op der Wiki fonnt hutt wou dat net sou ass, dann hutt der Méiglechkeet fir an deem Artikel nozefroen. --Les Meloures (Diskussioun) 16:00, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Ok.Bezüglech zum Text wollt ech awer wessen,weu meng Feeler waren.
bg Lotzu (Diskussioun) 23:03, 22. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Ma da mol just ee Ee Beispill:

De Jean Fetz ass de Grënner vum Liewenshaff, engem Projet fir d’sozial a berufflech Integratioun vu jonke Mënschen, a Matgrënner vun der Daachorganisatioun Paerd’s Atelier, enger privater Struktur am Kader vum Centre d’insertion socio-professionnelle (CISP). Bis zu senger Pensioun am Joer 2023 huet hien dës Strukture geleet a superviséiert. Zanter 1990 ass hie Président vum Verwaltungsrot vun dem Paerd’s Atelier . Och no senger Pensioun ass hien an dëser Funktioun aktiv bliwwen a verantwort d’representativ a koordinéierend Aufgaben an der Zesummenaarbecht mat de zoustännege Ministèren.
Do huet der schonn nees d'Biographie déi chronologesch korrekt do stoung op d'Kopp gehäit.
Wann der dann den Text kuckt, da gesidd der, datt onnëtz Fettdréck drastinn.
De Päerd's Atelier (hutt der falsch geschriwwen) ass och keng privat Struktur et ass eng ASBL.
De Jean Fetz huet de Liewenshaff och net aleng gegrënnt et ass eng Struktur vum Päerd's Atelier
Et ass och keng Struktur am Kader vum Centre d'insertion socio-professionnelle (mat falschem Apostroph geschriwwen, sou wéi bei ville Wierder) , mä e gouf vu Mataarbechter vum Centre d'insertion socio-professionel gegrënnt.
Wann do steet datt e President ass, dann ass déi Situtioun jo kloer gestallt, a well e President ass, ass et d'office seng Missioun déi Veräiner oder Strukture vun deenen hie President ass, ze superviséieren (et sief e speziellen Organissem oder eng aner Persoun hätt déi Missioun vum Kommitte iwwerdroe kritt, ). Dat brauch dann net nach laang breetgetrëppelt ze ginn.
Wat d'Detailer vun deene Strukturen uggeet sou sollen déi an engem sonner Artikel behandelt ginn.
Artikelen op der Wikipedia sinn och net do fir Persoune speziell, wéi Dir iergendwou hei gesot hutt, ze würdegen. All subjektiv oder nuancéiert Meenungen hunn näischt hei veluer.
-Les Meloures (Diskussioun) 06:30, 23. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Dat as falsch.Den Jean Fetz gett als Mataarbeschter opgelescht,wat bedeit,dat heen dat beruflech superviséiert hutt.Den Liewenshaff as eppes anneres wéi den Paerd‘s atelier/Päerd‘s atelier.Et as een vun villen Projeten vu der Paerd’s atelier asbl.Den Paerd‘s atelier as privat,d‘asbl as seng Rechtsform,et as jo keen staatlechen Musée.BSP:MSF asbl,as privat.An dach et as ee CISP,dat huet den Herr Meisch och gesoot.Wat ech mat würdegen gemengt hu,hutt Dir och net verstaan,den Wikipedia-Site as extrem aal,hei ginn aal Informatiounen drop gemaa,déi 15 Joër aal si.Dat as definitiv net gutt an weist och nemmen een Brochdeel vun der Realitéit.Zudem as d‘Biographie korrekt,oder wat as do genau falsch?Feeler verbesseren as schnell gemeet.Aer „Aufgab“ as et menges Wessens no net korrekt inhaltlech Texter ze läschen,mee se am beschten Fall ze korrigéiren.Dat as net den Fall.Den Text as net up-to-date,anstatt hei emmer ze diskutéiren,wear et unbrued vielleicht och eng Hand unzepaaken,wann ee sech seu vill Suergen em desen Site mescht.
Bescht,fridlech Gréiss Lotzu (Diskussioun) 20:25, 23. Jul. 2025 (UTC)Äntweren

Feeler verbesseren

[Quelltext änneren]

Dir sot: Feeler verbesseren as schnell gemeet.

Keng Feeler schreiwen wier vill besser a spuert deenen anere Benotzer Aarbecht. Repetitiv ëmmer déi selwecht Feeler ze maache fängt un ze nerven. Wann der wëllt eppes hei derbäi setzen, da kënnt Dir dat och korrekt maachen, als Ergänzung zum Text deen do steet, an oni deen ze verschampléieren, an och ouni d'Iwwerschrëften ze verbesseren.

Den Liewenshaff as eppes anneres wéi den Paerd‘s atelier/Päerd‘s atelier.
Huet da schonn iergendeen eppes anescht hei behaapt?
Den Paerd‘s atelier as privat,d‘asbl as seng Rechtsform,
En ass privat an deem Sënn, datt et eng moralesch Persoun ass, déi privatem Recht ënnersteet.
Et ass awer schlecht ze schreiwen enger privater Struktur. Sou duergestallt kënnt dat eriwwer wéi wann déi Struktur a privaten Hänn wier. Dat ass jo awer net de Fall.
Ech hat hei geschriwwen: Et ass och keng Struktur am Kader vum Centre d'insertion socio-professionnelle (mat falschem Apostroph geschriwwen, sou wéi bei ville Wierder) , mä e gouf vu Mataarbechter vum Centre d'insertion socio-professionel gegrënnt.
Do hat ech mech veschriwwen et sollt sinn: gouf vu Mataarbechter vum Centre d'Intégration Scolaire gegrënnt. Mä egal wéi, déi Informatioun gehéiert an en Artikel sief et iwwer de Liewenshaff oder de Päerd's Atelier.
An dach et as ee CISP,dat huet den Herr Meisch och gesoot.
Ass et dann elo e CISP oder ass et wéi der vidru geschriwwen hutt eng Struktur am Kader vum Centre d’insertion socio-professionnelle. An dann och nach, da géif dat och an dee respektiven Artikel gehéieren. Dofir gëtt et jo d'Wikilinken déi dann op déi respektiv Artikele verweisen, an deenen dat am Detail erkläert gëtt.
--Les Meloures (Diskussioun) 08:39, 24. Jul. 2025 (UTC)Äntweren
Centre d’insertion socio-professionnelle=CISP.Jo,verschidde Feeler goufen gedchriwwen,mee dofir muss een net ee ganzen Text fortmaan.Dat dass en vun anneren matgegrennt geuf as richteg,mer den den et ausgebaut huet as den Herr Fetz,well iwwer déi anner soss an kenger Art an Weis méi eppes steet->Schlesselpersoun.Ech hunn jo och net alles fort gemaa.Déi Informatiounen déi am Unfank do stoungen,waren am Text dran. Lotzu (Diskussioun) 11:58, 24. Jul. 2025 (UTC)Äntweren